Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Lëtzebuerg an Éisträich stelle sech géint eng Renaissance vun der Atomenergie
International Money Stories

Lëtzebuerg an Éisträich stelle sech géint eng Renaissance vun der Atomenergie

Den Ausbau vum ungareschen Atomkraaftwierk PAKS II huet zu enger

Réimech seet d‘Kavalkad of
International Money Stories

Réimech seet d‘Kavalkad of

No der „Escher Fuesent“ ass et och um Réimecher Fuesent-Comité

Den neie President vun der Gesondheetskeess – Christian Oberlé
International Money Stories

Den neie President vun der Gesondheetskeess – Christian Oberlé

Ab dem 1. November 2018 ass den Christian Oberlé den

money

Versprieche gehalen: US-President setzt Baisse vun de Steieren duerch

Versprieche gehalen: US-President setzt Baisse vun de Steieren duerch

Den amerikanesche President Donald Trump huet um Mëttwoch a Wäissen Haus gefeiert. Seng éischt „Reform“ huet hien duerchgesat kritt, nodeems de Kongress déi gréisste Baisse vun de Steieren zanter 31 Joer gestëmmt hat.

Mir hunn all Rekord gebrach“ esou den US-President an de Gäert vum Wäissen Haus, ëmgi vun enger Dose republikanesch Volleksvertrieder. „Et ass déi gréisste Steiersenkung an der Geschicht vun eisem Land. An d‘Parlamentarier haten e Laachen am Gesiicht, zefridden och e Versprieche gehalen ze hunn, dat och si ginn haten.

De Succès huet dann nach en agreabelen Nieweneffekt: d‘Majoritéit an de President schéngen sech nees ze verdroen. Dat war, nodeems d‘Reform vum Gesondheetsgesetz d‘Bach ofgaange war laang net de Fall.

Se sinn nees frou mam Milliardär

De Paul Ryan, republikanesche President vum Representantenhaus: „Esou eng grouss Saach, esou nohalteg, esou déifgräifend, hätt ni kënnen erreecht ginn ouni ee groussaartege Leadership. Merci Mister President, datt dir eis iwwert d‘Zil geleet hutt“. A un d‘US-Bierger nach e Message: „Är Steiere ginn erof an är Pai klëmmt“.

Mee déi richteg grouss „Baisse“ betrëfft d‘Besteierung vun den Entreprisen, wou de Steiersaz vu 35 op 21% zréckgeet. Dat gëllt ab 2018 an de Milliardär ass sichtlech zefridden. „Dat bedeit, datt d‘Entreprisen zréck kommen“, hummert den Donald Trump „Mir ginn Amerika seng Gréisst zréck“.

Allerdéngs ass dës Steiersenkung och eng Wett op d‘Zukunft. Se kascht d‘Amerikaner déi nächst zéng Joer mindestens 1.500 Milliarden US-Dollar, déi bei den Defizit vun den USA nach emol an d‘Luucht dreift. Mee bei de Republikaner geet een dovunner aus, datt dës Mesure sech nohalteg op de Wirtschaftswuesstem auswierkt.

Hei geet een dann och vun engem Wuesstem ëm déi 3% aus, deen natierlech och méi Steieren an de Staatshaushalt abréngt. D‘Analyste bleiwe skeptesch a fäerten, datt déi duerch de Wuesstem generéiert Steieren nëmme bedéngt den Defizit ka kompenséieren. An och de Paul Ryan huet op NC gemengt: „Kee kennt d‘Äntwert op dës Fro“.

Déi äermst hu sécher näischt dervun

Dem Donald Trump seng Steierreform trëtt ab 2018 a Kraaft an huet fir d‘Republikaner nach eng weider Bedeitung. D‘Steierreform ass e ganz gutt Argument bei de Wieler, wann et drëms wäert goen dem Milliardär op neits hiert Vertrauen zoukommen ze loossen. Heibäi gëtt un d‘Legislativwahle vum November geduecht.

Awer am Moment sinn d‘Bierger nach eenegermoosse skeptesch. Laut engem Sondage vu CNN, sinn zwee Drëttel vun den Amerikaner der Meenung, datt d‘Steiersenkung méi de Räichen entgéint kënnt wéi der Mëttelklass. En Argument datt d‘Demokrate säit Woche vertrieden.

De Paul Ryan ass awer iwwerzeegt, datt „d‘leit wäerten hir Meenung änneren“. Schonn ab Februar kënnen d‘Bierger op hirem Paiziedel den Effet „Steierreform“ mat eegenen Ae gesinn. An der Moyenne, esou d‘Rechnung vum „Tax Policy Center“ bezuele d‘Familljen op d‘Joer 1.600 US-Dollar manner Steieren.

Interessant zréckzebehalen ass och de Fait, datt entgéint der leschter grousser Reform vu 1986, net een eenzegen Demokrat zougestëmmt huet. Déi republikanesch Majoritéit huet ganz eleng dëst Wahlverspriechen duerchgeboxt. Nëmmen 12 vun den 239 Republikaner waren am Representantenhaus dergéint, am Senat net een eenzegen.

Wann d‘Chrëschtkëndche vrun der Dier steet

Am Text vun der Steierreform ass dann och eng grouss Fuerderung vun de konservativen enthalen: d‘Ofschafe vun enger Geldstrof déi den Amerikaner duerch „Obamacare“ operluecht ginn ass, wann se net cotiséiert hunn.

Domatter sollt een d‘Amerikaner beweegt kréien ze hire Bäitrag ze leeschten. An elo wou d‘Republikaner d‘Häerzstéck vum Gesondheetsgesetz aus dem Joer 2010 erausgerappt hunn, schëffen se nei Hoffnung Obamacare ganz lass ze ginn. Op et duer geet d‘Demokraten zu enger „Reform“ ze zwéngen, dat sief dohinner gestallt. Den US-President ass awer iwwerzeegt: „Mir hunn Obamacare am grousse ganze suppriméiert“.

Elo enthält den Text dann och nach d‘Ouverture vum geschützte Gebidder an Alaska. Hei geet primär drëm, de Pëtrolsfirmaen nees Zougang ze ginn, fir datt nees kann nom „schwaarze Gold“ gebuert ginn.

Fir d‘Demokraten ass dës Steierreform e Geschenk vum Chrëschtkëndchen, mee net wierklech fir d‘Mëttelklass. „D‘Steiergesetz vun de Republikaner bestäteg eenzeg, datt si d‘Partei vun de Räichen a vun den Entreprisen ass“, esou den Chuck Schumer, Chef vun der Oppositioun am Senat.

An elo wou de Steierdossier esou gutt wéi ofgewéckelt ass, bleiwen dem Locataire aus dem Wäissen Haus dräi Deeg fir e grousse Kompromëss mat der Majoritéit an der Oppositioun ze fannen. E Kompromëss zum Budget. Dat ass schonn dowéinst wichteg, well wann de Kongress net viru Freideg Mëtternuecht d‘Kreditter stëmmt, ginn dem Staat d‘Suen aus an e misst „seng Dieren zoumaachen“. Dat kéint dem Donald Trump d‘Joresenn nach versauen…

Et reent Primmen an den Entreprisen

No bekannt ginn, datt d‘Steierreform ugeholl ginn ass, hu grouss US-Entreprise wéi AT&T, ComCast oder d‘Banke Wells Fargo a Fifth Third Bancorp ugekënnegt, Mesure fir hir Salariéeën ëmzesetzen. Et gesäit – zumindest bei de genannten – aus, wéi wann et fir dausende Beschäftegt méi Geld géif ginn.

An engem Communiqué vun AT&T steet: „Eng Kéier d‘Reform ënnerschriwwen, gesäit AT&T vir 2018 eng weider Milliard US-Dollar an den USA ze investéieren. Doriwwer eraus ass virgesinn e gesënnerte Bonus an héicht vun 1.000 US-Dollar un 200.000 Employéeën auszebezuelen“.

De Fall gesat „de President ënnerschreift d‘Gesetz nach viru Chrëschtdag, erhalen d‘Employéeën de Bonus nach an der Vakanz“, esou de Randall Stephenson, PDG vun AT&T. Deen hat nach viru knapp engem Mount kee gutt Hoer un der republikanescher Presidence gelooss. Grond: de Justizministère hat sech enger Fusioun vun AT&T mat Time Warner opposéiert.

Fir den Donald Trump, deen der Meenung war an ass, datt „dës Fusioun net gutt fir d‘Land ass“, huet d‘Ukënnegung vun AT&T gefreet. „Dat ass éischter gutt“, huet den US-President virum Wäissen Haus gesot, wéi him den Inhalt vum Communiqué matgedeelt ginn ass.

De Stonneloun soll och klammen

Bei Fifth Third Bancorp soll de Stonneloun op e Minimum vu 15 US-Dollar gehuewe ginn. Och hei soll et eng Prime vun 1.000 US-Dollar fir iwwer 13.500 Mataarbechter ginn. Wells Fargo gëtt bekannt, datt si beim Stonneloun de selwechte Wee wäerte goen, mee och Done fir karitativ Organisatioune a Veräiner an héicht vu 400 Milliounen US-Dollar virgesinn hunn.

A Boeing ass iwwerzeegt, datt d‘Steierreform der Kompetitivitéit entgéint kënnt an e positiven Effekt op d‘Entreprise a seng Employéeën huet. Boeing deelt mat, datt e gedenkt 300 Milliounen US-Dollar a karitativ Projeten, d‘Formatioun vum Personal an Aarbechtskonditiounen ze „investéieren“.

De Kabel-Operateur ComCast huet sech der Prime vun 1.000 US-Dollar fir all d‘Mataarbechter och ugeschloss. Eng Entscheedung déi nëmmen zum Deel der Steierreform geschëlt ass, a villméi an Zesummenhang ze bréngen ass, datt d‘FCC (dat US-Organ dat d‘Telekommunikatioun reguléiert) sech entscheet huet dem Prinzip „Netzneutralitéit“ en Enn ze maachen.

Bréissel gewinnt „besuergt“

Nach um Mëttwochowend huet d‘EU matgedeelt, besuergt ze sinn, wat verschidden Dispositioune vun der US-Steierreform betrëfft. Bréissel deit un, datt ee sech „all méiglech Mesure géif iwwerleeë“ falls d‘Reform wéi virgeluecht géif ëmgesat ginn.

Déi europäesch Exekutive huet also Notiz vun der Reform geholl, a muss sech elo de Gesetzestext am Detail ukucken. Eng Dispositioun konnt mëttels „intensive Gespréicher aus dem Text „gestrach“ ginn, mee laut der EU-Kommissioun stellen nach zwou Dispositioune e Problem duer.

Heibäi handelt et sech ëm Deductioune fir de Benefice „op auslännesch Derivater“ wéi der Dispositioun déi eng Erosioun vun der fiskaler Basis fir US-Entreprise soll verhënneren. Eng Mesure déi zu Bréissel als diskriminatoresch bezeechent gëtt.

D‘EU-Kommissioun muss sech also eng Äntwert iwwerleeën, well datt d‘Amerikaner nach emol un der Steierreform géife fréckelen, just well se zu Bréissel net alles gutt fannen, dat wäert net geschéien. Datt dann awer d‘Spriecherin vun der Kommissioun mengt „All d‘Optioune leien um Dësch“, dierf een als „optimistesch Ausso“ bewäerten.

Richteg ass allerdéngs, datt d‘USA sech musse vergewësseren, datt d‘Steierreform „net diskriminatoresch ass an och konform mat de Verflichtungen am Kader vun der Welthandelsorganisatioun (WTO) geet. Zudeem mussen sech d‘Amerikaner un den internationalen Norme vun der „gudder Steier-Gouvernance“ ausriichten.

Erënnere mer dann nach kuerz drun, datt d‘Finanzminister vun Däitschland, Frankräich, Groussbritannien, Italien a Spuenien, dem US-Staatssekretär Steven Mnuchin e Bréif geschéckt haten, an deem si hire Suerge fräie Laf gelooss haten. Si waren der Meenung, datt verschidden Dispositiounen net am Aklang mam Ofkommes zu der duebeler Besteierung stinn, an dem internationalen Handel net entgéint kommen.

mam Ivan Couronne/AFP

Foto: Esou straalt en US-President dee seng éischt politesch Victoire, no engem Joer Amtszäit erziilt huet. Datt d‘Gewënner déi Räich sinn, an och seng „Famill“ bis zu enger Milliard US-Dollar spuert, dat wäert nach eppes dauere bis et bei alle Bierger ukomm ass. © Saul Loeb/AFP

Ähnlech Sujeten Donald Trump, EU-Kommissioun, Steierrefrom, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel