Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Den „Eschlescher“ vun der Sauer
International Neiegkeeten

Den „Eschlescher“ vun der Sauer

Wat engem am klenge Geschäft – an natierlech och um

D’Europäesch Unioun erkläert – vum CGP Grey
International Neiegkeeten

D’Europäesch Unioun erkläert – vum CGP Grey

WEIDER ARTIKEL ZUM THEMAEt ass Autofestival… an dir wëllt aus

IWF an Weltbank: Pierre Gramegna zu Washington D.C.
International Neiegkeeten

IWF an Weltbank: Pierre Gramegna zu Washington D.C.

De Lëtzebuerger Finanzminister Pierre Gramegna war vum 11. bis den

US-President mat Däitschland onzefridden

Well Berlin sech weigert seng Verdeedegungsausgaben ze erhéijen, erdeelt de den Donald Trump dësen elo eng Lektioun a militäresche Wirtschaftsfroen. Washington wëll seng Truppen op 25.000 Zaldote reduzéieren.

US-President mat Däitschland onzefridden

Däitschland wier ee vun de wéinegen NATO-Partner dee sech net derzou bereet erkläert hätt, dat eegens festgeluechten Zil bei de Verdeedegungsausgaben ze erfëllen. Den Donald Trump geet bis zur Behaaptung, datt Berlin mat senge Beiträg stänneg a Verspéidung ass an der NATO esou géif Milliarden US-Dollar schëllegen an déi missten en bezuelt ginn. Wourunner mécht deen dat fest?

Bei der NATO war op massivem Drock vun den USA dat sougenannten „2%-Zil“ ausgeruff ginn, an doranner ass virgesinn, datt d‘Memberlänner alleguerten (och Lëtzebuerg, wat eng Rei Decisioune vun eisem Vizepremier François Bausch erkläert) sech deem bis 2024 unzehuelen. Anescht erkläert: D‘Länner sollen 2% vum Bruttoinlandprodukt (BIP) an Arméi a Rëschtungsmëttel stiechen.

Eis däitsch Noperen hunn dann och an de leschte Joren hir Ausgabe massiv erhéicht, mee och mat feelgeschloenen oder besonnesch deieren Investitiounen, huet 2019 den Undeel bei nëmmen 1,38% vum BIP geleeën. Fir den Trump wier dat alles dem schlechte Wëlle geschëlt, a‘gëschter war hien dann och nach der Usiicht, datt 2% fir Däitschland eigentlech bei wäiten net géifen duer goen.

Et stécht méi derhannert

Mee den Donald Trump huet nach weider Grënn fir d‘Truppestäerkt vun elo ronn 34.500 op dann, 25.000 US-Zaldoten ze reduzéieren. Esou ass do jo och nach de Gaspipeline-Projet NordStream2, mat deem russescht Gas beim ëmgoe vun der Ukrain a Polen, soll an d‘Unioun agefouert ginn. Hei hunn d‘USA bekanntlech de matwierkenden Entreprise Sanktiounen ugedreet an déi hunn opginn.

Den US-President ass zimmlech veriergert, datt Berlin de Russe Milliarde fir Energie bezilt (an net de Flësseggas aus den USA keeft) a stellt fest datt d‘USA trotz dëser Feelentscheedung, Däitschland sollt viru Russland schützen. Esou géif dat awer net funktionéieren, mengt zumindest den Donald Trump. An dann ass do och nach den Opbau vun engem europäesche Verdeedegungsprojet

A wann ee scho bei de Virwërf ass, dierf nach drun erënnert ginn, datt d‘USA hiren däitsche Partner och nach ënnerstellen, si beim Handel iwwert den Dësch ze zéien. Dobäi sinn et d‘Verhandlunge mat der EU (also eigentlech mat Bréissel) déi net esou lafen, wéi hien dat gären hätt. Dat erkläert datt den Truppenofzuch op kenger strategescher Grondlag fundéiert, mee eng Tockskäppegkeet ass.

Destinatioun Polen

D‘Argument: „Dat sinn alles gutt bezuelten Zaldoten (?). Si liewen an Däitschland. Si gi vill vun hirem Geld an Däitschland aus. (…) Bis si (Berlin) bezuelen, zéie mir eis Zaldoten of, en Deel vun eisen Zaldoten“; a de Beweis, datt et dem US-President eigentlech eenzeg an eleng drëms geet, hei wirtschaftleche Schued unzeriichten. Elo gëtt et eescht ze huele Rumeuren, datt Polen profitéiert.

Mee ganz esou einfach ass dat dann awer och net. Gutt de polnesche Ministerpresident Mateusz Morawiecki hat séier erkläert, datt säi Land Plaz hätt fir déi iwwerzieleg US-Zaldoten opzehuelen. An tatsächlech sinn d‘Polen scho länger beméit, eng erweidert US-Militärpresenz am Land hin ze kréien. De polnesche Regierungschef weess awer och, datt et net den Ament mat Berlin ze streiden.

Esou huet dësen zu de Pläng vum US-President gemengt: „Polen beméit säit laangem, fir eng Erweiderung vun der US-Militärpresenz. Et ass awer net eis Absicht, dëst Zil op Käschte vun enger Reduzéierung vum US-Kontingent an Däitschland ze erreechen“. Woubäi d‘Polen et scho gären hätten, wann d‘USA d‘Ostflank vun der NATO, an esou Europa virun de Russe géife schützen.

mat indymedia/nyc/ber/waw

Foto: Leschte Samschdeg huet den Donald Trump 1.107 nei Offizéier zu West Point vereedegt. © White House

Ähnlech Sujeten Däitschland, Donald Trump, NATO, Polen, Truppenofzuch, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel