Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Den US-Ausseminister verdeedegt geeschtegen Zoustand vum Trump
free online dating no money involved Neiegkeeten

joe and mj dating

No der Verëffentlechung vun engem Buch, dat sech mat de

https://moien.lu/dating-a-russian-american/
free online dating no money involved Neiegkeeten

City Breakfast: Wanter, Mobilitéit a virtuell Realitéit

Beim Kaffi um Mëttwochmueren, war et eng gutt gelaunte Buergermeeschtesch,

Eng Rees ënnert engem grousse Schied
free online dating no money involved Neiegkeeten

Eng Rees ënnert engem grousse Schied

Aktuell dänzelt eise Premier, de Xavier Bettel, duerch San Francisco

Digitalsteier: US-President dreet de Fransouse mat „Géigemoossnamen“

Digitalsteier: US-President dreet de Fransouse mat „Géigemoossnamen“

Nodeems viru 14 Deeg den amerikaneschen Handelsbeoptragte Robert Lighthizer annoncéiert hat, datt d‘Trump-Administratioun déi franséisch Besteierung vun de GAFA analyséiere géif, huet sech elo och den Donald Trump zu Wuert gemellt. Fir de Milliardär ass déi vu Paräis beschlosse Steier „eng Dommheet“ déi no „Géigemoossnamen“ jäizt.

Am dem Wäissen Haus hunn se eng Stellungnam zum Donald Trump sengem Tweet erausginn: „D‘USA si wéinst der Entscheedung vu Frankräich, eng Steier op Käschte vun US-Entreprisen an Salariéeën anzeféieren, extrem enttäuscht“. De franséische Senat hat den 11. Juli d‘Besteierung vun den digitale Rise beschloss.

Frankräich ass dat éischt EU-Land dat sech zu dëser Fiskalmoossnam duerchgerongen huet. Och Bréissel geséich et gären, datt d‘Wirtschaftsacteuren aus der digitaler Welt Steiere bezuelen, mee hei stellt ee sech dann awer éischter eng global Léisung vir. Eng Positioun déi och vum Lëtzebuerger Finanzminister Pierre Gramegna verdeedegt gëtt.

Paräis léisst net labber

Wéi geet et elo weider? Den Donald Trump, deen sech gäre u Symboler vergräift, huet a sengem Tweet de franséische Wäin ugeschwat an notéiert datt den amerikanesche Wäi souwisou besser wier. Dat soll wahrscheinlech drop hiweisen, datt et zu Douanestaxen op de franséische Wäi komme wäert. A wéi héich déi „Stroftax“ ausfale soll ass nach net gewosst.

Eng Äntwert huet de Locataire aus dem Wäissen Haus dann och schonn erhalen. Déi koum vum franséische Wirtschaftsminister Bruno Le Maire a war esou kuerz wéi däitlech: „Frankräich wäert seng national Entscheedungen ëmsetzen. (…) Déi universell Besteierung vun digitalen Aktivitéiten ass eng Erausfuerderung fir eis all“.

Frankräich hat, wëll Europa den Ament an dësem Dossier einfach net viru kënnt, „eesäiteg“ dës Digitalsteier agefouert. Wann an éischter Linn vun den international aktiven Internetkonzerner – déi sougenannte GAFA (Google, Amazon, Facebook an Apple) – rieds ass, esou bezitt sech d‘Steier ob all Entreprise déi méi wéi 25 Milliounen Ëmsaz a Frankräich maachen.

Eng global Léisung wier wënschenswäert

Et geet heibäi ëm 3%, an domadder wieren déi „GAFA“ nach ëmmer wiesentlech besser gestallt wéi all Handwierksbetrib a Frankräich. Héiert ee sech dem Donald Trump säi Gejéimers un, huet een awer éischter d‘Gefill, wéi wann déi genannte Konzerner doduerch en immense Schued erleide géifen. Datt et de Konsument ass dee bezilt, kënnt him net an de Sënn.

Zudeem sollt ee Bedenken, datt Steiere gebraucht gi fir grondsätzlech staatlech Servicer – an do sinn net nëmme Bildung a Gesondheet gemengt – ze finanzéieren. Et ass jo den Donald Trump dee Verlaangt, datt d‘NATO-Partner 2% vum BIP an d‘Verdeedegung stieche sollen. Dat Geld muss jo awer vun anzwousch hierkommen…

Sécher wier et besser a wënschenswäert wann et zu enger internationaler Léisung kéint kommen. Frankräich wëll sech jo och beim G7 an um Niveau vun der OECD dofir asetzen, mee bis et esouwäit ass, geet Paräis säin eegene Wee. Stellt sech d‘Fro ob et dem Donald Trump duer geet de franséische Wäin ze besteieren, oder et generell géint EU-Importer geet…

mat indymedia/was

Foto: Heike Schauz/Pixabay

Ähnlech Sujeten Bruno Le Maire, Digitalsteier, Donald Trump, Douanestaxen, Emmanuel Macron, GAFA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel