Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Katalounien brennt
International Meenung Neiegkeeten

Katalounien brennt

Am Hannerland vu Katalounien, net wäit ewech vun Tarragona hunn

Hurrikan Dorian: Vun der Karibik bis an den héijen Norden
International Meenung Neiegkeeten

Hurrikan Dorian: Vun der Karibik bis an den héijen Norden

Immense Schued op de Bahamas, Chaos un der amerikanescher Ostküst

Beneficiaire vum internationale Schutz hunn och Rechter
International Meenung Neiegkeeten

Beneficiaire vum internationale Schutz hunn och Rechter

Zum Optakt vun der Presentatioun vum Rapport vun der Consultativer

Kommentar: Feindséilegkeeten „à la Carte“ – US-President dréit op der Felg

Kommentar: Feindséilegkeeten „à la Carte“ – US-President dréit op der Felg

Dem selwer ernannte „Krichspresident“ Donald Trump feelt et net Feindbiller, dofir awer zolidd un diplomateschem Geschéck. Esou huet hien sech ee Mëttwoch, mangels Erfollegsmeldunge vun der „Front“ nees mat den „eigentlech um alles schëllegen“ beschäftegt.

Hien ass sengerzäit mam Usproch ugetrueden, aus de Vereenegte Staate vun Amerika, nees eng vun der ganzer Welt beneiten Natioun ze maachen: Make America Great Again (MAGA). En Zil, dat aus der Siicht vum Milliardär nëmmen um Grondsaz vun „America First“ ze erreechen ass. Esou huet sech den Donald Trump laang virun der Covid19-Kris, mat zimlech jidderengem ugeluecht.

Elo an enger Zäit, wou de globalen „Zesummenhalt“, zumindest fir d‘Mënschheet existenziell gëtt, Feindséilegkeeten net ubruecht sinn, leien dem gréissten a mächtegste Mann vun der Welt seng Nerve blank. Hie schléit – zum Gléck nëmme verbal – wéi Dabo ëm sech an erweist sech, zum Schued vun der eegener Bevëlkerung, als eng bal gréisser Gefor wéi de Coronavirus Covid19.

Hir beleidegt an denigréiert an den deegleche Pressekonferenzen ëmmer méi oft a ganz onverhuele Journalisten, vergräift sech verbal un den eegene Verwaltungen, fiert sengem eenzeg reellen Expert, Anthony Fauci, bestänneg iwwert de Mond, an huet vun de Chinese bis hinn zu den Europäer scho wierklech jidderengem ënnerstallt, Schold un der dramatescher Situatioun vun den USA ze hunn.

De presidentielle Mobbing

Seng bis ewell lescht Attack, déi allerdéngs net vu schlechten Elteren ass, riicht sech elo géint d‘Weltgesondheetsorganisatioun (WHO). Dëser Institutioun, déi schonn Ufank Januar op de Risk vun enger pandemescher Longekrankheet higewisen huet – eng Meldung déi sech och de Medie verbreet awer kaum Opmierksamkeet op sech gezunn huet – ginn elo zolidd Virwërf gemaach.

De Milliardär mam Charisma vun enger Hongersnout behaapt an aller Ëffentlechkeet, datt d‘WHO dat Ganzt vermasselt huet, wichteg Informatiounen ënnerschloen an sech zum Sproochrouer vun der Volleksrepublik China gemaach hätt. Hie wier ënnert dësen Ëmstänn net méi gewëllt, dat vun den US-Steierzueler haart erschaffte Geld, enger him feindlech gesënnter Organisatioun ze ginn.

Washington beabsichtegt also d‘US-Beiträg un d‘Weltgesondheetsorganisatioun anzebehalen. Hei muss een dann awer wëssen, datt sech d‘WHO wuel nëmmen zu ronn 25% aus dem normale Budget alimentéiert, an d‘USA mat gutt 120 Milliounen US-Dollar de gréisste Beitrag leescht. De chinesesche Beitrag bedréit net emol d‘Hallschent vun dëser Zomm. Och dat sollt gewosst sinn.

Chronesche Geldmangel

Richteg ass allerdéngs och de Fait, datt d‘Weltgesondheetsorganisatioun chronesch ënnerfinanzéiert ass. De Budget vun der WHO läit wäit ënnert där am Lëtzebuerger Staatshaushalt zougewisen Enveloppe fir eist Gesondheetswiesen. Nieft den obligatoresche Beiträg, kritt d‘WHO awer och nach fräiwëlleg Zouwendungen, déi allerdéngs schwanken an sinn oft geziilte Projete gewidmet.

US-PresidentD‘WHO kann dann elo och déi vum Donald Trump lancéiert „Kampfuso“ net ignoréieren. Zu Genève ass ee sech am kloren- an et gëtt genuch Beispiller – datt de Locataire senge Wierder och ëmmer Dote Follege léisst. Zudeem gëtt et am ganzen Ëmfeld vum Krichspresident keen eenzegen onofhängege Kapp, deen derzou bäidroe kéint, d‘USA vum Austrëtt aus der WHO ofzehalen.

Eppes Réckhalt, oder sollt een hei scho vun Trouscht schwätzen, gëtt et vun der héchster Instanz. Esou huet den UN-Generalsekretär Antonio Guterres der WHO bescheinegt, bis heihinner gutt an séier geschafft ze hunn. Hir Recommandatiounen, Warnungen a prekoniséiert Moossname sinn zäiteg virgeluecht ginn, an och elo wieren all d‘Servicer voll ëmfänglech operationell.

Amerikanesche Solo-Programm

Datt d‘WHO, déi hire Sëtz zu Genève huet, am Kontext vun der Pandemie gutt a richteg agéiert huet, datt ënnerschreiwen esou och déi allermeeschte Membere vun der Organisatioun. Et gëtt kaum Länner déi dem Milliardär säi rhetoresche Feelschlag géifen appreciéieren. D‘Transparenz, wéi och den Informatiounsaustausch säitens der Weltgesondheetsorganisatioun, wie virbildlech, heescht et.

A wat de Virworf ugeet, d‘WHO hätt sech „pro-chinesesch“ opgestallt, esou bezitt sech dës Lige méi op de Schlagaustausch, dee sech de Milliardär säit sengem Amtsuntrëtt mat Peking leescht. Et ass awer och richteg, datt d‘WHO eng Regierungsorganisatioun, also keng ONG ass. Richteg ass och, datt Peking säi „Gewiicht“ an allen UN-Beräicher zur Geltung bréngt, wat och eng Roll spillt.

Datt d‘WHO beim Ausbroch vun der Pandemie déi chinesesch Regierung gelueft huet, sollt een hei awer net op d‘Wo leeën, ëmmerhin ass et och drëms gaangen, Peking zu enger ëmfaassender Zesummenaarbecht am Kampf géint de Coronavirus ze motivéieren. An et muss engem och nach kloer sinn, datt d‘WHO keng politesch, mee technesch UN-Organisatioun ass, wat erhieflech ass.

Wien elo an dëser weltwäiter sanitärer Kris d‘Weltgesondheetsorganisatioun zum Spillball vu muechtpoliteschen Absichten an Animositéite mécht, begeet ee Verbriechen un der Mënschheet. Mee all déi Länner mat desolaten oder guer net existente Gesondheetssystemer, sinn ob d‘Hëllef vun der WHO ugewisen. Awer och hei bleift et der derbäi: „De Profit steet iwwert dem Mënsch“…

mat indymedia/was/gva

Ähnlech Sujeten China, Coronavirus, Covid19, Donald Trump, Feindbiller, Mobbing, USA, Weltgesondheetsorganisatioun, WHO
Nächsten Artikel Virrechten Artikel