Search

You may also like

Sorry, Donald, mee esou funktionéiert et net
International Neiegkeeten

Sorry, Donald, mee esou funktionéiert et net

Et misst ee laang sichen, fir een ze fannen, dee

SIREN’S CALL 2019 – Metronomy, Cat Power, Band of Horses a villes méi!
International Neiegkeeten

SIREN’S CALL 2019 – Metronomy, Cat Power, Band of Horses a villes méi!

De Siren’s Call Music & Culture Festival, mat senge multidisziplinären

money
Däitschen Aarbechtsminister wëll e legale Kader fir Homeoffice schafen
International Neiegkeeten

Däitschen Aarbechtsminister wëll e legale Kader fir Homeoffice schafen

Mam „Mobile-Arbeit“ Gesetz wëll den däitschen Aarbechtsminister Hubertus Heil den

Den US-President animéiert zum duebele Vott

Hien ass ustrengend, rassistesch a misogyn n elo wëll hie seng Fans zu eng Strofdot ermonteren

Den US-President animéiert zum duebele Vott

Datt de Locataire vum Wäissen Haus eng zolidd mat der Dänn huet ass gewosst. Hien huet jo scho kloer drop higewisen, datt de Géigner nëmmen d‘Wahle gewanne ka wann dëse fuddelt, firwat et gutt Aussiichten op en hëtzegen November gëtt. A säi leschte Virstouss, geet dann och genee, fir net ze soe „geziilt“ an déi selwecht Richtung.

Am Kontext vun de fir den 3. November ugesaten US-Presidentschaftswahlen, huet den Donald Trump d‘Wieler zum duebele Vott opgeruff. Esou en Akt ass strengs verbueden an d‘Strofen dofir entspriechend héich. Mee de Milliardär huet natierlech ee ganz gudde Grond, besonnesch seng Fangemeinschaft zu dëser Gesetzesiwwertriedung ze animéieren: d‘Bréifwahl ass jo Bedruch.

US-PresidentFir also sécher ze goen, datt deenen déi zu gudder lescht iwwerhaapt wielen dierfen, och hir Stëmm – méiglechst eng republikanesch – gezielt kréien, sollten d‘Leit eng kéier per Bréifwahl ofstëmmen an dann nach emol an de Wahlbüro goen. Argument: „Wann de System esou gutt ass wéi behaapt gëtt, dierft et no der Bréifwahl net méi méiglech sinn am Büro ze stëmmen“, seet den US-President.

Dësen Appell huet de Milliardär mam Charisma vun engem russesche Gasverkeefer un d‘Wieler a North Carolina geriicht, nodeems hie vun engem Lokalsender gefrot gouf, fir wéi sécher hien de Wahlsystem vum Bundesstaat géif halen. Klenge „Fun-Fakt“: den Donald Trump a seng Madamm hunn sech a Florida zur Bréifwahl ugemellt. En „Nee zur Bréifwahl“ sollt anescht ausgesinn.

Zolidd vum Lämmes gebass

Mat dësem zweiwelhaften Appell féiert den US-President seng Campagne géint eng Bréifwahl elo awer weider. Beweiser fir déi Insanitéiten déi de Milliardär vu sech gëtt, huet et keng an d‘Experten hu souwisou eng éischter differenzéiert Siicht. Mee wann awer och de Justizminister William Barr der Meenung ass, datt d‘Bréifwahl de Risk vum Bedruch enorm steigert wäert et wuel stëmmen.

Zudeem gëtt et hei net déi geréngste Widderried aus dem republikanesche Lager. A wann elo déi demokratesch Justizministerin vum Michigan, Dana Nessel, warnt: „Zweemol ofstëmmen ass illegal, ganz egal wien iech dozou ermontert. D‘Iddi vum President ass super, fir déi Mënschen déi an de Prisong wëllen“. Mee Demokrate léie bekanntlech, egal aus wéi engem Bundesstaat se sinn.

US-PresidentAn d‘Gesetz ass och däitlech. Nom US-Bundesrecht kann, wie bei enger Presidentschaftswal oder Kongresswahl derbäi erwëscht gëtt méi wéi eng Stëmm ofginn ze hunn, mat enger Geldstrof vu bis zu 10.000 US-Dollar an/oder Prisong bis zu fënnef Joer rechnen. An d‘Riichter, esouvill ass gewosst versti bei esou Saache kee Spaass. Do geet et net duer ze soen: „De Presi huet et erlaabt“.

Dem US-Showmaster a Feierstëppler mat der Lizenz Atomwaffen anzesetzen seng Spriecherin Kayleigh McEnany erkläert: „Den US-President huet mat sengen Aussoen eenzeg an eleng virum Bedruchspotential vun der Bréifwahl warne wëllen“. De mächtegsten Diplomat vun der Welt huet en Donneschdeg, dann nach emol eng Schëpp zougeluecht, a sech via Twitter entspriechen erkläert.

Bei Facebook an Twitter hunn een es genuch

Datt de ganze Wahlkampf jo och am Internet an op de sozialen Netzwierker stattfënnt, ass bekannt. Nei ass, datt Facebook an Twitter es esou lues iwwerdrësseg sinn, wéi do virgaange gëtt. Säitens Facebook heescht: „Dem Trump seng Aussoe verstousse géint Richtlinnen, déi Wahlbedruch verbidden a mir wäerten et läschen, et sief et géif verbreet fir d‘Aussoen ze korrigéieren“.

Änlech bei Twitter, wou de Kuerznoriichtendéngscht zwee Tweets vum Donald Trump mat engem Hiwäis versinn hunn, wou drop higewise gëtt, datt d‘Message géint d‘Richtlinnen zum Erhalt vun der Wahlintegritéit verstoussen. D‘Ziel vun hirer Aktioun: Mënschen drun hënnere Rotschléi zum duebele Vott ze verbreeden, déi illegal kéinte sinn. Den Tweet war du just nach ageschränkt deelbar.

US-PresidentMat engem Klick op de Warnhiweis gelaangt een allerdéngs nees zum Original. Dat huet domadder ze dinn, datt den presidentiellen Tweet vun ëffentlechem Interessi ass. Facebook stellt bei sech fest, datt „d‘Ofstëmmung per Bréifwahl huet eng laang Geschicht an den USA an ass vertrauenswierdeg wat sech och an dësem Joer net wäert änneren“. Ee Pronostic deen éischter realistesch ass.

Et ginn da wuel éischter Ustrengend Walen an et kann ee sech sécher sinn, datt de Milliardär sech enger „verluerener Wahl“ net esou einfach wäert ënnerwerfen. Gutt et kann ee sech drop beruffen, datt den Donald Trump elo net den Alexander Lukaschenko, oder dem nordkoreaneschen Diktator säin Zwillingsbrudder ass, mee säi Verständnis fir Demokratie ass net ganz wäit dovunner ewech.

mat indymedia/was

Related topics Donald Trump, Dubele Vott, US-President, US-Wahlkampf 2020, Wahlbedruch
Next post Previous post