Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Muss sech d‘LSAP erneieren?
International Neiegkeeten

Muss sech d‘LSAP erneieren?

Bei de Chamberwahle vum leschte Sonndeg, huet net nëmmen d‘CSV

coolsurprise
Dëse Kantons-Quiz entféiert dech an den déiwe Süden!
International Neiegkeeten

Dëse Kantons-Quiz entféiert dech an den déiwe Süden!

De Kanton Esch-Uelzecht ass vun der Populatioun hier dee gréissten.

Op Young- oder Oldtimer, zu Steesel ass ee glécklech ginn
International Neiegkeeten

Op Young- oder Oldtimer, zu Steesel ass ee glécklech ginn

Um Sonndeg zu Steesel, beim Fräizäitzenter Norbert Melcher, war trotz

USA: No de Walen, schéckt den US-President säi Justizminister op d‘Schëff

USA: No de Walen, schéckt den US-President säi Justizminister op d‘Schëff

E Mëttwoch, nëmmen e puer Stonnen no de Walen, huet den US-President de Justizminister Jeff Sessions op d‘Schëff geschéckt, sech domatter gläich eng zolidd Kritik säitens den Demokraten agefaangen. Déi mengen et wier e Schachzuch, fir déi „russesch Enquête“ ze sabotéieren.

Dat ass dem Donald Trump seng éischt Entscheedung, een Dag no de Midterm Elections, wou déi republikanesch Majoritéit am Senat zwar gestäerkt ginn ass, mee d‘Representantekummer vun den Demokraten „iwwerholl“ gouf. Eng Decisioun, déi de Milliardär knapp eng Stonn, nodeems hie senge „Géigner“ d‘Hand ausgestreckt hat, an zwee kuerzen Tweets bekannt gemaach huet.

Elo gëtt de Jeff Sessions – zumindest temporär – duerch säi Kabinett-Chef, Matthew Whitaker, ersat. Als Grond fir dëse Changement, gëtt ugefouert, datt de Jeff Sessions sech am Mäerz 2017, als „net zoustänneg“ erkläert huet, am Kader vun der Enquête vum Sonner-Procureur, Robert Mueller, déi iwwert eng Kollusioun tëscht de Membere vum trumpsche Wahlkampf-Team a Moskau féiert.

Zanter engem Joer werft den Donald Trump sengem Justizminister vir „schwaach“ ze sinn. E Minister deen net amstand wier den US-President virun enger Hexejuegd ze schützen. Mat der Erklärung „net zoustänneg ze sinn“ huet de Jeff Sessions déi hierarchesch Kontroll vum Procureur Robert Mueller an d‘Hänn vum Rod Rosenstein, d‘Nummer 2 am Justizministère, geluecht.

Dësen huet dem fréiere FBI-Direkter am Kader vun der Enquête fräi Hand gelooss. Dem Robert Mueller säin Handlungsspillraum, kéint, esou zumindest d‘Meenung vu villen US-Medien, staark ageschränkt ginn, sollt de Matthew Whitaker d‘Supervisioun vun der russescher Enquête iwwerdroe kréien. Fir de Locataire aus dem Wäissen Haus, esou eppes wéi eng „Win-Win“ Situatioun.

Alles eng Fro vun der Ethik

De Matthew Whitaker, e fréiere federale Procureur vun 49 Joer, deen am Iowa un enger Virwahl vun de Republikaner deelgeholl hat, huet de Medie verséchert, datt hie säi Ministère „no den héchsten ethesche Reegele leede wäert“. Hien huet e ganz perséinlecht Ethik-Verständnes.

Et war ëmmerhin hien et, deen am August 2017 eng Tribün an der Press verëffentlecht huet, an där hien dem Robert Mueller virgeworf huet sech eppes ze vill fir dem Donald Trump seng Finanzen ze interesséieren. Am selwechten „Artikel“ hat hien dem Rod Rosenstein un d‘Häerz geluecht, dësem den Uerder ze ginn, et mat der Enquête net ze iwwerdreiwen.

Fir de Chef vun den demokratesche Senateuren, Chuck Schumer, misst sech de Matthew Whitaker, opgrond vu senge fréiere Commentaire, am Kontext vun der russescher Enquête, direkt als „net zoustänneg“ erklären. Den Demokrat Jerrold Nadler, deen an der Representantekummer d‘Spëtzt vun der Justizkommissioun iwwerhuele soll, huet dem US-President „Amëschung“ virgeworf.

Sollt et dem Jerrold Nadler eescht gemengt sinn, kéinten d‘Demokrate schonn am Januar eng parlamentaresch Enquête lancéieren. Dank hirer neier Majoritéit, kënnen d‘Demokraten an der Representantekummer, och Zéie convoquéieren oder Dokumenter ufuerderen, de Fall gesat, et géif een de Sonner-Procureur Robert Mueller drun hënneren.

D‘Oppositioun kéint – woubäi dat éischter onwahrscheinlech ass – och eng Mësstrauensprozedur géint den Donald Trump lancéieren. Ugesiichts dem Fakt, datt d‘Republikaner am Senat majoritär sinn, dierft esou eng Prozedur net déi geréngste Chance hunn zu Enn gefouert ze ginn. Woubäi et och ënnert de Republikaner Stëmme gëtt, déi d‘Enquête vum Robert Mueller verdeedegen.

De Mouer huet seng Schëllegkeet gemaach

Fir de Jeff Sessions, en ultrakonservative Politiker vun 71 Joer, deen zudeem als ee vun de gréissten Trump-Supporter gehandelt ginn ass, e „Merci“ deen hie sech bestëmmt anescht virgestallt hat. Hie war ëmmerhin ee vun den éischten, deen sech hannert dem Milliardär seng Kandidatur gestallt hat, a vill derzou bäigedroen huet, datt den Donald Trump d‘Virwahle vun 2016 gewanne konnt.

Mee mat engem „Frënd“ wéi dem Donald Trump brauch e keng Feinden. De Fait datt sech de Jeff Sessions fir „net zoustänneg“ an der russescher Enquête erkläert hat, huet beim Donald Trump eng „gewinnten“ Reaktioun ausgeléist. De Journalist Bob Woodward huet dozou geschriwwen, datt den US-President säi Justizminister am privaten als „Zréckbliwwen“ bezeechent huet.

A wann et engem Beweis néideg wier, dem Donald Trump seng Abnegatioun géintiwwer dem Jeff Sessions ze beleeën, da geet et duer festzestellen, datt den US-President bei der Pressekonferenz vu Mëttwoch, kee Wuert fir säi „Frënd“ iwwreg hat, mee sech laang a breet iwwert d‘Enquête geäussert huet. „E Witz dee Milliounen US-Dollar kascht a Schan iwwert d‘USA bréngt“.

„Ech kéint se alleguerte virun d‘Dier setzen, elo hei an direkt. Mee ech wëll net, ech hu politesch keng Loscht drop“, esou den Donald Trump, deen nach insistéiert huet, datt hien absolut keng Bedenken huet, wat den Ausgang vun der Enquête betrëfft. Mee et gëtt awer eng Partie Leit aus sengem direkten Ëmfeld déi dierften a Schwieregkeete geroden, esou säi Bouf an de Roger Stone.

mam Paul Handley an dem Jérôme Cartillier/AFP

Foto: (Kombi) Si hunn sech am Wahlkampf nogestanen, den Donald Trump (l) an de Jeff Sessions. Als Merci huet de Jeff Sessions de Justizministère zougestane kritt, wou hien awer net dat gemaach soll hunn, wat den US-President sech vun him erwaart huet. Hie gouf elo op d‘Schëff geschéckt. © Mandel Ngan/Nicholas Kamm/AFP

Ähnlech Sujeten Donald Trump, Jeff Sessions, US-Justizminister, US-President, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel