Search

You may also like

SIREN’S CALL 2019 – Metronomy, Cat Power, Band of Horses a villes méi!
International Neiegkeeten

SIREN’S CALL 2019 – Metronomy, Cat Power, Band of Horses a villes méi!

De Siren’s Call Music & Culture Festival, mat senge multidisziplinären

surprise
Zur Covid19-Lag an eise Spideeler
International Neiegkeeten

Zur Covid19-Lag an eise Spideeler

Virun enger klenger Woch hu mir scho missen annoncéieren, datt

Europa vereenegt sech géint den Extremismus
International Neiegkeeten

Europa vereenegt sech géint den Extremismus

Am Kontext vun der leschter Terrorwell hunn d‘EU-Inneminister sech ee

US-President gëtt trotzeg

Fronten tëscht Wäissem Haus a Kongress verhäerten sech, d‘Personal kritt de Maulkuerf verpasst

US-President gëtt trotzeg

An der Affär „Ukrain-Telefonat“ huet dat Wäisst Haus an engem Bréif un de Kongress matgedeelt, datt een net méi gewëllt ass bei den Ermëttlungen ze kooperéieren. Déi ganz Enquête wier politesch motivéiert a géife jidder verfassungsrechtlecher Grondlag entbieren, heescht et am Schreiwes.

Laut dem Bréif, wieren d‘Ermëttlungen eenzeg an eleng drop ausgeluecht, den Ausgank vun de Presidentschaftswahlen 2016 nodréiglech ze kippen. Aus dëse Grënn géif sech d‘Regierung net un dësem parteiesch politeschen Theater bedeelegen. Kuerz: dat Wäisst Haus wäert sech géint all Fuerderunge – ob Dokumenter oder Zeienaussoen – vum Kongress zu wier setzen.

US-PresidentAn dat ass duerchaus Eescht gemengt. En Dënschdeg sollt den US-Ambassadeur bei der EU, de Gordon Sondland, sech fir eng Unhéierung am Representantenhaus presentéieren. Dat war net de Fall an den Donald Trump huet dëse „Refus“ via Twitter kommentéiert. Hie géif jo de Sondland schécken, mee dëse misst da virun engem korrupte Geriicht aussoen, dat wier net akzeptabel.

US-PresidentUS-PresidentDat gesinn d‘Demokraten eppes differenzéiert a wëllen elo d‘Ausso vum Ambassadeur erzwéngen. De Gordon Sondland wier e wichtegen Zeien, deen zur Opklärung vun de géint den Donald Trump erhuewe Virwërf bäidroe misst, esou de Virsëtzende vum Geheimdéngschtausschoss, Adam Schiff.

Wann d‘Membere vun der Regierung de Mond ze halen hunn

Op ganzen aacht Säiten huet den Affekot vun der Presidentschaft, Pat Cipollone, der Spriecherin vum Kongress, Nancy Pelosi, erkläert firwat et net zu enger Zesummenaarbecht tëscht dem Wäissen Haus an dem Representantenhaus komme kann. Dat léich ënnert anerem dorunner, datt et am Kongress keng formell Ofstëmmung zur Aleedung vun enger Enquête ginn huet.

„Ënnert dësen Ëmstänn kann de President Trump senger Regierung net erlaben sech un dëser parteiescher Enquête bedeelegen“, schreift de Pat Cipollone. Et gëtt also däitlech gemaach, datt kengem Regierungsmataarbechter erlaabt gëtt, virum Kongress auszesoen. Et sollen och rechtlech verbindlech Convocatiounen „ignoréiert“ ginn. Domatter kritt d‘Affär eng nei Dimensioun…

US-PresidentFir d‘Spriecherin vum Kongress ass dat „ee rechtswiddrege Versuch d‘Wourecht ënner Verschloss ze halen. Woubäi d‘Ermëttlungen am „Ukrain-Telefonat“ zur Grondlag vum, vun den Demokraten ugestrieften Amtsenthiewungsverfaren, sollte ginn. Dobäi kënnen d‘Demokrate fir den Ament, souwisou nëmmen am Representantenhaus, wou si d‘Majoritéit hunn, d‘Prozedur aleeden.

Spéitstens wann den „Impeachment“ am Senat lant, wou dann nees d‘Republikaner d‘Majoritéit hunn, wier dann awer Schluss mat der Prozedur. Dat wëssen d‘Demokraten och, firwat déi ganz Operatioun offensichtlech drop ausgeluecht ass, dem Donald Trump säi Wahlkampf ze stéieren. Dobäi sollten si dann awer d‘Popularitéit vum burschikose Milliardär net üennerschätzen.

mat indymedia/was

Related topics Donald Trump, Impeachment, Joe Biden, Telefonsgespréich, Ukrain, US-President
Next post Previous post