Search

You may also like

Studentefoire 2018: Schüler sichen a Studenten hëllefen
International Neiegkeeten

Studentefoire 2018: Schüler sichen a Studenten hëllefen

Et ass nees un der Zäit fir d’Schüler vun de

D‘Batterie: Éischt Pannenursaach wärend dem Confinement
International Neiegkeeten

D‘Batterie: Éischt Pannenursaach wärend dem Confinement

Zanter eng Rei Joren, esou den ACL um Freideg, ass

Thüringen: Politchaos bei eisen däitschen Noperen
International Neiegkeeten

Thüringen: Politchaos bei eisen däitschen Noperen

Fir den Thomas Kemmerich vun der FDP war et erwisenermoossen

US-President hieft Landminneverbuet op

Den Donald Trump huet senge Generäl nees erlaabt a Konfliktsituatioune Landminnen anzesetzen – Mënscherechtsorganisatioune sinn entsat

US-President hieft Landminneverbuet op

Et war de Barack Obama, deen sech agesat hat fir e Verbuet vum Asaz vu Landminnen (mat awer enger Ausnam op der koreanescher Hallefinsel) duerch d‘US-Sträitkräften ëmzesetzen. Elo huet den Donald Trump dës „Beschränkung“ nees opgehuewen, an den onbegrenzten Asaz erlaabt.

„Et geet drëms sécherzestellen, datt eis Arméi sech géint all Bedreeung verdeedege kann“, esou den US-President, deen dëse Schratt mat enger „wichteger Wierkung“ begrënnt huet. Mee d‘USA ass keen „Terroriste-Staat“ an och soss ëmmer drop beduecht, datt alles am Sënn vum Fridden an der Vëlkerverstännegung gehandhaabt gëtt. Dofir ass dann och net einfach vu „Landminne“ rieds.

Déi amerikanesch Landminnen déi zur Verdeedegung vun den US-Interessen an zum Schutz vun de Bierger, Beamten an natierlech den Zaldoten agesat ginn, mussen zwéngend e Mechanissem hunn, deen eng Selbstzerstéierung erméiglecht, oder mindestens iwwert en „Ofschaltmechanissem“ verfügen, deen no enger virbestëmmter Zäitspan d‘Landminn neutraliséiert. Et ass ee jo Human…

LandminnenAb wéini a virun allem wou elo d‘Amerikaner hir Landminnen asetze sollen oder wëllen, gouf netz vum Wäissen Haus preziséiert. Woubäi esou eng Annonce schonn drop hiweist, datt d‘Material zur Verfügung steet, an et esou sécherlech och schonn Uwendungsberäicher huet, déi dës Decisioun elo noutwenneg gemaach hunn. An nee, ausnamsweis ass net vun der mexikanescher Grenz Rieds.

Mënscherechtsorganisatioune sinn entsat

Zanter Joren, jo eigentlech Joerzéngte setzen sech weltwäit Mënscherechtsorganisatiounen dofir an, datt Landminne generell sollte verbuede ginn, esou wéi den Asaz vu chemeschen, biologeschen an nukleare Waffen. Hir gréissten Erfolleg konnten se feieren, wéi de Barack Obama och entscheet huet, datt d‘US-Zaldote kee gebrauch méi vun dëse Waffesystemer maache géif. An elo?

LandminnenDéi international Organisatiounen – vun Dokteren ouni Grenzen (MSF) iwwert dat Rout Kräiz (ICRC) bis hinn zu Human Rights Watch (HRW) an Handicap International (HI) – déi sech nach ëmmer fir e weltwäite Verbuet asetzen, sinn entsat.

De Jeff Meyer, Direkter vun „Humanity & Inclusion“: Et gëtt Krichsaktiounen déi einfach Tabu sinn. Natiounen a ganz besonnesch Super-Muechten dierfen ni gewësse Waffesystemer benotzen, well si iwwerflësseg Verletzungen an onnéidegt Leed verursaachen. Landminne falen eendeiteg an dës Kategorie“. Déi meeschten (ziviliséiert) Länner hu virun 20 Joer dëse Verbuet akzeptéiert.

Verständlech datt d‘ONG Human Rights Watch un US-Presidentschaftskandidate riicht an déi opfuerdert sech fir ee weltwäite Landminneverbuet anzesetzen. „Déi meescht Länner op der Welt hunn de Verbuet Antipersouneminnen ugeholl, während elo d‘Trump-Regierung d‘Kéier geholl an entscheet huet, dës Waffen op all Éiwegkeet anzesetzen“, esou de Steve Goose vun HRW.

Landminnen si während an oft och nach Joerzéngten no Beendegung vun engem Konflikt, eng reell Gefor. (Beispill Kambodscha, Kosovo asw…). Dës Waffesystemer si präiswäert, liicht anzesetzen a méi oder wéineger onbegrenzt déidlech. Dat dommt un de Landminnen: si brénge seelen déi ëm fir déi sech geduecht waren. D‘Affer sinn an der Regel Zivilisten, an hei ganz besonnesch d‘Kanner.

mat indymedia/was

Foto: © Handicap International (HI)

Related topics Dokteren ouni Grenzen, Donald Trump, Handicap International, Human Rights Watch, Landminnen, Rout Kräiz, The HALO Trust, USA
Next post Previous post