Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Lëtzebuergesch Sprooch ass bei wäitem net ausgestuerwen
International Neiegkeeten

https://moien.lu/us-dating-site-for-widows/

Leschten Dënschden goufen an der Stad insgesamt 571 Diplomer un

https://moien.lu/hookah-hookup-roswell-rd/
International Neiegkeeten

ACL Classic Tour: Méi wéi e Bléck an de Réckspigel

Mat dat schéinst wat d’Autosindustrie jee gebaut huet bedeelegt sech

What the Fakt – de Gebuertsdag vun der Konscht
International Neiegkeeten

What the Fakt – de Gebuertsdag vun der Konscht

D’Konscht setzt sech mat der Gestaltung aus de verschiddenste Materialen,

US-President huet Gespréicher mat den Taliban fir dout erkläert

US-President huet Gespréicher mat den Taliban fir dout erkläert

No der Ofso vum geplangte Meeting mat Vertrieder vun den afghaneschen Taliban zu Camp David, huet den US-President Donald Trump d‘Gespréicher fir Dout erkläert. Washington hält awer weider um Ofzuch vun de ronn 14.000 US-Zaldoten aus Afghanistan fest.

„Wat mech ugeet, esou sinn se Dout“, esou den Donald Trump um Méindeg am Gaart vum Wäissen Haus. Hien huet an dësem Kontext awer och däitlech gemaach, datt hie weider en Ofzuch vun den US-Zaldoten ustrieft. Op en Zäitplang ass sech net festgeluecht ginn, an den US-President begrënnt dat mat: „Mir géife gäre goen, mee mir mussen zum richtegen Zäitpunkt goen“.

TalibanDen Donald Trump huet zudeem, esou wéi nëmmen hien et kann erkläert, datt seng Zaldoten den Taliban an de leschte véier Deeg der „méi laanscht Backe geschloen hunn wéi an de leschten zéng Joer“. Gläichzäiteg huet hie Kritik géintiwwer där, vun den Alliéierten agesate Regierung geäussert.

Den US-President wëll net dat seng Zaldoten d‘Police am Land maachen, dat soll déi afghanesch Regierung gefällegst selwer an de Grapp huelen. An de Milliardär betount och nach emol, datt et seng Iddi war d‘Gespréicher ze halen, an et wier och seng Entscheedung se ofzesoen. An engem Tweet vun ee Samschdeg hat hien zu dëse Gespréicher eng Rei Detailer bekannt gemaach.

TalibanTalibanTalibanEt sollt zu Camp David zu engem geheimen Treffe mat héichrangegen Taliban kommen, a getrennt dovunner waren och Gespréicher mam President vun Afghanistan, Ashraf Ghani, virgesinn. No engem Attentat zu Kabul, bei deem en US-Zaldot ëmkomm ass, war et mat de Gespréicher gedoen.

Foto: © White House

Ähnlech Sujeten Afghanistan, Ashraf Ghani, Donald Trump, Taliban
Nächsten Artikel Virrechten Artikel