Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Neies vum Bichergeck : 54 Minutten
https://moien.lu/online-dating-openingszin/ https://moien.lu/dating-a-third-year-medical-student/

trinidad hook up

„Jeder hat Angst vor dem Jungen mit der Waffe“ (vum

danielle bregoli dating lil pump
https://moien.lu/online-dating-openingszin/ https://moien.lu/dating-a-third-year-medical-student/

D’Handelskummer verlaangt Flexibilitéit beim neien Dateschutz

Elo wou Lëtzebuerg muss déi zwou Bréisseler Direktiven (UE/2016/680 &

De Comité géint HIV presentéiert de Rapport vun 2017
https://moien.lu/online-dating-openingszin/ https://moien.lu/dating-a-third-year-medical-student/

De Comité géint HIV presentéiert de Rapport vun 2017

D’Joer 2017 war räich un Aktivitéite fir den Iwwerwaachungscomité vum

Impeachment: Den US-President huet kee Bock op Unhéierungen

Fir den Donald Trump a seng Affekote kënnt et net a Fro sech zum Dabo maachen ze loossen

Impeachment: Den US-President huet kee Bock op Unhéierungen

An engem Bréif un de Virsëtzende vum Justizausschoss vum Representantenhaus, huet dat Wäisst Haus matgedeelt, datt ee kee Vertrieder zur Unhéierung am Kontext vum Amtsenthiewungsverfaren (Impeachment) wäert delegéieren. Domatter steet fest: den US-President an seng Affekote weigeren sech den Demokrate Ried an Äntwert ze stoen.

D‘Aluedung zur Unhéierung hat den demokratesche Virsëtzende Jerry Nadler un d‘Wäisst Haus geriicht. Op dës „Invitatioun“ huet dem Milliardär säi juristesche Beroder Pat Cipollone geäntwert. A sengem Bréif un de Jerry Nadler heescht et: „et kann een hei fairerweis net vum Team Trump erwaarden, un enger Unhéierung deelzehuelen, wann d‘Zeien nach net benannt sinn“.

E wuel verständlechen Awand, dee sech och mat engem weideren Argument betoune léisst. Esou ass et och weiderhin onkloer op de Justizausschoss duerch weider Unhéierungen dem Donald Trump ee fairt Verfaren erméiglecht. Esou gëtt déi éischt Unhéierung am Amtsenthiewungsverfare géint den US-President ouni de Beklote gemaach. Den Termin vum 4. Dezember gëtt awer bäibehalen.

Heibäi geet et nach ëmmer ëm déi onséileg „Ukrain-Affär“. Am zweete Volet vun den Unhéierunge soll gepréift ginn ob a wéi eng Punkten zur Uklo formuléiert kënne ginn. Et gëtt hei virrangeg ëm de Virworf vum Amtsmëssbrauch. Den Donald Trump soll Militärhëllef als Géigeleeschtung fir eng Ermëttlung géint den Hunter Biden, Bouf vum Joe Biden, „ugebueden“ hunn. Erwisen ass dat net.

Gewosst ass bis ewell just, datt et dat ominéist Telefonsgespréich ginn huet an och aner Leit aus dem trumpschen Ëmfeld an der Ukrain eng verwerflech „Diplomatie“ un den Dag geluecht hunn. Bei den éischten Unhéierungen ass den Donald Trump wuel „verbal“ bezichtegt ginn sech schlecht beholl ze hunn, d‘Acteuren awer waren oder si seng „Befeelsempfänger“. Seng Hänn si propper.

Bleift nach festzehalen, datt sollt et elo am US-Kongress zu enger Uklo, also dem Impeachment, kommen, d‘Verfaren dann am US-Senat zu Enn muss bruecht ginn. A während d‘Demokraten am Representantenhaus d‘Majoritéit hunn, ass et am Senat genee ëmgedréint. Et ass och net dovunner auszegoen, datt d‘Republikaner am Senat den Demokraten de gefuerderte Gefale maache wäerten.

mat indymedia/was

Illustratioun: Manfred Richter / Pixabay

Ähnlech Sujeten Amtsenthiewungsverfaren, Demokraten, Donald Trump, Impeachment, Kongress, Republikaner, Senat
Nächsten Artikel Virrechten Artikel