Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

HR Luxembourg Award: D’CFL gewënnt dräi Präisser
International Neiegkeeten

https://moien.lu/r2d-matchmaking/

Ganz stolz annoncéiert de Grupp CFL, datt si bei der

shinko hook up 190
International Neiegkeeten

Och Ambassaden hu sech un d‘Aarbechtsrecht ze halen

Den 3. Februar ass um Geriicht d‘Uerteel an der Saach

Wann 120.000 Zigarettestëmp zu bedeitender Konscht ginn
International Neiegkeeten

Wann 120.000 Zigarettestëmp zu bedeitender Konscht ginn

Wat den Een als Dreck ugesäit, ka sech fir een

US-President vergräift sech un der Justiz

Nom „Fräisproch“ am Amtsenthiewungsverfaren, huet den Donald Trump nees „beaflosst“

US-President vergräift sech un der Justiz

Dee wéinst der Russland-Affär ugeklote Beroder, Lobbyist a Frënd vum Donald Trump, Roger Stone war d‘Lescht Joer vum FBI festgeholl ginn, a soll sech elo viru Geriicht fir seng „Geschäfter“ rechtfäerdegen. De Parquet huet 9 Joer Prisong gefuerdert, wat dem US-President via Twitter a Fro gestallt huet, firwat de Justizminister „d‘Fuerderung“ revidéiert huet.

JustizËnnert dem Donald Trump senge Frënn gehéiert de Roger Stone mat Ofstand zu de bedeitendsten a geféierlechsten. Den haut 67 järegen hat schon ënnert dem Nixon Geld a Majoritéiten organiséiert. Hien ass den „Här“ vun de Rumeuren an huet dem Milliardär gutt Déngschter am Wahlkampf 2016 geleescht. D‘New York Times hat de Stone an engem Artikel 2017 als „Kinnek vun de schmotzegen Tricks“ zolidd op d‘Schëpp geholl.

Interessant hei och d‘Aart a Weis wéi den US-President seng Frëndschafte fleegt. Esou huet den Donald Trump de Roger Stone, jee no Situatioun oder Opportunitéit emol als totale Looser, dann nees als super léiwe Kärel ëmschriwwen. Elo wou d‘Lompe sténken an de Roger Stone aus dem Verkéier soll gezu ginn, setzt sech de Milliardär nees fir säi Vertrauten an. Dat ass zwar nees een däitlechen Agrëff an d‘Justiz, mee dat këmmert hien net.

JustizErënnere mir hei dann awer dorunner, datt de Roger Stone 2019 schonn emol veruerteelt ginn ass. Hie war schëlleg geschwat ginn: Zeie beaflosst a Falschaussoe gemaach an d‘Justiz behënnert ze hunn. Dat alles am Zesummenhang mat de Presidentschaftswahle vun 2016 an der russescher Aflossnam op dären Ausgank. E Méindeg hat de Parquet fir dës „Verbriechen“ eng Prisongsstrof vu siwe bis néng Joer gefuerdert.

Dat hält den US-President fir iwwerdriwwen a besonnesch onfair. Eng Meenung déi den Donald Trump selbstverständlech via Twitter der ganzer Welt matgedeelt huet. Hie kann esou eng däitlech Ongerechtegkeet net einfach hinhuelen. Hien huet an enger Pressekonferenz erkläert, datt hien d‘Empfeelung, jo déi ganz Strofverfolgung als lächerlech empfënnt a verséchert, datt hien awer net mam Justizministère doriwwer geschwat hätt.

JustizAus dësem awer ass, an zwar laang nodeems de presidentiellen Tweet d‘Ronn gemaach hat, d‘Info hierkomm, datt „een eng niddreg Strof fir de Stone ustrieft“. D‘Propose vun der Staatsanwaltschaft wier „extrem“ an „iwwerdriwwen“, heescht et an der Begrënnung. Datt de Milliardär eppes mat dësem Revirement ze di soll hunn, gouf natierlech direkt dementéiert, d‘Entscheedung hätt ee scho Méindegowes geholl gehat.

Fir déi véier Procureuren déi mam Fall befaasst waren, ass dat wäit méi wéi eng Blamage. Hei gëtt de ganze Justizsystem bloussgestallt. D‘Onofhängegkeet vun der Justiz gouf dann och net a Fro gestallt, si ass ausgehiewelt ginn. Alle véier hunn déi eenzeg méiglech Konsequenz gezunn an hir Aarbecht en Dënschdegowend néiergeluecht. Vill Optiounen hu si net, zumindest net esoulaang de Justizminister William Barr dem President all Wonsch erfëllt.

mat indymedia/was

Foto: Et war esou an et wäert och ëmmer esou bleiwen: Wat wéini ee Verbriechen ass hänkt och vill dovunner of fir wien et begaange gouf. © Jeanine Pirro

Ähnlech Sujeten Donald Trump, Impeachment, Roger Stone, US-Justiz, USA, William Barr
Nächsten Artikel Virrechten Artikel