Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

LSAP-Kongress: d‘Zukunft läit an der Erneierung
International Neiegkeeten

LSAP-Kongress: d‘Zukunft läit an der Erneierung

Um Dënschdegowend huet et zu Käerjeng beim LSAP-Kongress eigentlech nëmmen

Editorial: Muss d‘EU op Distanz zur Tierkei goen?
International Neiegkeeten

Editorial: Muss d‘EU op Distanz zur Tierkei goen?

De Mustafa Kemal Atatürk huet 1923 mat der Ofschafung vum

Paräis: Polizisten hu manifestéiert fir méi Moyenen
International Neiegkeeten

Paräis: Polizisten hu manifestéiert fir méi Moyenen

„Mir zéien eis Sécherheet enger Gehaltserhéijung vir“, esou de Motto

US-President mat neier Provokatioun

Op Uerder vu Washington soll Europa seng IS-Kämpfer zréckhuelen

US-President mat neier Provokatioun

Mat der Fuerderung vum Donald Trump, déi europäesch Länner hätte gefällegst hir Bierger, déi sech dem Islamesche Staat ugeschloss hunn an elo a Gefaangenschaft sinn, zréckzehuelen, huet hien op en neits Grenzen iwwerschratt. Datt hien dann och nach dreet 800 IS-Kämpfer fräi ze loossen, ass carrement eng Frechheet. Op där aner Säit: mir schwätzen hei vum US-President.

Déi europäesch Länner missten hir Bierger, déi als IS-Kämpfer a Syrien a Gefaangenschaft gerode sinn, zréckhuelen. „Wann déi ugeschwate Länner hir Leit net zréckhuelen a viru Geriicht stellen, da sinn d‘USA gezwongen déi nees op fräie Fouss ze setzen“, esou de charismateschsten Diplomat vun allen Zäiten. „Et ass méiglech datt déi dann nees an Europa andréngen“, füügt hien nach bäi…

Hei goufen dann och eng Rei Länner direkt ugeschwat, dorënner Groussbritannien, Frankräich an Däitschland. Mee déi meescht géifen et virzéien, d‘Dschihadisten de fräie Syresche Kräften (SDF) ze iwwerloossen. Fir déi betraffe Kämpfer sécherlech déi schlechtsten Optioun, well net dovunner auszegoen ass, datt wou si ënnerbruecht sinn, aner Mënscherechter ugewannt ginn, wéi hir eegen.

US-Fuerderung ouni humanitären Hannergrond

Wien elo – wéi déi däitsch gréng a lénks Politiker – dem Donald Trump senger Fuerderung eppes Positives ofgewanne kann, erkennt d‘Strategie derhannert net. Och dem US-President sinn déi IS-Fanatiker per se egal, a wieren et Amerikaner géif hir US-Destinatioun „Guantanamo“ heeschen an net New York. De Milliardär wëll nëmme sécher stellen, wien an der Allianz d‘Soen huet.

US-Presiden

An deene vum US-President ugeschwate Länner, gëtt et och fir esou ultra-radikaliséiert Islamisten eigentlech e Recht op „Retour“. Et wär och d‘Flicht vun de Länner, hire Bierger a Gefaangenschaft konsularesch Assistenz unzebidden. Problematesch awer géif sech de juristesche Volet gestalten, an ofgesi vum finanziellen Opwand, wéi sollt esou eppes oflafen, wéi mat der Beweislaascht ëmgoen?

Länner wéi Däitschland a Frankräich, argumentéieren net schlecht a behaapten sech drop, datt déi radikaliséiert Islamiste vun deene Geriichter zu Rechenschaft gezu ginn, wou si hir Verbriechen och begaangen hunn. Wéi esou en Uerteel am Irak oder Syrien ausgesäit? Et dierft esou eng human Entscheedung sinn, wéi se och vun de Riichter am Kalifat géintiwwer den ongleewege getraff gouf.

Et kann een net alles guttheeschen, net alles verzeien

Ugesiichts de „Verbriechen“ déi den Dschihadiste virgeworf ginn, déi kloer Erklärung vun dëse jo awer radikaliséierte Mënschen, alles wat „anescht denkt oder gleeft“ mussen ëmzebréngen, stellt sech och d‘Fro: „Wat méchs de mat hinnen?“, wa se bis nees do sinn. Hei sinn dës Mënschen, déi bewosst u Verbrieche géint d‘Mënschheet bedeelegt waren, bis zum Uerteel ëmmerhin Onschëlleg.

 

US-PresidenWat géif geschéien, wann d‘Beweiser oder Zeien net ze beschafe sinn? Am Zweiwel stellt sech d‘Gesetz op d‘Säit vum Beschëllegten, an Affekote kéinten sech mat der Verdeedegung vun Terroristen och eng Renommée opbauen. A Groussbritannien jiddefalls, denkt een net drun dem Mann mam doudegen Hond um Kapp, entgéint ze kommen. Hei ginn net emol d‘Kanner opgeholl.

D‘Zuel vun den Europäer déi sech dem Islamesche Staat ugeschloss hunn, an och an d‘Kalifat ausgewandert sinn, ass net mat Sécherheet ze beleeën. Et sinn awer Dausenden, wouvunner de gréissten Undeel bei de Kämpf entweder ermuerkst oder gefaange geholl goufen. Vill Meedercher hu sech och verblende gelooss, an deene wou hir Kanner iwwerlieft hunn, géifen elo gären heem…

mat indymedia/ber/was

Foto: (Archiv) D’Dschihadiste vum IS haten den Dram vun engem Kalifat. E Kalifat deen nach grad emol annerhallef Quadratkilometer grouss ass. Mee och wann den Islamesche Staat „geschloen“ ass esou ass et eng aner Saach mat der Ideologie. Elo sollen déi Länner vun der EU, aus deenen sech Bierger dem IS ugeschloss hunn, hir Dschihadisten zréck huelen. © AFP/Okt.17

Ähnlech Sujeten Donald Trump, Dschihadisten, islamesche Staat, Terror, US-President
Nächsten Artikel Virrechten Artikel