Search

You may also like

Amerika, d‘Land vun de Géigesätz
International Neiegkeeten

Amerika, d‘Land vun de Géigesätz

Wat een net fir méiglech géif halen, schéngt sech elo

135 Joer Escher Pompjeeën: D‘Buch zu der Geschicht
International Neiegkeeten

135 Joer Escher Pompjeeën: D‘Buch zu der Geschicht

Um Freideg Nomëtteg hunn d‘Auteure Michel a Jeanny Krieps-Dell dem

Onstëmmegkeeten tëscht OGBL an ArcelorMittal
International Neiegkeeten

Onstëmmegkeeten tëscht OGBL an ArcelorMittal

Den OGBL ass de Majoritéitsvertrieder am Secteur vun der Siderurgie

US-President mat liichte Symptomer a Militärspidol ageliwwert

US-President mat liichte Symptomer a Militärspidol ageliwwert

Den Donald Trump, deen zesumme mat senger Fra Melania positiv op Covid19 getest ginn ass, huet seng Quarantaine am Wäissen Haus ofgebrach an ass – et soll eng reng Virsiichtsmoossnam sinn – op Empfeelung vun de Medeziner an e Militärspidol iwwerstallt ginn. Dem Joe Biden, säin Test ass negativ.

Zur Stonn hält sech den US-President am Walter-Reed Militärspidol zu Bethesda op, wou hien ee Büro ageriicht krut, fir sengen Aufgabe weiderhin nozekommen. An senger Video-Message huet den Donald Trump senge Fans, an esou och der ganzer Welt matgedeelt: „Ech mengen, datt et mir ganz gutt geet. Mee mir wëlle sécherstellen datt alles gutt ausgeet. Och der First Lady geet et gutt“.

President

Et géif sech, esou den offizielle Wuertlaut, ëm eng Sécherheetsmoossnam handelen. Hie géif liicht Symptomer weisen, wier awer gutt gelaunt an hätt den ganzen Dag iwwer geschafft. Et ass also net noutwenneg, datt de Vizepresident Mike Pence elo scho misst d‘Geschäfter iwwerhuelen. Kloer dierft sinn, datt et esoubal net méi wäert zu live Wahlkampfoptrëtter kommen, dat geet elo Online.

Säin Erausfuerderer dogéint setzt säi Wahlkampf fort. Esou War den Joe Biden e Freideg zu Grand Rapids (Michigan). Dem 77 järegen säin Dokter huet nach emol bestätegt, datt de Biden a seng Fra negativ op de Covid19 getest gi sinn. Den Demokrat huet zu Grand Rapids gesot, datt hie fir den Donald Trump a seng Fra biede géif, an huet d‘Leit opgeruff op d‘Wëssenschaftler ze lauschteren.

Net ouni meng Mask?

Fir de Biden war et generell eng gutt Geleeënheet (indirekt) op sengem Géigner seng Verfeelungen unzespillen. Hien huet den Amerikaner erkläert, datt de Covid19 net einfach esou duerch ee Wonner wäert verschwannen, esou wéi dat vum Milliardär an d‘Welt gesat gi war. Mask undoen an sech regelméisseg d‘Hänn wäschen, esou géif een als Amerikaner sengem Land en Déngscht erweisen.

An den Joe Biden, huet och ëmmer eng Mask un. Net esou den Donald Trump, deen sech sengen Unhänger bei de Wahlkampfoptrëtter meeschtens ouni Mask gewisen huet, an och soss iwwert déi lescht Wochen, aner Suerge schéngt gehat ze hunn. A seng Leit, déi jo wëssen, datt de Chef et net mat der Mask huet, hunn och net insistéiert. Elo ass et da geschitt, mee et ass jo awer net schlëmm.

De Mike Pence, dee gläichfalls negativ op de Covid19 getest ginn ass, wëll sengersäits elo awer de Wahlkampf nees ophuelen. Et kéint ee den Demokraten elo net d‘Feld iwwerloossen, a just Online kéint ee déi wichteg Message net an de Käpp vun de Leit implementéieren. Zudeem kéint et sech erginn, datt am „worst case“ de Mike Pence och dem Donald Trump säi Job iwwerhuele misst…

Wat sinn et awer Pharisäer

Et sollt een, ugesiichts deem wat den Donald Trump a senger Amtszäit alles zu Onwee bruecht huet jo elo mengen, datt et eigentlech eng gutt Saach ass, datt hie sech infizéiert huet. Zum enge weess hien elo datt de Virus aus China „echt“ ass, an zum anere sollten seng Fans, sech dem US-President seng Rieden aus de lescht Méint nach emol zu Gemitt féieren. Mee natierlech leeft d‘Spill anescht.

„An der Nout erkennt ee seng Frënn“, heescht et. An esou huet den Emmanuel Macron mat senger Fra Brigitte dem US-Showmaster eng Kaart geschéckt: „Bleif staark a looss dech net ënnerkréien“, déi op Facebook viral gaangen ass. Esouguer d‘Angela „Mutti“ Merkel, déi jo éischter manner gutt vum misogynen Trampeldéier behandelt gouf, huet der Koppel eng gutt Besserung gewënscht.

President

Jo esouguer de Kim Jong-un, huet sengem nukleare Compagnon an Amerika ganz offiziell eng séier Erhuelung gewënscht. Et ass scho richteg, datt de „béise Jong vu Pyongyang“ nawell ee puer gutt Momenter mam charismatesche vun alle geschichtlech erfaassten US-Presidente soll gehat hunn. A gëtt et besser Frëndschaften, wéi Männerfrëndschaften? Mat Sécherheet, mee d‘Fro ass berechtegt.

Onerwaart awer net iwwerraschend

Datt se bei der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) zu Genève streng geholl net esou gutt op den US-President ze sprieche sinn, och dat misst der ganzer Welt bekannt sinn. Dem Donald Trump seng stänneg Attacken a Lige kënne jo och nerven. Mee bei der WHO steet een driwwer an et ass een net nodroend, zumindest net an aller Ëffentlechkeet, well sech dat och beim Trump net gehéiert.

An esou huet de Chef vun der Weltgesondheetsorganisatioun, Tedros Adhanom Ghebreyesus, allen zwéin och eng séier Besserung gewënscht. Esouguer de WHO-Noutkoordinator Mike Ryan huet ee puer Wierder fonnt: „Et ass ee béise Virus an et ka besonnesch bei eelere Mënschen zu schlëmme Komplikatiounen, jo méiglecherweis zum Dout féieren. Mir wënschen dem President alles Gutts“.

Natierlech gëtt et elo déi, wou op d‘Lektüre „tëscht den Zeilen“ hiweise wëllen, mee wéi gesot, zu Genève bei der WHO ass ee gutt erzunn an et weess ee sech manéierlech ze behuelen. Et brauch een hei net tëscht den Zeilen no enger verstoppter „Freed“ ze sichen. Et gehéiert sech net, an dofir hunn och d‘Chinesen sech bis ewell einfach nach guer net zur Covid19-Infektioun vum Trump geäussert.

mat indymedia/was

Illustratioun: © United Nations / Covid19-Response / unsplash

Related topics Bethesda, Covid19-Positiv, Donald Trump, Hope Hicks, Melania Trump, Militärspidol, Quarantaine
Next post Previous post