Search

You may also like

Den neien nationale Fussball- a Rugbystadion hëlt Form un
International Neiegkeeten

Den neien nationale Fussball- a Rugbystadion hëlt Form un

Tëscht der Cloche d‘Or an de Kockelscheier geleeën, kann ee

money
De Bitcoin hieft op enger internationaler Bourse of
International Neiegkeeten

De Bitcoin hieft op enger internationaler Bourse of

De Bitcoin, déi wuel am Moment kontroverséiertst Kryptowärung op der

Sozialwahlen 2019 – d’Resultater sti fest!
International Neiegkeeten

Sozialwahlen 2019 – d’Resultater sti fest!

Um 12. Mäerz waren nees Sozialwahlen, bei der ënnert anerem

US-President net vu Warnungen aus Peking beandrockt

US-Regierung an US-Kongress stellen sech hannert pro-demokratesch Protestbeweegung vun Hong Kong

US-President net vu Warnungen aus Peking beandrockt

A China sinn de President a seng kommunistesch Zentralregierung net grad erfreet doriwwer, datt den Donald Trump, nodeems den US-Kongress d‘Gesetzer zur Ënnerstëtzung vun den Dissidenten zu Hong Kong eestëmmeg ugeholl huet, dës mat senger Ënnerschrëft a Kraaft gesat huet.

Vu Washington heescht et heizou allerdéngs, datt d‘Regierung gewësse Passage eppes differenzéiert wëll behandelen. Et wéilt een net dem US-President seng Autoritéit am aussepolitesche Kontext ënnergruewen. Op wéi eng Passagen sech hei bezu gëtt, datt huet d‘Wäisst Haus net verroden. Et ass just gewosst, datt d‘Gesetzer zum zil hunn, Hong Kong a China zu enger frëndschaftlecher Léisung vum Konflikt ze ermonteren, fir en nohaltege Fridden a Wuelstand fir jiddereen ze schafen.

De Kongress – dee vun den Demokrate beherrscht gëtt – hat sech um Mëttwoch demonstrativ hannert déi pro-demokratesch Protestbeweegung gestallt an zwee Gesetzprojeten ugeholl, déi elo mat der Ënnerschrëft vum Milliardär a Kraaft gesat goufen. Peking hat wuel nach versicht den Donald Trump ze iwwerriede vu sengem Veto gebrauch ze maachen, well et soss alt erëm zum Sträit kënnt. Peking huet de Mann mam Charisma vun enger Steeschleider awer net iwwerzeegt.

Eigentlech geet dem Trump Hong Kong hanne laanscht

Wann den Donald Trump elo déi vum US-Kongress gestëmmte Gesetzer ënnerschriwwen huet, esou ganz „motivéiert“ war hien net. Hien huet sech bis heihinner zolidd an der Kausa „Hong Kong“ zréckgehalen, wat senge Beméiungen, de bestoenden Handelssträit mat China bäizeleeë geschëlt ass. Mee mat engem Veto hätt et duerchaus kënne geschéien, datt hie vun den zwou Kummeren am Kongress un enger zweedrëttel Majoritéit iwwerstëmmt gi wier, wat den Ament net ugesot ass.

Mam éischte Gesetz sinn elo Sanktioune wéinst Mënscherechtsverletzunge géint China méiglech an den US-Ausseministère muss elo eemol am Joer préiwen, op déi Sonnerverwaltungsregioun nach iwwert genuch Autonomie verfüügt, déi d‘Provënz eligibel fir amerikanesch Handelsreguléierunge mécht. Mam zweete Gesetz gëtt den Export vun Tréinegas, Pefferspray an Gummiskugelen un d‘Police vun Hong Kong verbueden. Dëst Gesetz huet awer éischter e symbolesche Wäert.

Zu Peking ass d‘Stëmmung liicht ugespaant

D‘Chinese betruechten dës Gesetzer als eng däitlech Provokatioun an werfen dem US-Kongress vir sech a bannenzeg Ugeleeënheeten ze mëschen. Peking huet dann haut de Moien och den amerikaneschen Ambassadeur „agelueden“ an de Regierungsspriecher huet betount: „Als Äntwert op déi falsch Entscheedung vun den USA wäerte mir Géigemoossnamen ergräifen“. China huet net wëlles seng Souveränitéit opzeweechen a wäert et verstoen seng Interessen ze verdeedegen.

Mat der Kris zu Hong Kong an dem Fakt, datt sech ëmmer méi US-Politiker oppen hannert déi pro-demokratesch Beweegung stellen (d‘Spriecherin vum Representantenhaus, Nancy Pelosi, hat sech mat engem ‚Free Hong Kong‘ Protest T-Shirt fotograféiere gelooss) stellt sech elo d‘Fro, wéi een zu Washington gedenkt déi ugeschloe Bezéiungen nees ze verbesseren. Hong Kong huet sech an den Handelskrich „ageschlach“ an et dierf ee gespaant op déi weider Schrëtt vu Peking waarden…

mat indymedia/nyc

Foto: © White House

Related topics China, Hong Kong, Mënscherechter, Sanktiounen, US-Kongress, US-President
Next post Previous post