Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Lëtzebuerg ass e Musterschüler beim schnelle Internet
International Money manhattan 34 speed dating

https://moien.lu/love-circle-dating-site/

D’Lëtzebuerger si schnell a gutt am Internet ënnerwee. 90% vun

Hëllef beim Kaf vun engem propperen Auto
International Money manhattan 34 speed dating

Hëllef beim Kaf vun engem propperen Auto

Fir méiglechst séier d‘Dispositioune vum Koalitiounsaccord, am Bezuch op d‘Dekarbonisatioun

Stock-Car: Eng gelleg Meeschterschaftsfeier mat gudde Frënn
International Money manhattan 34 speed dating

Stock-Car: Eng gelleg Meeschterschaftsfeier mat gudde Frënn

Et war wéi gewinnt eng flott a gemittlech Meeschterschaftsfeier déi

money

US-President sabotéiert Welthandelsorganisatioun

D‘Appellsgeriicht vun der WTO kann ab Dezember net méi siegéieren et gëtt net genuch Riichter

US-President sabotéiert Welthandelsorganisatioun

D‘Welt dréit op der Felg: Klimakatastrophen, Äerderwiermung, bestoend Konflikter (an därer déi a Virbereedung sinn) an en US-President deen déi (wirtschaftlech) Weltherrschaft fir säi Land ustrieft sollt der Welt ze denke ginn. Säi Kampf géint bestoend an deels bewäert Institutioune kritt eng nei Dimensioun: elo gëtt Sabotage un der Welthandelsorganisatioun (WTO) bedriwwen…

Bedenklech: den indesche Riichter Ujal Singh Batia ass nach ee vun de leschte Riichter deen um Appellsgeriicht vun der WTO, der leschter Instanz vun der Mediatioun déi hire Sëtz zu Genève huet. An et ass gewosst, datt och dem Inder seng Deeg gezielt sinn. Vun den dräi Riichter déi nach do sinn, ass am Dezember nëmmen nach een iwwreg, da geet den Ujal Singh Batia an d‘Pensioun.

Elo fänkt et dann och un ze „presséieren“ well wann se bei der Welthandelsorganisatioun net séier eng Äntwert fannen, ka kee Sträit méi geschlicht ginn. Laut de Statute vun der WTO brauch et hei mindestens dräi Riichter. Sinn déi net do, ass d‘Schlichtung – ëmmerhin eng droend Sail vun der Institutioun – net méi séchergestallt. An haidegen Zäiten ass datt awer ëmmer méi wichteg.

Komplexitéiten a loscht op de Sträit

Bezitt ee sech op d‘Aussoe vun Handelsjuristen, dat stellt ee fest, datt ëmmer méi Fäll déi bei der WTO usässeg ginn, engersäits vill méi komplex ginn, anersäits déi sech géinteniwwer stoend Parteien op laang Prozesser astellen. Gutt 70% vun den Entscheedunge gi kontestéiert a lande beim Appellsgeriicht. Also zumindest theoretesch, well en Appell muss bannent 90 Deeg entscheet ginn.

Dat ass, wéi ee sech et liicht virstelle kann, mat dräi Riichter net ze maachen an d‘Lëscht mat den „oppenen Dossieren“ gëtt vun Dag zu Dag méi laang. Wann elo d‘US-Regierung seng „Blockad“ weiderféiert an am Dezember tatsächlech nëmmen nach ee Riichter sollt iwwreg bleiwen, da ka kee Sträitfall méi ofschléissend entscheet ginn. Domatter wier d‘WTO dann eigentlech iwwerflësseg.

Existenziell Ängschten

An d‘Welthandelsorganisatioun ass dann och elo an enger existenzieller Kris. Kritt d‘WTO seng Regelen net méi duerchgesat, da wäerten sech d‘Memberlänner och net méi verflicht fillen, dës Regelen anzehalen. An domatter wier de regelbaséierte multilateralen Handelssystem um Enn. An datt ass genee d‘Zil dat den Donald Trump sech gesat huet, well et US-Entreprise Virdeeler bréngt.

Kann d‘WTO seng Regelen net méi duerchsetzen, mussen d‘USA an d‘US-Entreprisen sech och net méi „onbeléiften“ Uerteeler ënnerwerfen. E Fait dee ganz am Sënn vum US-President a senger „America First“ Politik ass. Datt domatter de gesamte Welthandel a vill Handelsaccorden a Fro gestallt ginn, ass net dem Milliardär seng Suerg. Hien ass am Wahlkampf a wëll President bleiwen.

mat indymedia/gva/nyc

Foto: Ganz rezent hunn sech Japan a Südkorea zolidd an d‘Hoer kritt. Japan huet e Freideg annoncéiert op Ufro vu Südkorea bilateral Gespréicher opzehuelen, nodeems den Import/Export méi streng soll kontrolléiert ginn, a Südkorea bei der WTO Klo agereecht huet. E Fall deen duerchaus Vocatioun huet virum Appellsgeriicht ze landen, wann et dat dann nach sollt ginn. © Peoples Daily

Ähnlech Sujeten Appellsgeriicht, Donald Trump, US-Regierung, Welthandelsorganisatioun, WTO
Nächsten Artikel Virrechten Artikel