Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Esch-Uelzecht: d‘Kultur um Préifstand
International Neiegkeeten Stories

Esch-Uelzecht: d‘Kultur um Préifstand

Déi Escher hunn eng Etüd lancéiert, bei där et drëms

Wéi steet et ëm eis Pensiounen?
International Neiegkeeten Stories

Wéi steet et ëm eis Pensiounen?

Enn Juli hat sech den LSAP-Deputéierte Mars di Bartolomeo beim

USA: Neien Infektiounshéchststand
International Neiegkeeten Stories

USA: Neien Infektiounshéchststand

Den US-President hat am Fréijoer gemengt, datt wann d‘Wieder nees

US-President schaaft Diskriminéierungschutz fir Transgender of

Biergerrechtsorganisatioune fäerten elo, datt Gesondheetsdéngschter de Betraffenen d‘Versuergung verweigere kéinten

US-President schaaft Diskriminéierungschutz fir Transgender of

Den Donald Trump schéngt erkannt ze hunn, datt en zweet Mandat al President vun den USA net méi esou sécher ass, wéi hien sech dat nach bis virun der Covid19-Pandemie virgestallt huet. Elo gëtt no allem gegraff, wat „populär“ ass, mee gewëssen Decisiounen droen eenzeg derzou bäi, datt d‘Gesellschaft weider gespléckt gëtt. Dat bedauerlecherweis mat wäitreechende Konsequenzen…

E Samschdeg huet de Milliardär eng weider, vum sengem Virgänger Barack Obama agefouert Regel, zréckgeholl. Déi huet transgender Persoune virun Diskriminéierung am Gesondheetswiese geschützt. 2016 hat d‘US-Regierung ënnert der Leedung vum éischte schwaarze President e Gesetz ugeholl, an deem d‘Definitioun vu „Geschlecht“ d‘Biergerrechter am Gesondheetswiesen iwwert dat „biologescht Geschlecht“ eraus ausgewäit, fir all Geschlechtsidentitéiten ze erfaassen.

Leschte Freideg huet den US-Gesondheetsministère erkläert, datt een elo nees zur Interpretatioun vum Wuert Geschlecht, nees op „männlech oder weiblech a wéi vun der Biologie bestëmmt“ wäert zréckkommen. Eng Fuerderung déi vun de konservativen a reliéise Leader am Land scho länger am Raum gestanen huet. Si hunn sech ëmmer drop behaapt, datt de Barack Obama seng rechtlech Autoritéit mëssbraucht a mat dëser ëmfaassender Interpretatioun vum Geschlecht iwwerschratt hätt.

TransgenderD‘Mary Beth Waddell vum reliéis-konservative Veräin „Family Research Council“ erkläert dozou: „No der aler Obama-Reegel hätte Medeziner kënne gezwonge ginn, Operatiounen an Avortementer zur Geschlechtsupassung virzehuelen, och wann Si der Usiicht sinn, datt eng esou en Agrëff net mat hirem Gewësse vereenbar, oder schiedlech fir de Patient schiedlech wier“. Dozou muss ee wëssen, wat sech hannert dësem Rot verstoppt, a wéi wichteg hir Membere fir den Donald Trump sinn.

Reliéisen Extremismus

De „Family Research Council“ (FRC) ass eng vu villen Denkfabricken déi et an de USA gëtt, mee eng vun deenen déi vill Afloss huet. Si gouf ugangs den 80er Jore vum James Dobson gegrënnt, fir de reliéis „rietsen“ méi Visibilitéit ze ginn a gesäit sech selwer als Lobbyorganisatioun. Si ass séier zur Interessevertriedung fir konservativ Mesuren um Capitol Hill erugewuess. Si setzt sech aktiv a mat vill Geld géint Ofdreiwung, Homosexualitéit an esouguer d‘Scheedungsrecht an.

TransgenderËnnerstëtzt gëtt d‘FRC, déi een am beschten als „amerikanesch protestantesch-fundamentalistesch Aktivisten“ beschreiwe kann, vun der privater Oprëschtungsentreprise Blackwater, mee och vun Acteuren aus dem Finanzberäich, wéi beispillsweis Black Rock. Vill Zousproch erhält d‘FRC och vun aneren Associatiounen, wéi „March 4 Life“. Eng Organisatioun déi den Avortement per Gesetz zum Verbrieche wëll erklären, an hir Homophobie net emol usazweis ze verheemleche versicht.

Hinne géinteniwwer steet den „National Center for Transgender Equality“, en nationale Verband, dee sech fir d‘Gläichstellung vun transgender Persounen asetzt. Zur Erënnerung mat „transgender“ gi Mënsche bezeechent, déi sech net mat hirem biologesche Geschlecht identifizéieren, an dëst entweder „änneren“ oder d‘Bezeechnung „Mann“ oder „Fra“ ofleenen. Den nationalen Zenter fir d‘Gläichstellung vun Transgender (NCTE) huet d‘Decisioun vum US-President schaarf denoncéiert.

Ass eng juristesch Léisung méiglech?

An hirem Communiqué huet den NCTE drop higewisen, dat d‘Veruerdnung vu Versécherungen an Doktere kéint genotzt ginn, fir dëse Mënschen déi medezinesch Versuergung ze verweigeren. Dat wier mat enger „gesetzlecher Krankekeess“ net dran, mee d‘USA betruechten esou eppes als „kommunistesch“ an d‘Assurance kënnen sech nu emol hir Clienten aussichen. Mee net eleng den NCTE wëll géint d‘Mesure virgoen, och Biergerrechtsbeweegungen hu Kloen ugekënnegt.

Transgender

Bei der New York Pride 2019, hat et eng Delegatioun vun homosexuelle Polizisten – déi vu villen „Hetero-Kolleegen“ ënnerstëtzt goufen – sech fir méi Gläichberechtegung vun der LGBTQI-Communautéit agesat. Dat wäert dëst Joer ugesiichts de Manifestatioune géint Policegewalt, wuel net méi de Fall sinn. © Brian Kyed / unsplash

Interessant ass allerdéngs, dat déi eigentlech éischter konservativ agestallten „American Medical Associatioun“ (AMA) sech och mat massiver Kritik zur Trump-Decisioun geäussert huet. Hei huet d‘AMA-Presidentin Dr. Susan Bailey statuéiert: „D‘Regierung dierf et Eenzelpersounen nimools erschwéieren, Zougang zu medezinescher Versuergung ze erhalen – egal och wärend enger Pandemie oder zu jidder anerem Zäitpunkt“. Si kéinten sech de Kloen duerchaus uschléissen.

Natierlech huet esou eng Decisioun och vill politescht Potential, firwat d‘Demokraten, déi esou gesinn net wierklech manner „konservativ“ sinn, dës Entscheedung hisichtlech de Wahlen am November ughräifen. Esou huet dem Trump säin demokratesche Géigekandidat Joe Biden op Twitter geschriwwen: „Dem Donald Trump seng Grausamkeet kennt wierklech keng Grenzen“.

Wéi eng Absichten derhannert stinn

Den Joe Biden huet drop higewisen, datt d‘Annonce vun der Regierung um Joresdag vum Attentat op en LGBT-Nuechtclub (Pulse Nightclub zu Orlando -2016) a matten am „Pride-Mount“ (dee gëtt all Joer am Juni zelebréiert) wou un d‘Evenementer vun 1969 an der New Yorker Christopher Street erënnert gëtt, erausgaangen ass. Dat ka keen Zoufall sinn. Ass et och net, an d‘Spriecherin vum US-Representantenhaus Nancy Pelosi (Demokrat) huet sech an dëser Kausa och zu Wuert gemellt.

Transgender

Dem Donald Trump seng Entscheedung d‘Rechter vun der LGBTQI-Communautéit nees anzeschränken, ass politesch brisant mee och ee „Kaddo“ fir de politesche Géigner, déi dëst zu wahlkampfpoliteschen Zwecker wäert ze benotze wëssen.

„Dat ass ee geféierlechen Ugrëff op eis Grondwäerter ‚Gläichheet & Gerechtegkeet‘ an elo esou eng Diskriminéierung an wesentleche Bundesrichtlinnen ze verankeren ass grad an dësen Zäiten onverständlech an onverzeilech. All Amerikaner huet d‘Recht, ouni Aschüchterung oder Angscht medezinesch Hëllef an Usproch ze huelen an och ze erhalen“, esou d‘Nancy Pelosi an hirer Reaktioun op déi reng wahlkampfpolitesch motivéiert Entscheedung vun der Trump-Regierung.

Transgender

Wéi sech 2016 zu Orlando islamistesch Extremisten um Pulse Nightclub zu Orlando (Florida) – wou sech d‘LGBTQI-Community getraff huet – vergraff, a vill Mënschen ëmbruecht haten, war dëst dem Donald Trump säin Tweet.

Et ass awer net déi éischt Mesure vum gréissten amerikanesche President an der Geschicht. Den Donald Trump huet a sengem Mandat eng ganz Rei vu Moossnamen, déi ënnert dem Barack Obama geholl goufen, nees zeréckgeholl. D‘Liberaliséierung vun den LGBTIQ-Rechter waren dem Milliardär ëmmer zuwidder. Hien huet derfir gesuergt, dat transgender Persoune vum Militär ausgeschloss kënne ginn an eng Verfügung erlooss, déi et Obdachlosenënnerkënften erméiglecht, d‘Geschlechtsidentitéit als „Kritär“ unzeféieren, wann si ee „Bett fir d‘Nuecht“ ubidden.

mat indymedia/was/nyc

Illustratioun: De Mount Juni gëtt an den USA als „Pride-Mount“ bezeechent. Hei ginn an alle Groussstied Manifestatiounen ofgehalen, déi engersäits un d‘Evenementer an der Christopher Street zu New York erënnere sollen, mee virun allem fir d‘Gläichberechtegung a géint d‘Diskriminéierung wéinst der sexueller Ausriichtung, ausgedroe ginn. © Erin Song / unsplash

Ähnlech Sujeten American Medial Association, Donald Trump, Family Research Council, Gläichberechtegung, National Center for Transgender Equality, Transgender
Nächsten Artikel Virrechten Artikel