Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Déi „schwaarz Bei“ en natierleche Patrimoine
online dating nur idioten Neiegkeeten

dating sweden free

D‘Hunneg-Bei ass aus wirtschaftlecher Siicht een vun de wichtegste Bestäuber

https://moien.lu/why-are-dating-sites-so-popular/
online dating nur idioten Neiegkeeten

Douanesgewerkschaft: Ongerechtegkeeten féieren zur Onzefriddenheet!

Am Mee an Dezember 2018 hunn 2 Entrevuë mat der

Editorial: Deng Sécherheet ass gefillt
online dating nur idioten Neiegkeeten

Editorial: Deng Sécherheet ass gefillt

Hei eng Saach, déi s de mengs ze wëssen: Deng

Kritt den US-President seng léifste Spillsaach entzunn?

An den USA geet et mat der Doudesstrof de biergan...

Kritt den US-President seng léifste Spillsaach entzunn?

Den amerikanesche President wënscht sech eng gréisser Uwennung vun der Doudesstrof, mee 2018 beweist, datt déi ëmmer manner Zousproch huet. Nach ni goufen esou mann Mënschen zu Dout veruerteelt, nach ni goufen esou mann Mënschen higeriicht.

„Nëmmen“ 25 zum Dout veruerteelt Persoune sinn 2018 higeriicht ginn. Dee leschten a Florida, den 13. Dezember… Esou steet et am Joresbericht vum Informatiounszenter zur Doudesstrof (DPIC). E weidere Beweis fir de Réckgang vun der Uwennung vun der Doudesstrof: am Bundesstaat Washington ass se ofgeschaaft ginn. Et ass deen 20. Bundesstaat an deem net méi higeriicht gëtt.

Vun deenen 30 anere Bundesstaaten, hunn der aacht Hiriichtunge virgeholl. Dovunner entfält méi wéi d‘Hallschent (13) op eleng Texas. A gesäit een emol vun dësem Bundesstaat of, hunn d‘Zuelen en historeschen Déifpunkt erreecht, wann ee n d‘Joer 1991 als Referenzperiod unhëlt. Dat selwecht Bild op de Geriichter: nëmmen 42 Doudesuerteeler goufe geschwat. 1996 waren et der nach 315.

Den US-President ass „onzefridden“

Dës Zuele gefalen dem Donald Trump esou guer net. Hie reklaméiert reegelméisseg, datt et méi Doudesuerteeler muss ginn. „Leit déi sech un onschëllege Mënschen a Kierchen oder Tempel vergräifen, mussen den héchste Präis fir hir Dot bezuelen“, hat hien nach de 27. Oktober gesot, direkt nom Uschlag op eng Synagog zu Pittsburgh, wou 11 Persoune gestuerwe sinn.

Bei aner Geleeënheeten huet de republikanesche Milliardär d‘Doudesstrof fir Polizistemäerder, Islamisten, an am Kampf géint d‘Droge gefuerdert. Méi Konkret: den Donald Trump huet zwee Riichter an den ieweschte Geriichtshaff ernannt, wouduerch d‘Lager vun de Progressisten, méi op fir d‘Ofschafe vun der Doudesstrof, op Joren an der Minoritéit ass.

Déi „héich Juridiktioun“ huet d‘Aufgab op d‘Anhale vun der Verfassung uecht ze doen. Déi verbitt „grausam an ongewéinlech Strofen“. Et hänkt also vum ieweschte Geriichtshaff of, eng Doudesstrof ze bestätegen oder opzehiewen. D‘Supreme Court hat d‘Doudesstrof 1972 ofgeschaaft, mee se 1976 nees agefouert. Zanterhier ass seng Uwennung ageschränkt ginn, notamment fir Mannerjäreger…

Et muss méi „Human“ higeriicht ginn

Datt säit elo engem Joerzéngt den Asaz vun der Doudesstrof „réckleefeg“ ass, huet bei geneeër Betruechtung manner domatter ze dinn, datt d‘Amerikaner hir Mäerder net méi wéilten hiriichten. De Grond ass en aneren: engersäits stellt sech d‘Fro vun der Legitimitéit d‘Doudessprëtz ze notzen, anersäits gëtt et zolidd Problemer sech déi chemesch Substanze fir d‘Doudessprëtz ze besuergen.

An d‘Géigner vun der Doudesstrof hunn d‘Recoursen, géint déi chemesch Cocktaile vervillfacht. D‘Argument: den Asaz vum Medikamentecocktail fir inhuman, géif déi Veruerteelt „Doudesqualen“ aussetzen, wouduerch all kéiers géint d‘Verfassung verstouss gëtt. Déi grouss Pharmakonzerner wëllen och net méi mat der Doudesstrof a Verbindung bruecht ginn, a liwwere keng Produite méi.

Aus dësem Grond war 2018 gekennzeechent duerch d‘Reprise vum elektresche Stull. Deen huet am Tennessee zweemol missen agesat ginn – wou en eigentlech zanter 2013 ausrangéiert ass – wëll déi Condamnéiert „en Enn mat Schrecken, engem Schrecken ouni Enn“ virgezunn hunn. D‘Riichterin, Sonia Sotomayor, erkennt heiranner den helle Wahnsinn, a refuséiert sech dësen Hiriichtungen.

Sinn d‘Amerikaner skeptesch ginn?

Fir den DPIC, huet de Réckgang bei der Ausféierung vun der Doudesstrof och domatter ze dinn, datt d‘Amerikaner ëmmer méi skeptesch wieren, wat seng „Wierkung“ ubelaangt. Laut engem Sondage vum Oktober, si 56% vun den US-Bierger fir d‘Doudesstrof, an nëmmen nach 49% sinn der Meenung, datt d‘Doudesstrof berechtegt ugewannt gëtt. Dat ass de niddregsten Taux a 45 Joer.

Och d‘Midterm-Wahle vum 6. November loossen drop schléissen, datt d‘Doudesstrof weider wäert ofhuelen. Bei dëse Walen – esou d‘Schlussfolgerung vum DCIP – hätten d‘Bierger sech fir Procureuren entscheet, déi méi reformistesch agestallt sinn. Och d‘Gouverneuren, déi sech fir Moratoire staark gemaach hunn, sinn am Oregon a Pennsylvania erëmgewielt ginn.

Am Rapport huet déi „onpolitesch“ Organisatioun, dem Donald Trump seng Positiounen net méi opgeholl. Deen huet sech et awer net huele gelooss, a seng Meenung wéi gewinnt iwwer Twitter an d‘Welt gedroen. Experte sinn dann och der Usiicht, datt wann „e Mëttel fonnt gëtt dat vun de Leit als human bewäert gëtt“, et nees verstäerkt zu Hiriichtunge ka kommen.

mam Charlotte Plantive/AFP

Foto: Déi „lescht Minutten“ virun der déidlecher Injektioun. © Getty Images/AFP

Ähnlech Sujeten Donald Trump, Doudesstrof, Doudesuerteeler, DPIC, US-President
Nächsten Artikel Virrechten Artikel