Search

You may also like

Zil erreecht: 1 Millioun Ënnerschrëfte fir eis Déieren!
International Neiegkeeten

Zil erreecht: 1 Millioun Ënnerschrëfte fir eis Déieren!

Säit September 2018 ass déi Europäesch Biergerinitiativ fir d’Enn vun

Der Natur ganz no: Mam Solarboot de Stauséi erliewen
International Neiegkeeten

Der Natur ganz no: Mam Solarboot de Stauséi erliewen

Loscht op eppes Neies, Natur a bësse Geschicht? Ab elo

De Marc Angel zur Revisioun vu Fluchgaaschtrecht-Veruerdnung
International Neiegkeeten

De Marc Angel zur Revisioun vu Fluchgaaschtrecht-Veruerdnung

Ënnert der aktueller kroatescher EU-Rotspresidentschaft läit eng Revisioun vun der

Den US-President huet seng Stëmm ofginn

„Ech hu fir en Typ mam Numm Trump gestëmmt“, esou de Locataire vum Wäissen Haus...

Den US-President huet seng Stëmm ofginn

Milliounen Amerikaner hunn et schonn hannert sech bruecht, an hir Stëmm am US-Wahlkampf ofginn. Esou elo och den Donald Trump selwer, dee sech ganz „onerwaart“ selwer gewielt huet. Interessant: hien huet sech fir seng vun de Medie begleeten Ofstëmmung eng Bibliothéik zu West Palm Beach (Florida) ausgesicht. Hie soll iwwert d‘Presenz vun de ville Bicher gestaunt hunn…

Nodeems den US-President säin (hoffentlech gültege) Stëmmziedel agehäit hat, huet dësen an d‘Kamerae gekuckt a verkënnt: „Ech hu fir en Typ mam Numm Trump gestëmmt“. Eng ganz gutt Geleeënheet fir nees géint d‘Bréifwahl ze stëppelen. „Eng perséinlech Stëmm ass méi sécher wéi eng déi dir mat der Post ofgitt“, esou de Milliardär, deen an de Sondagen hannert dem Biden läit.

US-President

Datt den Donald Trump kee Frënd vun der Bréifwahl ass, dat huet dësen zanter Méint ëmmer nees däitlech gemaach. Hien huet de „Postal Service“ finanziell an d‘Laberente bruecht, indirekt alles an d‘Wee geleet datt Bréifkëschten ofgebaut ginn a behaapt sech vehement drop, datt d‘Bréifwahl just d‘Wahlfälschung géif erausfuerderen. Dat ass erwisenermoosse Quatsch, mee seng Fans léiwen et.

Woubäi et dem Donald Trump manner drëms geet d‘Leit vun der Bréifwahl ofzehalen, wéi sech ee Sécherheetsnetz ze spanen, wann hien am Uschloss un d‘Presidentschaftswahl um 3. November sollt sengem politesche Géigner ënnerleeë sinn. Seng Strategie baut den Ament drop op, Zweiwel um Wahlausgang opzewerfen an hie schéngt zimmlech erfollegräich dës an d‘Käpp ze setzen…

Datt den US-President seng Stëmm am Bundesstaat Florida ofginn huet, ass dem Fait geschëlt datt hien engersäits zanter engem Joer do säin offizielle Wunnsëtz huet, anersäits datt Florida zu deenen US-Bundesstaate gehéiert, wou d‘Wieler scho virum offiziellen Termäin hir Stëmm dierfen ofginn. Zur Stonn hu ronn 50 Milliounen US-Bierger scho gewielt, physesch oder ebe per Bréifwahl.

Vill amerikanesch Stëmmberechtegter hunn am Kontext vun der Covid19-Pandemie, dëst Recht op ee fréie Vott genotzt. Well de gréissten Diplomat an der Geschicht vun den USA awer d‘Suerg opkomme gelooss huet, dat per Post verschéckte Stëmmziedel net zäiteg ukomme kéinten, huelen d‘Bierger stonnelaang Waardenzäiten op sech, fir perséinlech ofzestëmmen. Droleg Demokratie…

mat indymedia/mia

Foto: Zéng Deeg virum amerikanesche Wahldag goufen an den USA iwwer 80.000 Neiinfektioune mam Covid19 gemellt. Um Freideg goufen 83.757 Fäll gezielt (+12.000 géintiwwer dem Virdag) a wéi d‘John-Hopkins-Universitéit statuéiert, ass dat den héchste Wäert zanter dem Ausbroch vun der Pandemie. Bis ewell sinn eng 224.000 Amerikaner dem Virus erleeën, méi wéi an all anerem Land op der Welt. Den Donald Trump huet seng Infektioun jo mat Bravour iwwerstanen an ass esou och weiderhin iwwerzeegt, datt dës sanitär Kris séier wäert beendegt sinn. Doriwwer eraus bleift et och derbäi, datt China Schold huet an d‘Demokraten d‘Mënsche just erschrecke wëllen. © White House

Related topics Bréifwahl, Covid19, Donald Trump, US-Wahlkampf 2020, USA
Next post Previous post