Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Stroossen: Aquapark „Les Thermes“ zelebréiert 10. Jubiläum
International réckbléck Stories

Stroossen: Aquapark „Les Thermes“ zelebréiert 10. Jubiläum

Woubäi dat Wuert „Schwämm“ sech fir dësen imposante Bau an

Den naturdréiwen aus der Echternacher Brauerei
International réckbléck Stories

Den naturdréiwen aus der Echternacher Brauerei

Et ass en „Hellen“ deen de Braumeeschter Mathias Mertes, mat

Washington veruerteelt EU-Hëllefsplang fir den Iran
International réckbléck Stories

Washington veruerteelt EU-Hëllefsplang fir den Iran

Op e neits mëschen sech d‘USA an d‘EU-Diplomatie an. En

US-President verdeedegt d‘Meenungsfräiheet

US-President verdeedegt d‘Meenungsfräiheet

Well den Donald Trump der Usiicht ass, datt Online-Plattforme wéi Twitter „Zensur“ ausüben, wëll hie se mat enger neier Veruerdnung méi staark Reguléieren. Eng entspriechend Verfügung huet hien dann och gëschter am Wäissen Haus ënnerzeechent. Dës Decisioun huet den US-President getraff, nodeems de Kuerznoriichtendéngscht zwee vu senge Posts mam Etikett „Faktencheck“ gelabelt hat.

Am „Communications Decency Act“ et eng Klausel, déi als „Section 230“ bekannt ass. Doranner geet et drëms, datt Online-Plattformen net fir vun User verëffentlechten Inhalter kënnen zur Rechenschaft gezu ginn. An engems erlaabt dës Klausel de Plattformbedreiwer géint Inhalter an User virzegoen. Laut dem US-Justizminister, wier dës Klausel iwwerinterpretéiert ginn.

Laut dem William Barr, soll dës Klausel awer net ofgeschaaft ginn, si misst awer reguléiert ginn. Fir den Donald Trump geet et hei eenzeg an eleng drëms d‘Meenungsfräiheet an d‘Demokratie virum Mëssbrauch ze schützen. Hie beklot, datt d‘Acteuren am Beräich vun de sozialen Netzwierker eng „onkontrolléiert Muecht“ hätte fir mënschlech Interaktiounen ze zenséieren an anzeschränken.

US-PresidentEsou eng Zensur wier net zoulässeg an och wann ersiichtlech wier, datt déi concernéiert Plattforme wäerte géint seng Veruerdnung juristesch virgoen, den US-President ass fest entschloss sech net de Mond vun Twitter oder Facebook verbidden ze loossen. Dat ganzt Gedeessems ass dem Fait geschëlt, datt Twitter en Dënschdeg zwee senger Tweets mam Etikett „Faktencheck“ gelabelt gouf.

Dem Donald Trump seng Tweets zum Thema „Bréifwahl“ goufe vun Twitter mat enger „Warnung“ gekennzeechent, an deem d‘Lieser mat engem Link opgefuerdert goufen, sech weider Informatioun zur Bréifwahl anzehuelen. Op de Label „Faktencheck“ schonn Zensur ass, dat wäerten elo Juriste musse klären. D‘Reaktiounen op dem Trump seng Veriergerung si jiddefalls en Topic op Twitter.

Och eng Ligen ass just eng Meenung

An engem Tweet ënnerstellt den US-President Twitter, hien am Virfeld vun der Presidentewahl am November zenséieren ze wëllen. Sengen 80 Millioune Follower huet hie versprach, datt eng Zensur net wäert toleréiert ginn. Déi inkriminéiert Plattformen hätte schonn 2016 alles versicht, d‘Wahlen ze sabotéieren an elo géifen se komplett duerchdréinen. Eigentlech misst een se „Terminéieren“.

Dem Donald Trump seng politesch Géigner, d‘Demokraten hunn hirersäits bedauert, datt Twitter sech esou laang Zäit gelooss hätt fir iwwerhaapt emol ze reagéieren. En duerchaus valabelt an och fundéiert Argument, wann ee sech op dem Jeff Bezos (Amazon) seng Washington Post bezitt, déi eng Statistik vum Trump senge Kuerznoriichten op der Online-Plattform ugeluecht hunn.

US-PresidentAus dëser geet ervir, datt den Donald Trump säit Amtsuntrëtt, iwwer 18.000 Tweets verëffentlecht huet, déi erwisenermoosse falsch oder irféierend Inhalter hunn. Zudeem muss gewosst sinn, datt dem US-President seng „Roserei“ net nei ass. Schonn dat lescht Joer ass am Wäissen Haus haart iwwert Mesuren nogeduecht ginn. Et misst gekläert ginn, wat sech d‘Plattformen erlaben dierfen.

Dorëms sollt sech déi Federal Handelskommissioun (entsprécht eisem Konsumenteschutzministère, dee vum Paulette Lenert geleet gëtt) këmmeren. Am Fong geet dorëms ze klären, op déi sozial Netzwierker – an Twitter am besonneschen – den Informatiounsfloss reguléiere fir d‘Community ze schützen, oder „Aussoen“ déi hirer „Meenung“ net entspriechen, markéieren oder Läschen…

Politesch Neutralitéit oprechterhalen

De republikanesche Senateur Josh Hawley huet dann och ee Mëttwoch dem CEO vun Twitter ee Bréif geschriwwen, an deem hie festhält: „d‘Entscheedung politesch Inhalter ze kommentéieren, stellt a Fro op Twitter sech nach kann op de spezielle Statut an déi domadder verbonnen Immunitéit beruffen, esou wéi dat an de Sektioun 230 vum Kommunikatiounsgesetz eigentlech virgesinn ass“.

Fir de Senateur aus Missouri wieren dës Agrëffer net rechtens. „Wann Twitter Inhalter vun User editorialiséieren a kommentéiere wëll, da muss si sech deene selwechte Reegelen ënnerwerfen, wéi dat fir aner Publizisten dee Fall ass“. De Brendon Carr, Republikaner an zukünftege Chef vun der federaler Kommunikatiounskommissioun (FCC) huet op Fox-News dozou och eng Meenung gehat.

US-PresidentHien huet an der Sendung vum kloer „Pro-Trump Moderator“ Tucker Carlson notéiert, datt de Label „Faktencheck“ eng politesch Meenung ausdréckt, also „Partei ergräift“. Esou géif ee selwer zum politeschen Acteur ginn, wat entspriechend dem „First Amendment“ sécher zoulässeg ass, mee net méi ënnert de Schutz vun der Sektioun 230 vum Kommunikatiounsgesetz fale kann.

De Brendon Carr huet nach op den Usproch vun Twitter a Facebook verwisen, politesch neutral ze sinn. Mat der Aart a Weis awer, wéi matten am Wahlkampf agéieren, also quasi an déi politesch Ausenanersetzung agräifen, géif si zu politeschen Aktiviste maachen, oder wéi dat hautdesdaags genannt gëtt: als „Influencer“ optrieden. Dat awer kéint déi genannte Klausel net ofdecken.

De Konkurrent ass amuséiert

Tëscht de Konkurrenten Twitter a Facebook stinn net nëmme wirtschaftlech Interessen, och bei der Politik geet een ënnerschiddlech Weeër. Hei geet et jo schliisslech och ëm masseg Geld, an de Mark Zuckerberg, dee mat enger plakeger Broscht méi Problemer huet wéi mat politescher Propaganda, huet sech – natierlech och op Fox-News – zu den erhuewene Virwërf missen äusseren.

Hien ass wuel skeptesch, wat déi annoncéiert Reguléierung vun de sozialen Netzwierker betrëfft a geet net dovunner aus, datt et juristesch méiglech ass, Online-Plattformen zouzemaachen, just well decidéiert gi wier, falsch oder irféierend Message erkenntlech ze maachen. Nach wieren dës Portaler och wirtschaftlech Acteuren, an déi solle schonn d‘Recht hunn, hiert Produkt ze schützen.

US-President

„Am grousse Ganzen, mengen ech datt eng Regierung, déi eng Plattform wëll zenséieren, well si besuergt ass datt eng Zensur stattfënnt, ass hei en éischter schlechte Reflex“, esou de Mark Zuckerberg, CEO vu Facebook. Hien ass allerdéngs och der Meenung, datt Plattforme wei ebe Facebook an Twitter net ze entscheeden hunn, op d‘Äerd elo eng Scheif oder eng Kugel ass.

E flott Argument, dat eigentlech fir den Donald Trump schwätzt, wann et ëm „Fakte“ geet. Wann et nämlech méiglech ass sech a Posts drop ze behaapten, datt d‘Äerd eng Scheif, a Gott all Liewen op dëser Scheif geschafen huet, ouni datt een dat mat engem Faktenchecklabel kennzeechent, da muss een och dee gréisste politesche Blödsinn als Ausdrock vun der Meenungsfräiheet toleréieren.

mat indymedia/sfo/was/nyc

Foto: © White House

Ähnlech Sujeten Communication Decency Act, Donald Trump, Facebook, Sozial Netzwierker, Twitter, US-President
Nächsten Artikel Virrechten Artikel