Search

You may also like

E Buergermeeschter a säi Mea-Culpa
International Neiegkeeten

E Buergermeeschter a säi Mea-Culpa

De Buergermeeschter (a gréngen Deputéierten) vun Déifferdeng gëtt vun den

Méi Subside fir Luxembourg Air Rescue
International Neiegkeeten

Méi Subside fir Luxembourg Air Rescue

Den LAR – am Volleksmond d‘Air Rescue genannt – ass

Post-Brexit-Ofkommes: Hansen fuerdert Decisioun bis Enn Oktober
International Neiegkeeten

Post-Brexit-Ofkommes: Hansen fuerdert Decisioun bis Enn Oktober

Mir si bei der 8. Verhandlungsronn vum Post-Brexit-Ofkommes ukomm an

US-President stellt der WHO en Ultimatum

Den Donald Trump huet zudeem ganz oppen zouginn, datt hie prophylaktesch Hydroxychloroquine géint de Virus anhëlt

US-President stellt der WHO en Ultimatum

An engem Bréif un d‘Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) huet den US-President Donald Trump der Institutioun gedreet, den Geldkrunn endgülteg zouzedréinen an esouguer aus dem Verbond ganz auszetrieden. Et geet nach ëmmer ëm de vermuttlechen Afloss dee China bannent der WHO soll hunn. Aktuell fënnt déi 73. Joresversammlung vun dëser internationaler Institutioun statt…

Elo huet d‘WHO dann 30 Deeg Zäit wiesentlech Verbesserungen erbäizeféieren, wéi aus dem US-President sengem op Twitter verëffentlechte Schreiwes ervirgeet. Resuméiert heescht et an dësem véiersäitege Bréif, datt duerch gravéierend Feeler, d‘WHO der Welt eng Pandemie opgelueden huet déi dës deier wäert ze stoe kommen. D‘WHO hätt sech vu China ofhängeg gemaach an dat geet net.

WHOHien als President vun der gréisster Weltmuecht, kéint net zouloossen, datt d‘Geld vun den US-Steierzueler eng Organisatioun zougedroe ginn, déi net den amerikaneschen Interesse Rechnung dréit. Wann et richteg ass, datt d‘USA de gréisste Financier vun de Flichtbeiträg ass (116 Milliounen US-Dollar fir 2020, géintiwwer 38 Millioune fir China) esou sinn d‘Argumenter schwabbeleg.

Zudeem kann d‘US-Regierung weder d‘WHO nach China dofir verantwortlech maachen, datt si d‘Gefor vun Ufank erofgespillt hunn. Am Ufank war et eng „Hoax“ vun den Demokraten, dann nees just eng „Gripp“ déi esou séier verschwanne géif wéi se opgetaucht ass… Nach ëmmer gëtt et masseg Amerikaner déi d‘Existenz vum Coronavirus verleegnen, wat sech och deite léisst.

Mat der Waff am Grapp an zolidd vum US-President héchstperséinlech animéiert, fuerdere vill US-Bierger déi direkt Reprise vun alle Wirtschaftsaktivitéiten, hale Maske fir Dommheet an sinn och soss ganz op der Linn der Trump-Administratioun. Wann also alles net esou schlëmm ass, an de Virus méiglecherweis net existéiert, widdersprécht dat de Virwërf géintiwwer der WHO a China.

De Gëftmëscher ouni Verstand

An engem Interview huet den Donald Trump um Méindeg erkläert, datt hien sech all Dag seng Dosis Hydroxychloroquine gënnt. Hien ass trotz de Warnunge vum medezinesche Corps an der FDA (Food & Drug Administration) iwwerzeegt, datt dës eigentlech fir Malaria agesaten Drog preventiv anzehuelen ass, an een esou géint déi de Covid19 geschützt ass. Abee Merd alors…

WHOHie géif dëst Medikament zanter annerhallwer Woch anhuelen, an eigentlech hätten d‘Leit näischt ze verléieren, wann si sech hir deeglech Dosis géife vergënnen. Elo ass et awer éischtens net sécher an zweetens gëtt et mindestens eng Referenzetüd déi beweist, datt d‘Drog net hëlleft, mee dofir dem Häerzkreeslaf schwéier zousetzt. (Nozeliesen am Journal of the American Medical Association)

Dem Donald Trump ass et zudeem egal op et wierkt. Hie gëtt oppen zou, datt hien net weess op dëst Medikament wierkt, mee gëtt et zouversiichtlech un: „Wann et net wierkt ass et net weider schlëmm schliisslech gitt dir net Krank dovunner an et stierft wien net drun“. Dat war esouguer dem Neil Cavuto, Anchorman beim Trump Haussender Fox-News, dann awer deem Gudden eppes ze vill.

WHOHien huet den Zuschauer nach emol dat ganzt eppes „zesummegefaasst“: „Wat dir zur Risikogrupp gehéiert an dat als preventiven Traitement anhuelt… da wäert et iech ëmbréngen. Ech kann et guer staark genuch betounen. Dat wäert iech ëmbréngen!“. Den Donald Trump huet sech uschléissend via Twitter fir dës „ganz objektiv“ Bewäertung vun der Sitautioun, beim Sender bedankt…

mat indymedia/was/gva

Illustratioun: © Jonathan Simcoe / unsplash

Related topics Donald Trump, Hydroxychloroquine, Prophylaxe, WHA73, WHO
Next post Previous post