Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Washington verlaangt vun Ankara Garantie fir d‘Kurden
International Neiegkeeten

Washington verlaangt vun Ankara Garantie fir d‘Kurden

E Freideg hat den US-Ausseminister Mike Pompeo de syresche Kurde

Luc Marteling neien Direkter vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch
International Neiegkeeten

Luc Marteling neien Direkter vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch

De Luc Marteling gëtt den éischten Direkter vum Zenter fir

Dem Kim seng Atombomm
International Neiegkeeten

Dem Kim seng Atombomm

Nëmme wéineg Stonnen nodeems d’Vereenten Natiounen den Ofschoss vun enger

US-President ass vum eegenen Affekot virgefouert ginn

US-President ass vum eegenen Affekot virgefouert ginn

Den US-President Donald Trump huet en Dënschdeg en „duebele“ juristesche Schlag missen astiechen. Dat wéinst eng Kéier well säi fréieren Affekot hien direkt virun engem Riichter implizéiert huet, an zur gläicher Zäit, säi fréiere Chef vun der Wahlcampagne, bei sengem Prozess schëlleg geschwat gouf.

Zwee verschidde Geriichter fir zwou vun enaner onofhängeg Affären. An awer hat sech e Schied iwwert d‘Geriichter vun Alexandria an New York geluecht: dee vum Donald Trump, deem säi Mandat am Wäissen Haus vun de sëlleche juristeschen Affäre beschmotzt gëtt, wouranner déi wou him no stinn sech verfaangen hunn, an riskéieren hien direkt an d‘Bredouille ze bréngen.

Zu New York, virun engem federale Riichter vu Manhattan, an engem iwwerfëllte Geriichtssall, de Michael Cohen, säi fréiere privaten Affekot. Den huet sech hei schëlleg bekannt, an dat direkt bei aacht Uklo-Punkten. Dorënner: Steierhannerzéiung, ënnerschloe vu Geld, a verstouss géint d‘Gesetzer zur Finanzéierung vu Wahlcampagnen.

De Jurist, sichtlech néiergeschloen, mat enger Stëmm déi net ëmmer „wollt“, huet zouginn enger Kéier 130.000 an eng aner Kéier 150.000 US-Dollar un zwou Fraen iwwerwisen ze hunn. Dat am Echange vun hirem Silenz, an „op Demande vum Kandidat“. Zil vum Handel: „Verhënneren datt sech Informatioune verbreeden, déi dem Kandidat hätten zum Nodeel gelaangen.

De Pitbull bäisst säi Meeschter

Dëst Ageständnis ass eng richteg Bomm fir dee wou schlussendlech d‘Wahlcampagne 2016 gewonnen huet. Et ënnerstellt, datt hie selwer en Delikt kéint begaangen hunn. Sollten tatsächlech Suen un d‘Pornoduerstellerin Stormy Daniels an d‘Karen McDougal, eng fréier „Playmate“, iwwerwise gi sinn, wat den Donald Trump bis ewell bestreit, hätt hie géint d‘Gesetz verstouss.

Eng Ausso, déi ëm esou méi spektakulär ass, well se vun engem vun de loyaalste Serviteure vum US-President, Wiechter vu vill Geheimnisser kënnt, deen iwwer 10 Joer laang fir den New Yorker Immobiliemagnat geschafft huet. De Michael Cohen, vu villen als de „Pitbull“ vum Donald Trump betruecht, deen emol behaapt hat „bereet ze sinn sech eng Kugel anzefänken“, huet ausgepaakt.

Den Affekot huet sech „duerchgerongen“ déi ganz Wourecht iwwert den Donald Trump ze soen. De Michael Cohen huet ënner Eed ausgesot, datt den US-President „hie gefrot huet e kriminellen Akt ze begoen“, erkläert dem Cohen säin Affekot an engem Communiqué. „Wann d‘Bezuelunge fir de Michael Cohen e Crime ass, firwat sollten se kee Crime fir den Donald Trump duerstellen?“.

Mat den Ukloen, déi géint den 52 järege Jurist zréckbehale gi sinn, kéint deen sech op eng kumuléiert Strof astellen, déi hie bis zu 65 Joer hanner „schwedesch Rideauen“ brénge kënnen. Well hien sech viru Geriicht „schëlleg“ bekannt huet, kéint seng Strof méi „liicht“ ausfalen. D‘Uerteel vu Manhattan gëtt fir den 12. Dezember erwaart.

Ëmgefall an ausgelaf…

„Dat si ganz schwéier Beschëllegungen, déi de ‚modus operandi‘ aus Ligen an Onéierlechkeet iwwert eng länger Zäit erëmspigelen“, ënnersträicht de federale Procureur zu Manhattan, Robert Khuzami, bei der Sortie vum Geriicht.

A zimlech zur gläicher Zäit, an engem interessante juristesche Parallelismus, huet d‘Geriicht vun Alexandria (bei Washington) de Paul Manafort, e fréiere Wahlkampfdirekter vum Donald Trump, fir schëlleg befonnt, Geld ënnerschloen an Steierhannerzéiung begaangen ze hunn. D‘Jury huet awer nëmmen e partiellt Uerteel geschwat, well se sech net op allen 18 Uklo-Punkten eenege konnten.

Eng Entscheedung déi Symbolcharakter huet. Et ass den éischte Prozess den aus der „russescher“ Enquête, déi vum Spezial-Procureur Robert Mueller gefouert ginn ass. Eng Enquête zur Amëschung vun de Russen an d‘Wahlcampagne vun 2016, an de Verdächtegungen zu enger Kollusioun tëscht dem Wahlkampfteam vum Donald Trump an dem Kreml vum Vladimir Putin.

„Ech fille mech traureg“ reagéiert den US-President um Rand vun engem Deplacement a Virginia, am Bezuch op de Paul Manafort, e „gudde Mënsch“. Wat säin „treie Pitbull“ betrëfft, esou huet et de Locataire elegant hikritt, alle Froen auszewäichen.

Rosen, awer ouni sech opzereegen

Den US-President huet dann awer drop bestane kloer ze stellen, datt dës Entscheedung vun der Justiz, u sech „näischt mat enger méiglecher Kollusioun“ ze dinn huet, déi hie vehement zanter Méint bestreit, an de ganzen „Aktionismus eng eenzeg Hexejuegd“ wier. „Wou ass déi Kollusioun?“ huet hie seng Supporter bei engem Meeting um Dënschdegowend gefrot.

Si sichen nach ëmmer no enger Kollusioun, wou ass déi Kollusioun? Fannt déi Kollusioun!

Zu Alexandria ass den 69 järege Paul Manafort beim Verdikt stëll bliwwen. De Lobbyist „ass enttäuscht a evaluéiert all seng Optiounen“, heescht et säitens sengem Affekot Kevin Downing. Verständlech, wann ee bedenkt, datt de fréiere Lakai vum Milliardär fir ganzer 80 Joer kéint hanner Gitter kommen. Woubäi, wann de Riichter sech no de federalen Direktive riicht…

De fréiere federale Procureur, Jacob Frenkel, huet no der Verhandlung ugefouert, datt de Riichter „sech fir eng Prisongsstrof tëscht siwen an néng Joer“ kéint entscheeden. Interessant, och well den Datum fir de „Prononcé“ nach net festgeluecht ginn ass.

No zwou Wochen intensiven Debatten, déi an den USA opmierksam verfollegt goufen, bedeit den Ausgang vun der Audienz awer eng Victoire. Se ass wuel net „komplett“ aus der Siicht vum Procureur Robert Mueller, mee se schwächt dem Donald Trump seng Positioun. Net ze vergiessen, datt déi „russesch Enquête“ weiderleeft, och wann dat Wäisst Haus déi gäre wéilt stoppen.

mam Catherine Triomphe an dem Elodie Cuzin/AFP

Foto: De Michael „Pitbull“ Cohen, fréieren Affekot vum Milliardär Trump, gëtt aus dem Geriicht begleet. Hien huet en „Arrangement“ mat der US-Justiz fonnt, a sech bei allen Uklo-Punkte fir schëlleg bekannt. Den US-President ass net iwwert d‘Mooss beonrouegt. © Drew Angerer/Getty Images/AFP

Ähnlech Sujeten Donald Trump, Michael Cohen, Paul Manafort, US-President
Nächsten Artikel Virrechten Artikel