Fox Premium Pils: vill Genoss, wéineg Kalorien
Mam Fox Premium Pils, dem Produkt vun enger jonker Lëtzebuerger
Een opmierksame Lieser huet dës Foto gëschter am Nomëtteg op
Et war eng – duerch d‘Chamberwahlen am Oktober – eppes
D‘Situatioun zu Hong Kong ass liicht ugespaant, well d‘Bierger der Zentralregierung net méi trauen a fäerte mussen, datt déi zougesoten Autonomie an déi hir unhänglecher Meenung- a Pressefräiheet begrenzt soll ginn. Dofir gëtt säit elo 11 Wochen an der Sonnerverwaltungsregioun demonstréiert.
Op déi „prodemokratesch Beweegung“ finanziell vu Washington gefërdert gëtt, ass bis ob Weideres an den Tirang „spekulativ“ ze stiechen, woubäi et der US-Regierung schonn entgéint kënnt, datt déi chinesesch Regierung eng onerfreelech Roll an der Aktualitéit iwwerholl huet. Elo huet den Donald Trump Peking gewarnt. Sollt China Gewalt géint d‘Demonstrante uwennen, hätt et Konsequenzen.
Dat ass zwar glat gelunn, mee seng Unhänger a Fans gleewen et. De chinesesche President dierft bei esou Tweets zimlech amuséiert drakucken…
Eng Widderhuelung vun de Faiten, esou wéi se der Welt nach 1989 op der Tiananmen-Plaz an Erënnerung bliwwe sinn, wëll de 45. US-President net zouloossen. Sollt Peking also Hong Kong net seng Fräiheet loossen, hätt et en direkten Impakt op d‘Handelsgespréicher tëscht béiden Natiounen.
Den Donald Trump hätt awer Vertrauen an de chinesesche President Xi Jinping, d‘Kris zu Hong Kong „op mënschlech Aart a Weis“ ze léisen. De Milliardär: „Et wier fir mech vill méi schwiereg en Ofkommes ze ënnerzeechnen, wann hien (de Xi) zu Hong Kong Gewalt géif uwennen“.
Stellt sech allerdéngs nach d‘Fro vu wéi enge Verhandlunge rieds ass. Aktuell befannen sech béid Natiounen an engem zolitten Handelskrich. Et gëtt zwar behaapt datt sech China an d‘USA éierlech beméien en ëmfaassenden Handelsaccord ze ficeléieren, mee do ass vill Wonschdenke mat vun der Partie. De Problem: China ass net den Iran oder Nordkorea, u Sanktiounen net emol ze denken.
Wann et ëm „Fräiheet an Demokratie“ geet, wourënner jo och Meenung- a Pressefräiheet sollte falen, da gëtt de 45. US-President zum „Chines“, wéi dësen Tweet et androcksvoll ënnersträicht.
Den US-President ass dann och gefrot ginn, op hien d‘Demonstranten zu Hong Kong ënnerstëtzt. Hie konnt der Fro auswäichen, betount awer hie géif d‘Fräiheet an d‘Demokratie ënnerstëtzen. Eng gewoten Ausso, ugesiichts sengem Beholl géintiwwer Deputéierte mat Migratiounshannergrond…
mat indymedia/nyc/tpe/was
Illustraioun: © Reece