Search

You may also like

Kenns du eis Verfassung gutt genuch, fir hei gutt ofzeschneiden?
International Neiegkeeten

Kenns du eis Verfassung gutt genuch, fir hei gutt ofzeschneiden?

[onionbuzz quiz-id=188][/onionbuzz] Eis Verfassung mat sengen 121 Artikelen ass relativ

CSV: De Wëllen, nees Regierungsverantwortung ze iwwerhuelen, ass ongebrach
International Neiegkeeten

CSV: De Wëllen, nees Regierungsverantwortung ze iwwerhuelen, ass ongebrach

De Fraktiounschef an zukünftege Spëtzekandidat vun der CSV, Claude Wiseler,

surprise
Dank dësem Partenariat fanne méi Leit eng Aarbecht
International Neiegkeeten

Dank dësem Partenariat fanne méi Leit eng Aarbecht

Déi éischt Editioun vum Programm: „Entreprisen, Partner fir d’Aarbecht“, deen

US-President wëll sech aus UN-Waffenofkommes zréckzéien

Indianapolis: De Milliardär an déi mächteg US-Waffelobby NRA verfollege gemeinsam Ziler

US-President wëll sech aus UN-Waffenofkommes zréckzéien

Op der Generalassemblée vun der „National Rifle Association“ (NRA), der mächtegster Lobby an den USA, huet den Donald Trump de richtegen Toun getraff. Hien huet a senger Ried einfach emol ugekënnegt, datt hien entscheet hätt, datt d‘USA sech aus dem internationale Waffenhandelsaccord géifen zréckzéien. Hie géif de Senat opfuerderen d‘Ratifizéierung vun dësem Accord bäizeleeën.

Et war den Accord dee sengerzäit als „Errongenschaft“ bezeechent a vum deemolegen US-President Barack Obama dann och ënnerschriwwe gi war. Rieds ass vum „Arms Trade Treaty“ (ATT) deen 2013 op de Vereenten Natioune vun enger däitlecher Majoritéit ugeholl gouf. Den Accord sollt de weltwäite Waffenhandel op 70 Milliarden US-Dollar begrenzen a reguléieren.

US-President

Dësen Accord war heftegst vun der NRA kritiséiert ginn, an esou ass den Waffenhandelsaccord vun de Vereenten Natioune bis haut net vum US-Senat ratifizéiert ginn. Vun der NRA war eng massiv Campagne ausgaangen, an eigentlech wier Undreeung vu „strengere Gesetzer“ schonn duergaange fir de Politiker zu Washington däitlech ze maachen, datt si hei op gréissere Widderstand stoussen.

Als Argument fir seng Ënnerschrëft, hat de Barack Obama sengerzäit ugefouert, datt de Gros vun de Verflichtungen déi dësen Accord mat sech bréngt, längst am US-Recht verankert sinn. Zu New York um Sëtz vun der UNO, wou 154 Natiounen dem Accord zougestëmmt haten, war dem Obama seng Ënnerschrëft als Duerchbroch gefeiert ginn. Schliisslech sinn d‘USA de gréisste Waffenhändler…

Big Lobby = Big Money

Et ass also wéi een elo weess, dem „gutt gemengte Geste vum éischte schwaarzen US-President“ keng Folleg geleescht ginn. Zudeem muss een drop hiweisen, datt déi mächteg US-Waffelobby mat Milliounen un US-Dollar all hinne gefälleg Politiker ënnerstëtzen. Esou huet de „Kandidat“ Trump fir seng Campagne 2016 iwwer 30 Milliounen US-Dollar vun der „National Rifle Association“ kritt.

Op der Assemblée huet de Milliardär – deen et och gäre geséich wann d‘Schoulpersonal an den USA duerchgoend bewaffent wier – géintiwwer senge „Spender“ wuertwiertlech den Nol op de Kapp getraff: „Amerikaner liewen no amerikanesche Gesetzer, net no de Gesetzer vun anere Länner“. Hie versprécht datt dat verfassungsméisseg bestoend Recht op Waffebesëtz erhale bleift.

Bis dohinner hat den Donald Trump schonn d‘Häerzer vun der Assemblée fir sech gewonnen, an et wier net wierklech noutwenneg gewiescht – mee et handelt sech leider nach ëmmer ëm de gréissten Diplomat an der amerikanescher Geschicht – den „Dabo eraushänken ze loossen“. Fir seng Politik an den USA ze rechtfäerdegen, ass dem Milliardär all Mëttel Recht egal wéi schänterlech et ass…

An esou huet de Geschäftsmann der Audienz vun der NRA-Generalassemblée erkläert, datt wann et an Europa „besser a méi liberal Waffegesetzer“ géif ginn, vill méi Liewe kéinte gerett ginn. Bezunn huet sech den Donald Trump heifir op den Uschlag op de Bataclan zu Paräis (130 Doudeger 2015). Datt et esouvill affer ginn hätt wier der strikter franséischer Gesetzgebung geschëlt.

„D‘Schéisserei huet esoulaang gedauert an et konnt een näischt maachen (…) Wann d‘leit op där anerer Säit eng Waff gehat hätten, hätt de Bilan ganz anescht kënnen ausfalen“, esou de 45. US-President. A firwat de Bataclan ernimmen? Ma den Donald Trump huet eben net den IQ vun engem Biischtestill. Als ex-Star vun der Tëleerealitéit weess hien d‘Show-Effekter gekonnt anzesetzen.

US-President

Hien hat schonn am Mee 2018, op der virechter Generalassemblée vun der NRA d‘Attentater vu Paräis als Argumentatiounshëllef erbäigezunn. Aus Angscht net jidderee kéint senge Wierder follegen, hat den Donald Trump d‘Exekutiounen am Bataclan op der Bühn nogeaaft. D‘Fransousen haten sech kuerz awer hefteg an offiziell beschwéiert, mee dat war dann awer och schonn alles.

mat indymedia/lax

Related topics Arms Trade Treaty, Bataclan, Donald Trump, NRA, Waffelobby
Next post Previous post