Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Lëtzebuerg feiert den artisanale Béier
International Neiegkeeten dating show on nbc

dylan dating

Wien de Weekend iwwer net wousst, wat en drénke sollt,

D‘ULC kritiséiert déi weider Schléissung vu Postfilialen
International Neiegkeeten dating show on nbc

D‘ULC kritiséiert déi weider Schléissung vu Postfilialen

Kuerz nodeems déi Lëtzebuerger Post eng 14% Erhéijung vun hiren

Alles am Bësch? Mäerzeg feiert den 21. Mäerz ganz gréng!
International Neiegkeeten dating show on nbc

Alles am Bësch? Mäerzeg feiert den 21. Mäerz ganz gréng!

Am Kader vum Internationalen Dag vum Bësch huet um spéide

US-President schéckt weider Zaldoten an d‘Golfregioun

No den Attacken op saudesch Raffinerien hunn Saudiarabien an déi Vereenegt Emirater sech Verstäerkung ugefrot

US-President schéckt weider Zaldoten an d‘Golfregioun

De Konflikt, deen am Jemen d‘Äerzfeinden Iran a Saudiarabien géintenaner „untriede“ léisst, geet op en anere Level iwwer. Den Iran ënnerstëtzt d‘Houthi-Rebellen, déi vun de Saudien ugefouert Koalitioun kämpft un der Säit vun deem wat als „Regierungstruppen“ presentéiert gëtt. D‘USA si besonnesch drun interesséiert datt Teheran dëse „Krich“ net gewënnt a Liwwert d‘Waffen…

Säit der erneiter Aféierung vun de Sanktiounen, an der kontinuéierlecher Verschäerfung am Toun an Interventiounen, stinn sech mëttlerweil d‘USA an den Iran eppes méi direkt géinteniwwer. No den Dronenattacken op saudesch Raffinerien – zu deenen sech d‘Houthi-Rebelle bekannt hunn – wëll Washington eng Opportunitéit fonnt hunn, d‘Ajatollahe mam Réck widder d‘Mauer ze stellen.

Zum enge gouf et de Versuch ze verhënneren, datt den iranesche President a säin Ausseminister un der UN-Vollversammlung deelhuele kënnen. D‘UNO huet hire Sëtz zu New York, wat viraussetzt, datt een e Visa vun den USA kritt. Dëse „Skandal“ konnt ofgewannt ginn. Hoffnung, datt sech US-Diplomaten am Kader vun der UN-Vollversammlung mat den Iraner ënnerhalen, gëtt et keng méi.

Dat léisst sech och un der leschter vum US-President getraffen Entscheedung festmaachen. Et ass bekannt, datt den Donald Trump den Ajatollahen de Gebietsteppech wëll muedebëtzeg maachen, an dem Iran eng Demokratie no amerikaneschem Virbild operzwénge wëll. Hien huet elo no den Ugrëff op d‘Raffinerien den Asaz vun US-Zaldoten, déi a Saudiarabien stationéiert wäerte ginn, geneemegt.

Moderat Krichsambitiounen

Fir de Verdeedegungsminister Mark Esper soll den Asaz vun den amerikanesche GI‘s awer streng defensiver Natur sinn. Zum Iran mengt de Mark Esper: „Alles deit drop hin, datt den Iran hannert dem Ugrëff op d‘Raffinerie stécht“. Et wier erwisen, nodeems amerikanesch, saudesch an aner international Experten op der Plaz ermëttelt hunn, datt d‘Waffen aus iranescher Produktioun stamen.

Weider heescht et aus dem Pentagon, datt et ausgeschloss ass, datt esou Krichsmëttel vum Jemen aus agesat konnte ginn. Dofir gëtt et zwar elo kee Beweis, mee et wier, fir „dierfen e Krich ze féieren“ natierlech wichteg, datt d‘Attack vum Iran ausgaangen ass. Kritt een dat iergendwéi der internationaler Gemeinschaft esou „verkaf“, da géif engem legale Krich näischt méi am Wee stoen.

US-President

Teheran sengersäits weist all Verantwortung bezüglech den Ugrëff op déi saudesch Pëtrolsindustrie vu sech. Den US-Ausseminister Mike Pompeo huet dat als Ligen duergestallt a mat Vergeltung gedreet. Mat der Entsendung vu weideren US-Zaldote wëll Washington den Drock op Teheran nach e Krack erhéijen, woubäi sech de Mike Pompeo an de Mark Esper erhofft, datt den Iran „ufänkt“.

Am Iran huet de Generol vun de Revolutiounsgarden, Hossein Salami, drop higewisen datt een, wéi vun den USA ugestrieften „begrenzte Géigeschlag“ net ouni Konsequenze bleiwe kann. Un d‘Adress vum Donald Trump huet hie gemengt: „Sief virsiichteg, eng begrenzt Aggressioun wäert net begrenzt bleiwen“. An dat stëmmt esou och, et wier den Ausbroch vum drëtte Weltkrich.

Absolut net ziilféierend

Och den iraneschen Ausseminister, Dschawad Zarif, dee jo vun den USA op déi „schwaarz Lëscht“ gesat gouf an als Terrorist bezeechent gëtt, huet zu deene vu Washington ergraffe Moossnamen eng Meenung. Et wieren all Mëttel Recht, den Iran an d‘Knéien ze zwéngen. Dem Land den Zougang zu Medezin a Liewensmëttel ze verwieren, wier och ouni Krich e Verbriechen un der Mënschheet.

Dat ass dann och tatsächlech geféierlech an eigentlech sollt déi international Communautéit esou eppes net toleréieren. Mee wie mat den USA Handel bedreift, ass wuel genéidegt, dës Methoden ze dulden. Wann een dovunner dierf ausgoen, datt och d‘Briten engem Krich net ofgeneigt sinn, esou dierften déi europäesch NATO-Partner hei eppes méi Bedenken hunn. Säit dem Irak ass ee gewarnt.

An datt den Donald Trump et mat der Wourecht net esou huet, seng Falleken ëmstridde Beweiser fir boer Mënz huelen an Saudiarabien et och op e Krich mam Iran ukomme loosse wëll, mécht déi ganz Situatioun net besser. A wann de Mark Esper verséchert, datt déi militäresch Oprëschtung sech voll a ganz op d‘Verdeedegung vu Loft- a Rakéitenugrëff konzentréiert, ass dat leider och gelunn.

Den US-Verdeedegungsminister fuerdert dann och den Iran op, seng „Aktivitéiten“ an der Regioun anzestellen. Si sollten de friddlechen an diplomatesche Wee goen, esou de Mark Esper, dee sech hei awer de Géigendeel wënscht. Woubäi et jo och – zumindest ënnert dem Trump – den Ament net méiglech ass Gespréicher ze féieren, wann d‘US-Regierung déi iranesch Politik bestëmme wëll.

Geet et op dat Äusserst?

Datt den Iran d‘Houthi-Rebellen ënnerstëtzt ass esou wouer wéi datt déi saudesch geleete Krichs-Koalitioun Mënscherechtsverletzunge mat amerikaneschen an europäesche Waffe begeet. Den Iran ass zudeem och a Syrien an am Libanon „zimlech aktiv“, woubäi si sech do a „gudder Gesellschaft“ befannen. Fakt ass och, datt alleguerten déi engagéiert Acteuren engem Krich net ofgeneigt sinn.

Fir den Ausbroch vun dësem eppes ze beschleunegen, huet den Donald Trump e Freideg nach emol weider Sanktiounen ugekënnegt. Fir net an de Verdacht ze geroden et op e Krich ukommen ze loossen, huet hien awer betount, datt seng Regierung all Moossnamen ergraff huet fir e Konflikt ze vermeiden. Et géif ee sech zréckhale well et genuch aner Mëttel gëtt d‘Iraner an der Gitt ze halen.

US-PresidentKuerz drop heescht et dann nees: „Ech ka jidderzäit – bannent enger Minutt – eng militäresch Aktioun géint 15 strategesch Ziler am Iran befeelen“, esou den Donald Trump, deen nach gemengt huet, datt hien awer esou eng Decisioun méiglechst wéilt vermeiden. A fir sécherzestellen, datt den Iran – wéi Nordkorea – kee Fouss méi op de Buedem kritt, gëtt och d‘Weltgemeinschaft gewarnt.

Esou sinn zwar nëmme géint déi iranesch Zentralbank an de Staatsfong nei Sanktiounen agefouert ginn, well déi – anescht wéi Saudiarabien – den Terror finanzéieren. De Finanzminister Steven Mnuchin: „Mir hunn elo all Akommesquelle vum Iran ofgeschnidden“. Hien huet zudeem all d‘Regierungen op der Welt viru wäitreechende Konsequenze gewarnt, sollten se net kooperéieren.

mat indymedia/nyc/tlv

Foto: Den Donald Trump bestätegt datt et den Iran, oder en ähnlecht Land, war deen d‘Raffinerien a Saudiarabien ugegraff huet. © The Onion

Ähnlech Sujeten Doanld Trump, Iran, Jemen, Krich, Mark Esper, Mike Pompeo, Saudiarabien, US-President, Vereenegt Emirater
Nächsten Artikel Virrechten Artikel