Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Henker fir Sri Lanka gesicht
International Neiegkeeten

https://moien.lu/bisexual-speed-dating-nyc/

An der gréisster engleschsproocheger Dageszeitung vu Sri Lanka „Daily News“,

aro dating
https://moien.lu/skateboarding-dating-site/
International Neiegkeeten

Davos: Den Donald Trump op Kuschelkurs mam Patronat

An nëmmen e puer Stonnen huet hien den US-Dollar gestäerkt,

D‘Police huet nees missen agräifen: Drogen, Alkohol a Vitesse!
International Neiegkeeten

D‘Police huet nees missen agräifen: Drogen, Alkohol a Vitesse!

Wien der Meenung ass, datt d‘Beamte vun der Police Méindes

US-President zu London erstaunlech verséinlech

NATO-Sommet wëll an Ofschlosserklärung China als neit Feindbild implementéieren

US-President zu London erstaunlech verséinlech

Mat esouvill Zousproch vum US-President konnt den NATO-Generalsekretär Jens Stoltenberg net rechnen. Den Donald Trump deen dëst Militärbündnis selwer schonn als „obsolet“ verkläert huet an domatter d‘NATO an eng vu senge gréisste Krise gestierzt hat, huet sech beim NATO-Sommet zu London erstaunlech verséinlech gewisen, dofir awer de franséische President mat Kritik begléckt.

Un der Säit vum NATO-Generalsekretär huet den Donald Trump betount, datt d‘Militärbündnis „engem groussen Zweck déngt“ firwat dem Emmanuel Macron seng Ausso: „d‘NATO ass Gehirdoud“, beleidegend a béisaarteg géintiwwer den anere Memberlänner wier. De Macron huet sech zu senger Ausso bekannt: „Meng Äusserungen hu Reaktiounen ervirgeruff, ech stinn derzou“.

Et wier him net drëms gaange Partner ze beleidegen, et géif dobäi em déi strategesch Ausriichtung vun der NATO goen. Esou bréicht et eng gemeinsam Definitioun vun Terrorismus, déi aktuell feelt, firwat den NATO-Partner Tierkei an Nordsyrien géint d‘Kurde virgeet, déi sech als zouverlässeg am Kampf géint den Islamesche Staat (IS) bewisen hätten. Dat wier ee strategescht Problem…

Amazon, Google & Co.

Hannergrond fir dëse franséisch-amerikanesche verbale Schlagaustausch ass d‘Digitalsteier déi vun der franséischer Regierung wëll agefouert ginn. Déi veriergert den US-President an huet sech als „Randgespréich“ op de Sommet agelueden. Souverän hu béid Presidenten de Ball flaach gehalen. Den Donald huet gemengt et wier e klenge Sträit fir deen sech awer eng Léisung fanne léisst.

Den Emmanuel Macron – deem seng Regierung am Summer eng Steier fir d‘GAFA agefouert huet – geet et gemälleg un: „Mir befannen eis an enger Phas, déi zu Gespréicher féiere wäert. Déi muss et déi nächst Woche ginn an da wäerte mir och eng Léisung mam Donald Trump fannen“. An der Tëscht préiwen se zu Washington wéi eng Douanestaxen op Schampes a Kéis ze erhiewe sinn…

Et gëtt Wichtegeres

Zu London ass et awer och ëm d‘NATO selwer gaangen, wou d‘USA bekanntlech eng féierend Roll spillen. Esou huet den US-President gëschter zu London en neit Ofrëschtungsofkommes an Aussiicht gestallt un deem sech nieft Russland och China soll bedeelegen. Den Donald Trump ass dann och iwwerzeegt, datt esou Ofkommes Atomwaffen a Rakéitesystemer ëmfaasse muss.

„Ech hunn dat scho mam Vladimir Putin beschwat an hien ass staark interesséiert – dat si mir och – e Vertrag iwwer Atomwaffen auszeschaffen deen iergendwann och China mat aschléisse wäert“, esou den US-President. Hien hat am August den INF-Accord mat Russland gekënnegt, a wëll och dat seng Arméi hiert atomaart Arsenal „moderniséiert“. Hei feelt et nach un Iwwersiicht.

Déi „giel Gefor“

Dat tëscht den USA a China den Ament d‘Stëmmung net zum beschten ass – eigentlech ass et esou zanter de Milliardär d‘Entscheedungsgewalt huet – wierkt sech och op d‘NATO aus. Et geet ëm Technologie, méi prezis ëm de Mobilfunkstandard 5G wou d‘Chinese mat Huawei „Leader“ sinn. D‘USA bezichtegen Huawei der Spionage an hunn de Provider verbueden dee System ze notzen.

US-PresidentWashington ass iwwerzeegt, dat sech mat Huawei-Produite keng sécher Netzer opriichte loossen, well d‘Entreprise am Zweiwelsfall „staatleche“ Stellen den Zougang zu den Daten erméigleche muss. An der Ofschlosserklärung heescht et dozou: „Mir erkennen d‘Noutwennegkeet un, op sécher a widderstandsfäeg Systemer ze setzen“. Eng Verflichtung Huawei auszeschléissen ass dat awer net.

An der Ofschlosserklärung geet et awer och ëm d‘Militärmuecht China. Déi gëtt elo als Bedreeung ugesinn, och wann de Wuertlaut (nach) zréckhalend ass. „Mir erkennen, datt de wuessenden Afloss an déi international Politik vu China esouwuel Chance wéi och Erausfuerderunge mat sech bréngt, déi mir als Allianz zesummen ugoe mussen“. Peking dierft dat esou zur Kenntnis geholl hunn…

mat indymedia/lon/bru

Foto: De 70. Gebuertsdag vun der NATO hunn déi 29 mat der Queen am Buckingham Palace gefeiert. Lëtzebuerg war hei duerch säi Premierminister Xavier Bettel (läscht Rei lénks) vertrueden. Ob et zu London och ëm den tierkeschen Akaf vu russesche Waffesystemer gaangen ass, dat ass net no bausse gedrongen. © NATO

Ähnlech Sujeten 70 Joer NATO, Donald Trump, Emmanuel Macron, Jens Stoltenberg, NATO, NATO-Sommet, Queen Elizabeth II
Nächsten Artikel Virrechten Artikel