Search

You may also like

Krautmaart: Parteiiwwergräifend Eenegkeet bei de Stroosseninfrastrukturen
International Neiegkeeten

Krautmaart: Parteiiwwergräifend Eenegkeet bei de Stroosseninfrastrukturen

D‘Sëtzung um Krautmaart vum Mëttwoch Nomëtteg kéint een als „Formalitéit“

D‘Revendicatioune vum SNPGL
International Neiegkeeten

D‘Revendicatioune vum SNPGL

No der rezenter Ëmsetzung vun zwee Arrêten vum Verwaltungsgeriicht vum

ULC: Wourop ee beim Kaf vu Spillsaachen oppasse muss
International Neiegkeeten

ULC: Wourop ee beim Kaf vu Spillsaachen oppasse muss

De Kleesche kënnt geschwënn an och Chrëschtdag steet virun der Dier.

Trump oder Biden?

US-Presidentschaftswahlen: Nach wäit vun enger Entscheedung ewech

Trump oder Biden?

Et ass eng Wal, wann net esouguer déi Wal, wou op der ganzer Welt verfollegt gëtt. Kann den Joe Bieden als Erausfuerderer gewannen oder bleift eis den amtéierenden US-President Donald Trump erhalen? Eng Äntwert dorobber wäert et weder haut nach muer kënne ginn; ee kloren Trend ass aktuell fir kee vu béide Kandidaten ze maachen.

Um 5 Auer haut de Moie goufe fir den demokratesche Kandidat 118 Walmänner, an 105 fir de republikanesche Kandidat. Domadder ass kloer, datt nach guer näischt kloer ass. Fir Spannung suerge wéi gewinnt déi sougenannt „Swing States“, woubäi hei den Donald Trump Florida, ee wichtege Bundesstaat, fir sech gewannen. An allen aneren huet et nach keng däitlech Tendenzen.

Ze besetze sinn och 35 Senateure-Mandater, vun deenen der bis ewell 23 a republikanescher Hand waren. Fir eng sécher Majoritéit ze erlaangen, missten d‘Demokraten hei mindestens 16 Kandidate positionéiert kréien. Am Rennen ëm ee Mandat am Representantenhaus, wou d‘Demokraten eng Majoritéit vu 15 Stëmmen hunn, hunn d‘Republikaner aktuell mat 132:97 Sëtzer d‘Nues vir.

Wéinst der Covid19-Pandemie hunn immens vill Wieler sech fir d‘Bréifwahl entscheet. An enger ganzer Rëtsch Bundesstaaten ginn dës Stëmmen eréischt no de physesche Votte gezielt, wat sécher och nach emol fir eppes Verännerunge bei de Resultater suerge wäert. An deene Bundesstaaten, déi dës Stëmme scho gezielt hunn, wéi beispillsweis Florida, hunn d‘Republikaner déi besser Kaarten.

Erfreelech dogéint d‘Feststellung, datt et op de Stroossen roueg bliwwen ass. Gréisser Tëschefäll oder Gewalt gouf keng gemellt. Gantz geschloen huet sech den Donald Trump bis ewell an de Südstaaten an am sougenannte Bible-Belt. Dat sinn allerdéngs éischter dënn besidelt Staaten, déi esou och manner Walmänner bréngen. Ob datt dem Joe Biden scho fir d‘Victoire duer geet?

Och dat muss ee wëssen: Fir sécherzestellen, datt d‘Wahlen an den USA entspriechend de Reegelen ofgehale ginn, ginn aus dem Ausland och ëmmer Walobservateuren dohinner geschéckt. Lëtzebuerg gëtt an Amerika vun der déi gréng Fraktiounspresidentin Josée Lorsché, dem LSAP-Deputéierte Claude Hagen an dem DP-Deputéierte Gusty Gras vertrueden. Déi géifen eigentlech hei gebraucht.

Presidentschaftswahlen

Wéi et de Premierminister Xavier Bettel schonns nom Debat zum neie Covid19-Gesetz ugekënnegt hat, kënnt et op dësem Mëttwoch zur Stonn vun der Wourecht. Op d‘Interventiounen aus de Reie vun der Oppositioun war hien net agaangen, mee alle war kloer wat gemengt ass. Et wäert zu enger Upassung vum Gesetz kommen, dat awer wäert eréischt gestëmmt ginn, wann déi aner zréck sinn.

Related topics Demokraten, Donald Trump, Joe Biden, Republikaner, US-Presidentschaftswahlen, US-Wahlen 2020
Next post Previous post