Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

ILNAS: Zwee E-Bikes sinn komplett duerchgefall!
International Neiegkeeten

ILNAS: Zwee E-Bikes sinn komplett duerchgefall!

Viru kuerzem huet ILNAS, déi sech ëm Qualitéit, Sécherheet a

Circolo Curiel: Ee Film iwwert palestinensesch Poesie an de Wee duerch d’Leed
International Neiegkeeten

Circolo Curiel: Ee Film iwwert palestinensesch Poesie an de Wee duerch d’Leed

E Méindeg, den 11 Februar weist de Circolo Curiel de

What the Fakt – de Matbegrënner vum Impressionismus gouf virun 178 Joer gebuer
International Neiegkeeten

What the Fakt – de Matbegrënner vum Impressionismus gouf virun 178 Joer gebuer

Hien war ee franséische Moler, Matbegrënner an Haaptvertrieder vum Impressionismus.

US-Sanktioune géint de Venezuela

D'Situatioun am Venezuela bleift schwéier

US-Sanktioune géint de Venezuela

D’USA hunn dem Venezuela weider Sanktiounen operluecht. Domadder erhéijen se den Drock op d’Land, während de sozialistesche President weider Institutiounen averleift. Gläichzäiteg bedreet de Nicolas Maduro d’Parlament, dat vun der Oppositioun kontrolléiert gëtt.

Betraff si bis elo aacht héich Responsabel déi mat der Asetzung vun der „Constituante“ an Zesummenhang stinn. Dorënner e Brudder vum verstuerwenen Hugo Chavez (President vun 1999 bis 2013). D’Constituante steet an der Kritik vun der internationaler Communautéit well se als anti-demokratesch ugesi gëtt a géint Meenungsfräiheet verstousse soll.

„Dëse Regime ass inakzeptabel an d’USA wäerte weider op der Säit vun der Oppositioun stoen, déi sech géint d’Tyrannei stellt. Dat, bis datt de Venezuela eng friddlech a floréierend Demokratie erhält“, esou den Steven Munchin, amerikanesche Staatssekretär vun de Finanzen, an engem Communiqué. „All d’Gidder vun de genannte Persoune ginn an den USA agefruer an de Bierger vun Amerika ass et ënnersot mat hinne Geschäfter ze maachen“.

Net déi éischt Mesuren

Schonn op den 31. Juli hat Washington juristesch a finanziell Sanktioune géint de Maduro agesat. Si haten hien zudeem als Diktator bezeechent.

„Wéini an der Geschicht vun den internationale Relatioune huet ee gesinn, datt eng Weltmuecht Bierger condamnéiert, well se Walen organiséiert huet?“, freet den venezuelaneschen Ausseminister Jorge Arreaza. „Si respektéieren hei net een elementare Prinzip vum internationale Recht. Si maachen sech virun der Welt lächerlech. De Venezuela ka vun näischt a kengem sanktionéiert ginn“.

Moies huet d’Parlament, eenzeg vun der Oppositioun kontrolléiert Institutioun, an engem Klima vu Mësstraue siegéiert. Si stäipen sech mat Hänn a Féiss géint d’Verfassungsassemblée déi am selwechte Gebai ënnerbruecht ass. „Mir sinn do, am gaangen ze besetzen an déi legislativ Positioun ze verdeedegen, déi eis vu 14 Millioune Bierger opgedroe ginn ass“, deelt den Oppositiounsdeputéierte Miguel Pizarro an engem Tweet mat.

D’Zerschloe vun der Oppositioun

D’Constituante hat en Dënschdeg d’Asetze vun enger „Wouerechtskommissioun“ ugeholl. Déi soll sech de politesche Gewaltdoten zanter 1999 unhuelen. Déi Kommissioun ass och vum Maduro opgeruff ginn, d’Immunitéit vun den Deputéierten aus der Oppositioun opzehiewen, fir se esou kënnen a de Prisong ze werfen.

Fir d’Oppositioun, ass dës Assemblée eng Moossnam vum President fir säi Mandat iwwer 2019 ze verlängeren. Och fäert se eng „Hexejuegd“.

Den ieweschte Geriichtshaff huet dann och schonn de Buergermeeschter vun engem Distrikt vu Caracas, zu 15 Méint Prisong veruerteelt. Dësen Distrikt gëtt als Bastioun vun der Oppositioun gesinn, an dem Buergermeeschter gëtt virgeworf näischt géint d’Manifestatiounen ënnerholl ze hunn.

Mat der Entloossung vun der Procureure Luisa Ortega, déi dem President besonnesch kritesch géinteniwwer steet, schéngt kloer, datt d’Oppositioun schwéier Zäiten entgéint geet. Och d’Parlament kéint vun der Assemblée, déi eng nei Verfassung soll ausschaffen, opgeléist ginn. D’Muecht heizou huet se.

Ënnerstëtzung fir d’Oppositioun

D’Géigner vum Staatschef, déi säin Depart fuerderen, haten en Dënschdeg d’Ënnerstëtzung vun de Vereenten Natioune kritt. D’UN huet déi exzessiv Gewalt veruerteelt, déi bei de Manifestatiounen ugewannt ginn ass. Heibäi sinn a véier Méint schonn 125 Mënschen ëm d’Liewe komm.

De selwechten Dag hunn nieft Kanada, zwielef latäinamerikanesch Länner de Verloscht vun der demokratescher Uerdnung veruerteelt. „Déi wichtegst Länner aus der Regioun hunn, mat klore Wieder, bestätegt, datt et am Venezuela de Fait keng Demokratie gëtt“, ënnersträicht am Plenarsall, de President vum Parlament, Julio Borges. Hien huet och eng Motioun stëmme gelooss, déi des Veruerteelung ënnerstëtzt.

Um Mëttwoch waren déi diplomatesch Vertrieder vun eelef Länner, déi dës Deklaratioun ënnerschriwwen hunn, vum Ausseministère convoquéiert ginn. „Mir hunn hinne matgedeelt, datt mir dës Reunioun ofleenen“, esou de Jorge Arreaza.

D’Lag spëtzt sech zou

An de leschte Wochen huet nieft den USA an dem Vatikan, och d’EU déi zouhuelend Radikalisatioun vun der venezuelanescher Regierung condamnéiert. Ouni Erfolleg. De President Maduro, 2013 gewielt gëtt net op déi widderhuelte Warnungen an.

De Nicolas Maduro schéngt sech der Ënnerstëtzung vun der Arméi sécher. Hie stëtzt sech och op de Soutien vu senge wéinegen Alliéierte wéi Russland a China (seng Creancieren) grad wéi Kuba, Bolivien oder Ecuador.

Fréier eent vun de räichste südamerikanesche Länner, ass Venezuela schwéier vum Präisverfall um Pëtrolsmarché getraff ginn. Déi riseg Pëtrolsreserven haten dem Land eigentlech eng gutt Zukunft viraus gesot. Ouni dat Akommes awer, war d’Land enger onméiglecher Inflatioun ausgesat. D’Bierger sinn op d’Strooss gaangen, an de Supermarchéen an Apdikte sinn d’Regaler eidel bliwwen. D’Roserei vun de Bierger hat Enn 2015 der Oppositioun eng grouss Victoire bei de Parlamentswahle bruecht.

Se sinn es midd

De Widderstand schéngt awer all Dag manner ze ginn. Nodeems d’Massen zanter Abrëll zimlech all Dag konnte mobiliséiert ginn, gesäit een Verschléisserscheinungen. Der Oppositioun ass et net méi méiglech grouss Manifestatiounen ze organiséieren.

Um Dënschdeg waren et nach just ee puer honnert Leit, déi un de Stroossespären deel geholl hunn. Sécher och en Zeechen, datt se sech es midd sinn, well se d’Constituante net verhënnere konnten. No enger kuerzer Onsécherheet, huet sech d’Oppositioun um Mëttwoch entscheet Kandidate fir d’Regionalwahle vum 10. Dezember anzeschreiwen.

Wéinst der Uschëllegung vum „gréisste Wahlbedruch an der Geschicht“ hat d’Koalitioun vum „Dësch fir déi demokratesch Eenheet“ (MUD – mëtt-riets) et refuséiert un der Wal fir d’Cosntituante deel ze huelen. Domadder haten si de Chavisten de Wee fräi gemaach, déi esou all 545 Membere vun der Assemblée stellen.

mam Alexander Martinez/AFP

Foto: Kloer Wieder als Graffiti op de Mauere vu Caracas. „Mir sinn hongreg“ an „Maduro Diktator“ ënnersträichen déi schwiereg Situatioun am Venezuela. Op eng nei Verfassung, déi vun de Chavisten geschriwwe gëtt, dem Land eng besser Zukunft ka bréngen, gëtt vun der internationaler Communautéit bezweiwelt. (© Ronaldo Schemidt/AFP)

Ähnlech Sujeten USA, Venezuela
Nächsten Artikel Virrechten Artikel