Search

You may also like

Editorial: Deng Sécherheet ass gefillt
International Neiegkeeten

Editorial: Deng Sécherheet ass gefillt

Hei eng Saach, déi s de mengs ze wëssen: Deng

Pyongyang ass genervt
International Neiegkeeten

Pyongyang ass genervt

Nordkorea wëll sämtlech Kommunikatiounsverbindungen zum Süden ofschneiden. Dës Moossnam, déi

Keng Perspektive fir d‘Lëtzebuerger Handwierk?
International Neiegkeeten

Keng Perspektive fir d‘Lëtzebuerger Handwierk?

Et gëtt wierklech kaum ee Beräich deen net vun der

US-Vergeltungsschlag géint d‘Hezbollah

US-Vergeltungsschlag géint d‘Hezbollah

Nom Doud vun engem amerikaneschen Zivilist beim engem Rakéitenugrëff op eng US-Militärbasis am Irak, huet d‘US-Arméi d‘Hezbollahmiliz bombardéiert. Zil vun de Vergeltungsschléi ware fënnef Positioune vun den Hezbollah am Irak an a Syrien, dorënner Kommandozentralen a eng Rei Waffelager. Laut dem US-Verdeedegungsministère waren et „defensiv Prezisiounsschléi“…

De Spriecher vum US-Verdeedegungsministère huet erkläert, datt d‘Bombardementer vun den Hezbollahstëtzpunkten derzou bäidroen, d‘Fäegkeet Ugrëff géint Zaldote vun der US-geleeter Militärkoalitioun anzeschränken. Falls et noutwenneg wier, géif ee weider Schrëtt géint déi vum Iran ënnerstëtzen Terrormiliz an d‘Wee leeden, esou de Verdeedegungsminister Mark Esper.

Iwwer déi verschidde Militäroperatioune géint d‘Hezbollah war den US-President informéiert an et hätt och Gespréicher zu „aneren Optiounen“ an dësem Zesummenhang ginn. De Milliardär gënnt sech den Ament eng Paus a sengem Golf-Ressort a Florida. Nieft dem Mark Esper, haten och den US-Ausseminister Mike Pompeo an de Chef vum Etat-Major, Mark Milley mam Chef geschwat.

USSäitens der Hezbollah heescht et, datt d‘Loftschléi vun der US-Arméi eng Kommandozentral an der Provënz al-Qaim (Irak) getraff hunn. Onbestätegt dogéint déi vun den irakeschen Autoritéite genannten Afferzuelen. Déi behaapte bei den Ugrëff wieren 13 Kämpfer ëmbruecht an Dosende blesséiert ginn. Vum US-Kommando gouf et keng Informatiounen, déi dës Zuele géife bestätegen.

Dës militäresch Operatioun gouf ausgeléist, nodeems e Freideg eng US-Militärbasis zu Kirkuk mat 30 Rakéite beschoss gi war, an en US-Zivilist säi Liewe verluer huet. Irakesch an amerikanesch Zaldote ware blesséiert ginn. Et gëtt betount datt de Rakéitenugrëff sech ganz prezis op den Deel vun der Basis konzentréiert hätt, wou sech d‘US-Zaldoten opgehalen hunn.

USAm Irak stinn sech d‘Sunnitten (ënnerstëtzt vum Iran) an d‘Schiiten (ënnerstëtzt vu Saudiarabien) géinteniwwer. Säit Enn Oktober gouf et dann och ganz Serie u Rakéitenugrëff. D‘Ziler waren Anlage wou sech US-Zaldoten an/oder US-Diplomaten ophalen. Zu dësen Attacken huet sech bis ewell kee bekannt, mee Washington wëll wëssen, datt pro-iranesche Milizen derhannert stiechen.

mat indymedia/was

Related topics Hezbollah, Irak, Iran, Schiitten, Sunitten, Syrien, Terrormiliz
Next post Previous post