Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Mir gratuléieren: BTS-Schüler kruten hiren Diplom
International Neiegkeeten

Mir gratuléieren: BTS-Schüler kruten hiren Diplom

Lëschten Donneschdeg sinn um Campus Belval Diplomer an d’Präisser vun

cool
Elo nach schnell sech fir den ACL Hiecht Klassik 2017 umellen!
International Neiegkeeten

Elo nach schnell sech fir den ACL Hiecht Klassik 2017 umellen!

Den Automobilclub Lëtzebuerg invitéiert all seng Memberen dëst Joer un

Cuvée Schueberfouer: Feierlech Scheckiwwerreechung am klenge Krees
International Neiegkeeten

Cuvée Schueberfouer: Feierlech Scheckiwwerreechung am klenge Krees

Säit 8 Joer gëtt et fir d‘Schueberfouer en dediéierte Cremant,

US-Veto blockéiert UN-Resolutioun zu Jerusalem

US-Veto blockéiert UN-Resolutioun zu Jerusalem

Wéi erwaart hunn d‘USA um Méindeg hire Veto géint eng UN-Resolutioun ageluecht. Eng Resolutioun déi d‘Unerkennung vu Jerusalem als Haaptstad vun Israel duerch d‘USA veruerteelt huet. Déi aner 14 Membere vum US-Sécherheetsrot hate fir d‘Resolutioun gestëmmt.

Mat der „Eestëmmegkeet géint d‘USA“, woubäi de Vott vu Russland a China natierlech, dee vu Frankräich a Groussbritannien – ëmmerhin déi stäerksten Alliéiert vun den Amerikaner – gutt iwwerluecht wollt sinn, konnt déi amerikanesch UN-Ambassadrice Nikki Haley näischt ufänken. „Et ass beleidegend an en Deckmantel dee mir net wäerte vergiessen“, soll d‘Ambassadrice hire „Kollegen“ zougeruff hunn.

D‘Diplomatin huet awer net preziséiert, ob d‘USA Vergeltungsmesure virgesäit oder sech weider aus dem Finanzement vun der UNO eraushëlt. Si leeschten ëmmerhin de gréisste Bäitrag um Budget. Woubäi d‘Roserei net no ze vollzéien ass, d‘USA hu gewosst wéi de Vott géif ausgoen.

Presentéiert vun Egypten, dat déi gewalteg Repercussioune vun der US-Initiativ veruerteelt, huet d‘Resolutioun vun den USA gefuerdert, déi zu Jerusalem getraffen Entscheedung réckgängeg ze maachen. D‘Unerkennung vu Jerusalem als Haaptstad vun Israel huet bei de Palestinenser vill Roserei ausgeléist, an der arabescher Welt fir vill Protest an d‘Ofleenung vu bal der ganzer internationaler Communautéit.

Den Text, dee sech un der Resolutioun vun 1980 ausriicht an deen och deemools net vun den USA (Abstentioun) matgedroe ginn ass, beseet: „all Entscheedung oder Aktiounen, déi drop ausgeluecht ass, fir de Charakter, de Statut oder déi demographesch Zesummesetzung vu Jerusalem ze änneren, huet keng juristesch Valeur a muss widderruff ginn“.

Am Bistro vun de Vereenten Natiounen

Konnt ee sech dem US-Veto sécher sinn, esou konnt een och erwaarden, datt Israel de Veto begréisse géif. An esou reagéiert dann de sichtlech zefriddene Benjamin „Bibi“ Netanyahu op Twitter: „Merci Madamm Ambassadrice Haley a President Trump, dir hutt eng Käerz vun der Wourecht ugemaach, liicht an d‘Däischtert bruecht“.

Während enger ganzer Woch huet d‘Redaktioun vum Text fir intensiv Verhandlunge gesuergt. Grad oder besonnesch béi Empfäng am Bistro vun der UNO. Am Mëttelpunkt d‘Vertriedung vu Palestina, déi eng Observatiounsroll huet, a verständlecherweis verschidden arabesch an europäesch Länner.

Dat erkläerten Zill war, 14 Stëmme géint d‘USA zesummenzekréien. Dat heescht, datt den „Drang“ vun de Palestinenser den éischten, méi „däitlechen“ Text vum 11. Dezember, an deem d‘USA kloer ernimmt gi sinn, virzeleeën, huet misse „gebremst“ ginn. Mat der Prozedur, déi, esouvill war gewosst, vum US-Veto géif blockéiert ginn, sollt Drock op d‘US-Administratioun gemaach ginn. Et sollt däitlech gemaach ginn, datt d‘USA eng ganz Rei Resolutiounen zum Noen-Oste lächerlech mécht.

Nach virum Vott hat d‘Nikki Haley d‘Vereenten Natioune beschëllegt, d‘Sich no engem Friddensaccord behënnert ze hunn. Och hätt d‘UNO Partei ergraff an Israel d‘Schold zougewisen. Washington wier ëmmer nach op der Sich no „engem nohaltege Friddensaccord“, huet d‘Ambassadrice verséchert.

An d‘USA woussten zanter dem 8. Dezember, wéi et géif oflafen. Schonn do haten d‘Vereenten Natioune bei enger Drénglechkeetssëtzung den USA ze verstoe ginn, datt si mat hirem „Standpunkt“ eleng op der Welt sinn. Elo wëllen d‘Palestinenser eng weider Ofstëmmung, dann awer am Kader vun der UN-Generalversammlung (193 Länner). Hei gëtt et wuel kee „Veto“, mee d‘Entscheedung vun der Assemblée ass och net verbindlech.

De Rôle als Mediateur ka Washington net méi beusprochen

Den Text deen e Méindeg virgeluecht ginn ass, huet mat engem Paragraph ugefaangen, deen un déi zéng Resolutioune vun der UNO erënnert huet, déi tëscht 1967 a 2016 ugeholl gi sinn, an däitlech maachen, datt d‘Fro vu Jerusalem nëmmen als Bestanddeel vun engem Friddensaccord ka beäntwert ginn.

Esou d‘Resolutioun vun 1980, déi sech mat der Kolonialisatioun vu Gebidder ausenaner gesat huet a wou festgehale ginn ass datt „all d‘Mesuren an Aktiounen, op legislativ oder administrativ, déi Israel, als Besatzungsmuecht ënnerhëlt, fir de Charakter an de Statut vun der helleger Stad ze änneren, huet keng juristesch Valeur“.

Fir Paräis a London ass Jerusalem de „Schlëssel“ fir eng Zweestaateléisung. „Ouni Accord iwwer Jerusalem kann et kee Friddensaccord ginn“, seet de franséischen UN-Ambassadeur François Delattre an weist op den internationale Konsens hin, deen och op eng Zweestaateléisung ausgeriicht ass. Säi briteschen Homolog Matthew Rycroft ass dann trotzdeem der Meenung, datt „d‘USA och weiderhin eng ganz wichteg Roll bei der Sich nom Fridden am Noen-Oste wäerte spillen“.

Eng Siicht déi esou vum Palestinenser-President Mahmoud Abbas net gedeelt gëtt. „Et misst ee verréckt sinn, fir d‘USA weider als Vermëttler fir de Fridden ze gesinn“, esou den Abbas, deen opgrond der Entscheedung vun den USA iwwerzeegt ass, datt Washington net méi kredibel ass fir sech an Friddensverhandlungen anzebréngen.

Wéi et mam „Vertrauen“ géinteniwwer den Amerikaner ausgesäit, léisst sech dann och u Klengegkeeten ofliesen. Den US-Vizepresident Mike Pence, deen eigentlech e Besuch am Noen-Osten am Agenda stoen hat, huet seng Rees ofgesot. Offiziell heescht et, datt aus inlandspolitesche Grënn d‘Rees huet misse verluecht ginn.

mam Philippe Rater

Foto: Isoléiert mee mat der Kraaft vum „Veto“ ausstafféiert, huet d‘Ambassadrice Nikki Haley misse feststellen, datt d‘USA net d‘Ënnerstëtzung vun der internationaler Communautéit hunn. Beleidegt huet d‘Ambassadrice deenen aneren ze verstoe ginn, datt se hire Vott nach bedauere géifen. © Drew Angerer/Getty Images/AFP

Ähnlech Sujeten Israel, Jerusalem, Palestina, USA, Vereente Natiounen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel