Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Japan: Untersuchungshaft fir de Patron vu Renault-Nissan
International are any dating sites worth it https://moien.lu/jobs-with-dating-sites/

how do you hook up a rain barrel

Um Dënschdeg huet de Parquet vun Tokio bestätegt, datt de

SC Beetebuerg: Mir hu bei den Dammen de Bols gefillt
International are any dating sites worth it https://moien.lu/jobs-with-dating-sites/

SC Beetebuerg: Mir hu bei den Dammen de Bols gefillt

Um Freidegowend, no enger flotter Fussball-Woch – Dir konnt bei

dislikesurprise
Cattenom ass a bleift eng Gefor, esou vill ass fir Greenpeace kloer
International are any dating sites worth it https://moien.lu/jobs-with-dating-sites/

Cattenom ass a bleift eng Gefor, esou vill ass fir Greenpeace kloer

Virun ee puer Wochen hat Greenpeace eng Aktioun géint d‘Atomzentral

money

US-Virschrëfte fir Handelsbezéiunge mam Iran

US-Virschrëfte fir Handelsbezéiunge mam Iran

Um Sonndegowend huet den Donald Trump bestätegt, datt hie keen Awand géint Handelsbezéiungen tëscht Däitschland, Frankräich an dem Iran huet. Et géif anersäits awer näischt drun änneren, datt hie géint d‘Atomofkommes mat Teheran ass.

„Ech hunn hinne gesot: maacht weider Geld. Maacht iech keng Suergen. Dir kënnt weider Geld maachen“, esou den Trump an engem e Freideg enregistréierten an um Sonndeg op Fox News ausgestraalten Interview. „Et si Frënn. Richteg Frënn. Ech versti mech mat allen, op et den Emmanuel oder d‘Angela ass“, sot den Trump iwwer de franséische President an déi däitsch Bundeskanzlerin.

„Wann den Iran eppes an Däitschland oder Frankräich keeft, fir e Wäert a Milliarden; oder esouguer bei eis – si sollte Fliger vu Boeing kafen, ech weess awer net wat aus deem Vertrag soll ginn – wann se déi Saache kafen, mécht et alles e bëssi méi komplizéiert“, fiert den Trump weider, an betount nach eng Kéier: „Ech hunn hinne gesot si solle just weider Geld maachen. Maacht iech keng Suergen, mir brauchen iech do net“.

Net ausgeschwate Warnung

Net méi spéit wéi den 13. Oktober hat den US-President sech geweigert d‘Atomofkommes mam Iran ze bestätegen, a huet fir eng méi haart Linn duerch de Kongress plaidéiert. Den Donald Trump huet dann och nach gedréit dass sech d‘USA vum Accord zréckzéien, falls ee sengen Demanden net nokënnt.

Eng Noriicht déi zu Bréissel guer net gutt ukomm ass. D‘EU huet dann och misse reagéieren an sech konsequent hannert d‘Atomofkommes mam Iran stellen. Zudeem ass et esou, datt vill Regierungen an Europa um Accord wëlle festhalen, well en engersäits historesch ass, an anersäits als Verhandlungselement mat Nordkorea ugesi gëtt. Et wier zumindest e gutt Argument fir Pyongyang zu Verhandlungen iwwert d‘Atomprogramm ze iwwerzeegen.

Kee „business as usual“

Den US-Ausseminister Rex Tillerson hat selwer och ee Freideg drop higewisen, datt d‘Trump-Administratioun net wëlles hätt den Handel tëscht der EU an dem Iran ze blockéieren. „De President war däitlech an et wier net seng Absicht sech an den Handel mam Iran anzemëschen“, esou den Rex Tillerson an engem Interview mam Wall Street Journal.

Am Kader vun enger Rees op der arabescher Hallefinsel, huet den US-Ausseminister dann awer d‘Grenzen opgewisen. Handel mat de Wiechter vun der Revolutioun, d‘Elite-Eenheet vun der iranescher Arméi, wier net akzeptabel. Zudeem wieren d‘Wiechter vun der Revolutioun d‘Zil vun neien US-Sanktiounen.

„Wien Handelsbezéiunge mat de Wiechter vun der Revolutioun oder sengen Eenheeten ënnerhält, op dat elo europäesch oder soss Entreprisë ronderëm d‘Welt sinn, geet ee grousse Risk an“, esou déi kloer Warnung vum Rex Tillerson.

mat AFP

Ähnlech Sujeten Donald Trump, EU, Iran, Rex Tillerson, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel