Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Coronavirus: Iwwer 75 Länner vun der Infektioun betraff
International Money Neiegkeeten

Coronavirus: Iwwer 75 Länner vun der Infektioun betraff

Aktuell ass gewosst, datt sech de Coronavirus (Covid19) an iwwer

De Chèque-Service ass duerchliicht ginn
International Money Neiegkeeten

De Chèque-Service ass duerchliicht ginn

Am Kader vum „Child-Care 1“ Projet hunn d‘Dr. Audrey Bousselin

Staatstrauer no de Schéissereie vun El Paso an Dayton (eng Analys)
International Money Neiegkeeten

Staatstrauer no de Schéissereie vun El Paso an Dayton (eng Analys)

Bannent 24 Stonne war et an zwou amerikanesche Stied zu

money

Den US-President a säi Wirtschaftswonner

Ni wier et der US-Wirtschaft esou gutt gaange wéi ënnert dem Donald Trump, mee wie profitéiert tatsächlech dovunner a wéi ee Notzen hunn d‘Bierger dovunner?

Den US-President a säi Wirtschaftswonner

Dat eenzegt wat den Donald Trump interesséiert ass den Donald Trump, an et gëtt näischt iwwert wat de Milliardär am léifste Schwätzt wéi iwwert seng Erfolleger. Et géif der US-Wirtschaft esou gutt ergoen, datt ee scho bal muss fäerten, datt dëser „Wirtschaft“ d‘Sonn aus dem Aarsch schéngt.

An a gewësser Hisiicht huet de Mann mam Charisma vun engem nordkoreaneschen Internetcafe, jo och Recht. De Chômage ass esou niddreg wéi zanter Joerzéngten net méi, an eng staark Wirtschaft ass am US-Wahlkampf ee vun de wichtegsten Atouten. Schliisslech finanzéiert d‘Wirtschaft dësen a verlaangt och „Dividenden“ vum erfollegräichste Kandidat. Et geet dem Milliardär also ganz gutt.

Woubäi déi Mënschen, déi den Donald Trump fir seng Politik begeeschtere wëll a faktesch och iwwerzeegt kritt, also d‘Patrioten an de Mëttelstand, vum Wirtschaftswonner wéineg zu Gesiicht kréien. Et huet en enormen Zouwuess bei der Deelzäitaarbecht ginn, an hei och méi prezis am sougenannten Niddreglounsecteur. Dat awer huet Konsequenzen déi de President net ernimmt.

Dës prekär Aarbechtsplaze loossen d‘Statistike ganz gutt ausgesinn, sinn awer gläichzäiteg e ganz seriéise Problem. Dës Aarbechtsplazen erlaben et net sech eng Krankeversécherung, a schonn emol guer net fir d‘Pensioun ze kotiséieren. Am häertste betraff dovunner: d‘Jugend. Ee Job geet einfach net duer fir iwwert d‘Ronnen ze kommen, et muss kumuléiert gi wann et iwwerhaapt méiglech ass.

Beim Milliardär kléngt dat natierlech eppes anescht an déi alarméierend Zuele passen och net a seng „Strategie“. De Mindestloun an den USA läit aktuell bei 7,25 US-Dollar d‘Stonn, an dat trotz ëmmer héijere Liewenskäschten. Eng ganz Rëtsch US-Bundesstaaten hunn eegemächteg dëse Mindestloun eropgesat, well ëmmer méi Leit trotz Aarbecht net méi iwwert d‘Ronne kommen.

„Make Amerika Great Again“, esou dem Donald Trump säi Slogan, geet zu Laaschte vun enger Bevëlkerungsschicht, déi him erstaunlecherweis och weiderhin de Réck stäipt. D‘Realitéit vum amerikanesche Wirtschaftswonner ass eng aner, mee dat ass interesséiert dem Trump seng Fans anscheinend guer net. Hie ass ee Gewënner a seng Aussiichten op en zweet Mandat sinn exzellent.

mat indymedia/nyc

Ähnlech Sujeten Chômage, Donald Trump, Make America Great Again, Prekariat, Prekaritéit, USA, Wirtschaftswonner
Nächsten Artikel Virrechten Artikel