Éischt Sportverletzunge bei de Motarden
Zanter dem leschten Donneschdeg sinn – nodeems den Transportminister an
Zanter dem leschten Donneschdeg sinn – nodeems den Transportminister an
E Sonndeg, de 24. Januar 2021 um 15 Auer presentéiert den
Mam Ausruffe vum nationalen Noutstand, deen op engem besonneschen Artikel
Datt den Donald Trump seng Mauer un der Grenz zu mexikanesch-amerikanescher net no eegenem Gusto kann opriichten, huet u senger Astellung géintiwwer de Migranten aus Latäinamerika näischt geännert. Säi neie Projet: „Strof-Zoll“ op alle Wueren, an den Taux soll all Mount erhéicht ginn…
Ënner „Strof-Zoll“ ass an dësem Fall ganz eng „Sanktioun“ ze verstoen. Eng Sanktioun mat där déi mexikanesch Regierung soll gezwonge ginn, déi haart a virun allem méi konsequent géint Mënsche virzegoen, déi iwwer Mexiko illegal an d‘USA awandere wëllen. Ab dem 10 Juni ginn op all d‘Wueren déi aus Mexiko importéiert ginn, 5% extra Douanestaxen erhuewen. Tendenz steigend.
Passéiert näischt, esou den US-President, erhéijen sech dës Douanestaxe bis Oktober schrëttweis op 25%. Grond fir dës „nei“ Moossnam: den Donald Trump werft de mexikaneschen Autoritéite vir, déi illegal Migratioun aus Latäinamerika ze ënnerstëtzen. „Dëst Verhale stellt e Noutstand an eng ausseruerdentlech Bedreeung fir déi national Sécherheet an d‘Wirtschaft vun den USA duer“.
Mexiko gëtt domatter op en neits mam Réck widder d‘Mauer gestallt a folgerichteg zu enger Reaktioun gezwongen. Aus dem Ausseministère ginn déi geplangten Douanestaxen als „Desastréis“ ëmschriwwen, an de Staatssekretär Jesus Seade huet annoncéiert, datt sollten d‘USA hir Menace ëmsetzen, déi mexikanesch Regierung genéidegt wier ugemoosse Géigemoossnamen ze ergräifen.
Déi e Mëttwoch vun der Grenzpolice opgegraffe Migranten, stamen aus Guatemala, Honduras an El Salvador. Opgelëscht goufen 934 Familljememberen, 63 onbegleete Mannerjäreger an 39 Erwuessener déi eleng ënnerwee waren. © CBP
Et gëtt dann awer och Grënn fir dem Milliardär seng neierlech „Iwwerreaktioun“. Déi „illegal“ Migratioun (Awanderung an d‘USA via Mexiko) huet am Zäitraum Oktober 2018 – Abrëll 2019, nees zougeholl. Laut der Grenzpolice CBP sinn 530.000 Mënschen illegal an d‘USA agewandert. Dat sinn géintiwwer der selwechter Period am Virjoer, eng 10.000 weider „Eenheeten“, esou CBP.
Erënnere mir dann awer nach drun, datt eng Grenzmauer mat Mexiko zum Donald Trump sengen zentrale Wahlversprieche gehéiert huet, an hien an dësem Dossier och kee Kompromëss wëll a wäert zouloossen. Esou hat hie schonn am Februar den nationalen Noutstand ausgeruff, fir quasi duerch d‘Hannerdier d‘Fongen ze erhale fir d‘Mauer ze bauen. Och dat war him verwiert bliwwen.
Wéi dës nei „Wirtschaftssanktiounen“ elo vun der Weltgemeinschaft opgeholl a verstane ginn, a wéi déi a Mexiko implantéiert US-Entreprisë vun dësem „Strof-Zoll“ impaktéiert ginn, kann zur Zäit net bemooss ginn. Et ass jo mëttlerweil allgemeng bekannt, datt ee „Fluchtursaachen“ a Migratioun net mat Sanktioune bekämpfe kann, zemools wann e se selwer geschafen huet.
mat indymedia/was/lax/hou
Foto: Um Mëttwoch haten d‘Grenzpolizisten am Secteur vun El Paso (New Mexiko) dee bis ewell gréisste Grupp vun illegalen Awanderer gestoppt. © CBP