Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

USA: Intern Opsiicht vum Heemechtschutzministère schléit Alarm
International Neiegkeeten

https://moien.lu/leuke-dating-apps-2018/

Gëschter huet déi intern Opsiicht vum US-Hémechtschutzministère (Homeland Security) no

free dating sites uk only
International Neiegkeeten

Et huet een aus den Iwwerschwemmunge vu virun zwee Joer geléiert a vill investéiert

Et ass elo bal zwee Joer hir, datt et zu

Berlin: Seehofer a Merkel fannen am Asylsträit de Kompromëss
International Neiegkeeten

Berlin: Seehofer a Merkel fannen am Asylsträit de Kompromëss

Se sinn sech eens ginn, de streideregen Inneminister vun der

USA: Bundesstaat Alabama verbitt de Schwangerschaftsofbroch

USA: Bundesstaat Alabama verbitt de Schwangerschaftsofbroch

De Senat vum US-Bundesstaat Alabama huet gëschter dat schäerfsten Ofdreiwungsgesetz ugeholl, laut deem och eng Fra, déi Affer vun enger Vergewaltegung ginn ass, de Schwangerschaftsofbroch net méi virhuelen. Dat neit Gesetz huet nëmmen nach eng Ausnahm, mee gëtt och scho virun de Geriichter kontestéiert, nach iert d‘Gouverneurin d‘Zäit huet d‘Gesetz ze ënnerschreiwen.

Ënnerschreiwen awer wäert dat d‘Kay Ivey (Republikaner) well d‘Leit am Alabama dat esou vun hir erwaarden zu enger grousser Majoritéit och fuerderen. De Bundesstaat Alabama ass en déif reliéisen Uert op dëser Welt, zwar kathoulesch gepräägt, mee geeschtlech um Stand vu fanateschen Islamisten déi vun engem Kalifat dreemen. Zumindest mat dësem Gesetz, trëfft dës Ausso zou.

Alabama

Kee Gesetz an den USA geet esou wäit, wéi dat wat vum Representantenhaus an dem Senat ugeholl ginn ass. E Recht op Schwangerschaftsofbroch gëtt et domatter de facto net méi, och net fir Fraen déi vergewaltegt an/oder en Inzest hu missen erliewen. Interessant… et géif ee mat dësem Gesetz den Täter quasi Recht ginn, wat elo an ultra-reliéise Gemeinschaften och net onüblech ass.

Eenzeg an eleng wann d‘Liewe vun der schwangerer Fra a Gefor ass, also méi prezis, wann eng akut Liewensgefor erwisen ass, dierf en Dokter de Schwangerschaftsofbroch virhuelen. Dokteren déi ausserhalb dësem rechtleche Kader eng Ofdreiwung virhuelen, kënnen am Bundesstaat Alabama tëscht 10 an 99 Joer an de Prisong gestach ginn. Déi verschidde Kierchen si ganz begeeschtert…

Alabama

Fir d‘Fraen awer ass et eng denkwierdeg Entscheedung déi do am Senat (an deem et iwwregens ganzer dräi Frae gëtt) vun ale verbatterten Häre geholl ginn ass. Déi diskutéieren a kritiséieren dat neit Gesetz, vergiessen awer kuerzzäiteg, datt och si Wahlrecht hunn, an net onschëlleg un der Zesummesetzung vum Representantenhaus an dem Senat sinn. Mee nach ass net alles verluer.

Dëst Gesetz verstéisst kloer géint d‘Grondsazuerteel vum ieweschte Geriichtshaff (1973), laut deem d‘Fraen an den USA e Recht op den Ofbroch vun der Schwangerschaft hunn. Mee dat ass et och wourëms et den Ofdreiwungsgéigner geet. D‘Terri Collins (Rep), huet dëst Gesetz mat der Absicht virgeluecht, fir de Prinzip vun der Ofdreiwung virum héchste Geriichtshaff kënnen a Fro ze stellen.

Alabama

Et ass also eng Deputéiert déi d‘Gesetz abruecht huet, an et ass eng Gouverneurin, déi d‘Gesetz mat hirer Ënnerschrëft a Kraaft setzt. Béid Fraen – jo et sinn tatsächlech Fraen déi sech géint d‘Rechter vun der Fra asetzen – beabsichtegen eng Entscheedung erbäizeféieren, déi et den US-Bundesstaaten erlaabt, Ofdreiwungsgesetzer ze hunn, déi de Wënsch vun de Bierger (an der Kierch) entspriechen.

An et muss ee soen, et gesäit gutt aus fir d‘Fraktioun vun den Ofdreiwungsgéigner. Mam Donald Trump un der Spëtzt vum Land, mussen déi kaum Widderstand fäerten. De Milliardär huet zu dësem Zweck zwee äerzkonservativ Riichter fir d‘Supreme Court benannt, woumatter déi reliéis verfaange Männer an hire Räck, nees d‘Muecht vum héchsten US-Geriicht iwwerholl hunn.

Alabama

Zanter déi am Amt sinn, hunn eng 20 US-Bundesstaaten d‘Recht zur Ofdreiwung verschäerft. A 6 Bundesstaaten gouf déi sougenannten „Häerzschlag-Klausel“ agefouert, wouduerch en Ofbroch bis zur 6 Schwangerschaftswoch muss stattfonnt hunn. An all dëse Staaten geet d‘Zuel vun den Haiser, an deenen e Schwangerschaftsofbroch ka virgeholl ginn, dramatesch zréck an den Drock klëmmt.

Firwat Politiker eng Entscheedung treffen, vun där si ganz genee wëssen, datt et haaptsächlech déi sozial schwaach Gesellschaftsklassen trëfft, ass fir opgekläerte Mënschen onerkläerlech. Mee an Amerika, wou esouguer mächteg Lokalpolitiker iwwert eng Allgemengbildung op RTL2-Niveau verfügen, an et ouni den „In God we Trust“ wéi och de Patriotismus net geet, ass dat Normalitéit.

mat indymedia

Foto: „The horrible Granny“ gëtt d‘Kay Ivey vu hire Kritiker genannt. D‘Gouverneurin vum US-Bundesstaat Alabama, kann ee reliéis duerchaus op ee Niveau mat de fundamentalistesche Mosleme setzen. (screenshot)

Ähnlech Sujeten Alabama, Gesetz, Kay Ivey, Ofdreiwung, Schwangerschaftsofbroch
Nächsten Artikel Virrechten Artikel