Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Aweiung vun der Kläranlag zu Gréiwemaacher
International Neiegkeeten

Aweiung vun der Kläranlag zu Gréiwemaacher

Energieeffizient an ëmweltschounend ass dat neit Klärwierk zu Gréiwemaacher, wat

Sozialwahlen 2019: „räichhalteg a kompakt“ esou de Programm vun der ALEBA
International Neiegkeeten

Sozialwahlen 2019: „räichhalteg a kompakt“ esou de Programm vun der ALEBA

En Donneschdeg huet d‘ALEBA (Lëtzebuerger Vereenegung vun den Employéeën am

Neal Stephenson: E gewaltegen Erneierer
International Neiegkeeten

Neal Stephenson: E gewaltegen Erneierer

An dëser Rei goufe verschidde Gréissten vun der Science Fiction

USA: Déidlech Stuermfront iwwert de Südstaaten

8 Persoune bei extreemste Wiederbedingunge verstuerwen

USA: Déidlech Stuermfront iwwert de Südstaaten

Eng massiv Stuermfront huet op hirem Wee duerch d‘Südstaate vun den USA, den Dout an d‘Verwüstung mat sech gefouert. Am häertste getraff waren de Bundesstaat Texas a Louisiana. D‘Autoritéiten hunn aacht affer bestätegt, dorënner dräi Kanner. Den Ament zitt d‘Onwieder an nordëstlecher Richtung weider. New York an d‘Haaptstad Washington bereeden sech drop vir.

Stuermfront

Am Alabama waren d‘Awunner vun den Autoritéite gewarnt ginn, datt zum bestoende Schloreen och Tornadoen ze erwaarde sinn. An engem Viruert vu Birmingham (AL) ass en Aarbechter ëm d‘Liewe komm. Am Angelina County (TX), sinn zwee Kanner an engem Auto vun engem Bam getraff ginn, déi dräi an aacht Joer al Kanner wieren, esou de Sheriff, op der Plaz verstuerwen.

Stuermfront

De Pad vun engem Tornado deen zu Alto (TX) an der Noperschaft vu Cherokee County. Am Lufkin District huet op ville Plazen ähnlech ausgesinn. (Photo courtesy of Texas Game Wardens)

Zu Caddo Mounds (TX), engem archeologesche Standuert, waren Dosende Leit vum Tornado erfaasst a blesséiert ginn. Eng Fra déi schwéier verletzt gouf, ass spéider un de Suitte vun hire Blessuren am Spidol verstuerwen. An engem „Trailerpark“ bei Houston (TX) si véier Persoune – deels schwéier – verletzt ginn, eng Fra ass an den Trëmmer vum Mobilhome ëm d‘Liewe komm.

Am Louisiana, zu West Monroe mellen d‘Autoritéiten den Dout duerch erdrénken, vun engem 13 järege Bouf, dee vun der Stuermflut erfaasst ginn ass. D‘Police huet eng weider verstuerwe Persoun an engem Auto opfonnt, deen an de Fluten ënnergaange war. Een Doudegen ass och am Staat Mississippi ze bekloen. D‘Autoritéite mellen och hei vill Verletzter duerch d‘Onwieder.

Stuermfront

Materiell gesinn, ass et d‘Uertschaft Franklin (TX) déi am häertste getraff ginn ass. Wéi beriicht ginn ass, hunn d‘Tornadoen hei ganz Aarbecht geleescht. En ähnlecht Bild huet et zu Hamilton (MS) ginn, wou Dosenden Haiser dem Buedem gläich gemaach goufen. Nieft den zerstéierten Haiser huet et zuelräich ëmgefale Beem ginn, villeruerts gëtt et nach kee Stroum.

mat indymedia/aust/was/nyc

Foto: Zu Alto (TX) huet d‘Onwieder, gestëtzt vun Tornadoe, ganz Aarbecht geleescht. © Alberto Romero (via twitter)

Ähnlech Sujeten Louisiana, Südstaaten, Texas, Tornado, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel