Search

You may also like

CETA: „déi gréng“ maachen et méiglech!
International Neiegkeeten

CETA: „déi gréng“ maachen et méiglech!

Eigentlech hätt de Fräihandelsaccord mat de Kanadier schonn am Abrëll

Schluss mam Rausch – Opdeckung vun engem gréisseren Drogennetzwierk!
International Neiegkeeten

Schluss mam Rausch – Opdeckung vun engem gréisseren Drogennetzwierk!

An de vergaangenen Deeg konnten d’Beamten vun der Douane ee

400 Enseignante bei der Konferenz fir Zesummenaarbecht
International Neiegkeeten

400 Enseignante bei der Konferenz fir Zesummenaarbecht

Zuelräich Enseignanten, Presidente vu Schoulcomitéen, Direktere vu Primärschoulen a Lycéeen,

USA: Demokratesch Senatorin fuerdert dem Trump säi Kapp

USA: Demokratesch Senatorin fuerdert dem Trump säi Kapp

Déi demokratesch Senatorin Elizabeth Warren ass iwwerzeegt, datt de „Mueller-Bericht“ beweist, datt sech den Donald Trump e Feelverhale geleescht huet, firwat et zur Amtsenthiewung komme misst. Si fuerdert net méi an net manner wéi dem US-President säi Kapp. D‘Senatorin gëtt selwer als Kandidatin fir déi nächst Presidentschaftswahle genannt.

Elo wou den ominéise Bericht vum Sonnerermëttler Robert Mueller verëffentlecht ginn ass, gesäit d‘Oppositioun – an der Persoun vum Elizabeth Warren – eng gutt Geleeënheet fir de Milliardär nees a Bedrängnes ze bréngen. D‘Argument: Unhand dem Bericht vum Sonnerermëttler wier erwisen, datt eng auslännesch Regierung versicht hätt, d‘Presidentschaftswahle vun 2016 ze beaflossen.

Senatorin

Zudeem wier net méi vun der Hand ze weisen, datt den Donald Trump – zumindest versicht huet – d‘Enquête ze behënneren. Ee schwéiert Feelverhalen datt ee weder ignoréieren nach toleréieren dierft. Esou e beholl géif dem Land massiv an nohalteg schueden, esou d‘Senatorin via Twitter. Et géif zudeem „anere“ Presidente suggeréieren, si dierften hir Muecht ähnlech „mëssbrauchen“.

Déi aner Klack

Wann een allgemeng dovunner dierf ausgoen, datt den Demokraten all Mëttel Recht wier dat derzou ka bäidroen, dem Donald Trump „lass ze ginn“, esou besteet keng Eestëmmegkeet fir d‘Aleede vun enger „Impeachment-Prozedur“. Den demokratesche Fraktiounschef am Representantenhaus, Steny Hoyer, huet beispillsweis gemengt, datt dat 18 Méint virun de Walen, net wierklech Sënn mécht.

D‘Elizabeth Warren awer bleift standhaft a riicht en Appell un d‘Demokraten a Republikaner. Si sollen d‘Grenzen tëscht de Parteien iwwerwannen an zesumme fir d‘Amtsenthiewung vum 45. US-President antrieden. Et wier hir verfassungsrechtlech Flicht, betount d‘Senatorin. Déi 69 Juristin betruecht d‘Trump-Administratioun als déi „Korruptst zanter Mënschegedenken“.

Senatorin

Hei muss een zum bessere Versteesdemech allerdéngs kuerz drop hiweisen, datt der Senatorin hire Virstouss an éischte Linn e grousse Kommunikatiounscoup ass. Et ass nähmlech net esou einfach eng Prozedur géint den US-President an d‘Wee ze leeden, besonnesch dann net, wa wéi am Fall vum Donald Trump keng „däitlech“ Scholdzouweisung méiglech ass. Mee elo sinn d‘Fronte kloer.

Foto: D‘Senatorin Elizabeth Warren gëschter bei der Wahlcampagne zu Salt Lake City. Si war bis 2012 Jura-Professorin zu Harvard, an ass eng vun de schäerfste Kritikerinne vum US-President. © Team Warren

Related topics Demokraten, Donald Trump, Elizabeth Warren, Impeachment, Republikaner, USA
Next post Previous post