Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

déi Lénk: Steiergerechtegkeet, an zwar elo!
International Neiegkeeten

déi Lénk: Steiergerechtegkeet, an zwar elo!

Enger Etüd no, déi am Optrag vun der grénger Fraktioun

De wichtegste Stopp vum Dag: Sensibiliséierungscampagne bei Barrièren
International Neiegkeeten

De wichtegste Stopp vum Dag: Sensibiliséierungscampagne bei Barrièren

D’CFL deelt mat, datt een och dëst Joer nees um

Kino: „Breadwinner“ op der grousser Leinwand gesinn an UNICEF ënnerstëtzen
International Neiegkeeten

Kino: „Breadwinner“ op der grousser Leinwand gesinn an UNICEF ënnerstëtzen

Adaptéiert vum Deborah Ellis sengem Bestseller „The Breadwinner“, huet dësen

USA: déi eng gi vum selwen, deenen anere wëll den Trump op d‘Spréng hëllefen

USA: déi eng gi vum selwen, deenen anere wëll den Trump op d‘Spréng hëllefen

Dem Donald Trump seng Entscheedung d‘Truppen aus Syrien ofzezéie bréngt weider Affer mat sech. Nom Verdeedegungsminister Jim Mattis, war et e Freideg den US-Emissär fir déi international Koalitioun géint d‘Dschihadisten, Brett McGurk, dee seng Demissioun agereecht huet.

Laut dem US-Ausseministère dierf dee schonn den 31. Dezember seng Funktioun opginn. De Brett McGurk soll dem Ausseminister, Mike Pompeo, e Freideg d‘Kënnegung virgeluecht hunn. Laut US-Medien, hat de Brett McGurk entscheet säi Posten am Februar opzeginn, mee duerch déi lescht Entwécklungen hätt hie misse feststellen, datt déi Echeance politesch net ze hale war…

Et dierf ee scho behaapten, datt den Donald Trump e Mëttwoch déi international Communautéit eppes iwwerrascht hat, wéi hien annoncéiert huet, esou séier wéi méiglech seng ronn 2.000 Zaldoten aus Syrien ofzezéien. Eng Decisioun déi de Milliardär domatter begrënnt huet, datt den Islamesche Staat (IS) geschloe wier. An och aus Afghanistan sollen d‘US-Zaldoten ofgezu ginn.

Dat zumindest behaapten de Wall Street Journal an d‘New York Times. Si hu den Ofzuch vu gutt der Hallschent vun de 14.000 amerikaneschen Zaldoten ugekënnegt, déi op afghaneschem Buedem stationéiert sinn. D‘USA haten sech viru 17 Joer, no den Attentater vum 11. September 2001, an de Konflikt abruecht. Et ass vill Geld a Blutt gefloss, ouni datt se eppes Opweises hätten…

Iert d‘Kënnegung vum Brett McGurk bekannt gemaach ginn ass, huet den Donald Trump, wéi et seng ganz perséinlech Aart a Weis ass, en Tweet zum Thema Dossier an d‘Welt gejot: „Wat Syrien betrëfft, esou sollte mir ursprénglech nëmmen dräi Méint do bleiwen. Dat war viru siwe Joer, a mir sinn ni fort gaangen“. Dofir hat et Grënn – wéi sech de Koalitioun unzeschléissen – ginn.

Geet et drëms der Tierkei d‘Invasioun ze erliichteren?

A wann den US-President bis lassgeluecht huet, sollt een hien och net bremsen: „Wei ech President gi sinn, huet sech den IS entlueden. Elo ass den IS gréisstendeels geschloen, an aner Länner aus der Regioun, d‘Tierkei abegraff, sollte capabel sinn, sech mat Liichtegkeet deem unzehuelen, wat nach dovunner iwwreg ass. Mir fueren elo heem!“. Wat hien domatter um ausléisen ass, weess e net.

Wat de Brett McGurk betrëfft, esou huet de Locataire aus dem Wäissen Haus d‘Gewunnecht net mat Demissionären zaart ëmzegoen. Op Twitter huet hien den Emissär als „décken Téinert“ beschriwwen, déi sech, nach iert seng Missioun beendegt ass, duerch d‘Hannerdier verfuusst. Dat stëmmt esou zwar net, mee dem US-President seng Supporter wäerten et net hannerfroen.

Laut der e-Mail, mat där de Brett McGurk senge Kollege matdeelt datt hien „opgëtt“ – an déi sech d‘New York Times besuerge konnt – hätt hien d‘Entscheedung vum Donald Trump als „Schock“ qualifizéiert, an eng politesch 180° Wend denoncéiert. „Si huet eis Koalitiounspartner deroutéiert, an d‘Partner am Kampf verroden“, esou den Emissär, deen esou eng Politik net méi erkläre kann.

„Ech war déi ganz Woch iwwer beméit d‘Auswierkunge vun dëser Decisioun ze geréieren (…) mee ech hu misse fir mech perséinlech feststellen, datt et mir net méiglech ass déi nei Instruktiounen unzewennen a gläichzäiteg meng Integritéit ze behalen“, esou de Brett McGurk. Hei dierf drop higewise ginn, datt hien nach vun der Obama-Administratioun d‘Missioun opgedroe kritt hat.

En däitlechen „Dolchstouss“ fir d‘Kurden

Iwwert déi ganz lescht Méint, hunn den Trump seng Generäl virun engem iwwerstierzte Réckzuch gewarnt. Dat géif dem syresche Regime a senge Partner (Russland an Iran) de Wee fräi maachen, an dem Bachar al-Assad seng Muecht stäerken. De Réckzuch géif grad deene „Krichsparteien“ déngen déi eigentlech als Feind – besonnesch den Iran – vun den USA ze bezeechne sinn.

Déi amerikanesch Truppe sinn am Nordoste vu Syrien stationéiert. Si stinn hei un der Säit vun der arabesch-kurdescher Koalitioun, déi den Islamesche Staat (erfollegräich) bekämpft. Beim Ofzuch vun den Truppen, steet d‘Kurdemiliz YPG ouni Ënnerstëtzung do. Den tierkesche President huet awer schonn däitlech gemaach, datt hie sech vun „dësen Terroristen“ befreie wëll.

Fir dës annoncéiert „ethnesch Säuberung“ erfollegräich hinzekréien, ass d‘Tierkei duerchaus bereet dem IS „Handlungsspillraum ze loossen“. Dat wëssen d‘Kurden, an ee vun hire Leader a Syrien, den Aldar Khalil, huet e Samschdeg Washington opgefuerdert sech anzesetzen, an eng tierkesch Offensiv géint d‘Kurden am Norde vu Syrien ze verhënneren. Dat gesäit den US-President anescht.

D‘Kurdemiliz huet an dësem Kontext drop higewisen, datt sollten si vun der tierkescher Arméi ugegraff ginn, si gezwonge wieren d‘Kampfhandlunge géint d‘Dschihadisten anzestellen, fir sech géint dem Erdogan seng Truppen ze wieren. Nach déi lescht hat de Brett McGurk zu Washington verséchert, datt d‘Amerikaner sech hirer Verantwortung bewosst sinn, an op der Plaz bleiwen.

„Och wann d‘Kalifat als Territoire net méi wierklech existéiert, esou ass et mam Islamesche Staat nach laang net gedoen. (…) et gëtt iwwerall Gruppen am Ënnergrond an kee kann esou naiv sinn ze gleewen, datt déi sech vun haut op muer a Loft opléisen“, erkläert de Brett McGurk. A wéi eescht een dës Ausso sollt huelen, kann een um Attentat op de Stroossbuerger Chrëschtmaart festmaachen.

Déi eng demissionéieren, déi aner ginn demissionéiert

Fir beim grousse Personalkarussell an der Trump-Administratioun den Iwwerbléck net ze verléiere muss de zolidd op Zack sinn. Während dem Milliardär op där enger Säit d‘Leit reegelrecht dervu lafen, huet hien ëmmer nees Kandidaten déi hie selwer op d‘Schëff wëll schécken. Esou de Procureur Robert Mueller, dee keng Rou gëtt, a weider am „russeschen Dossier“ wullt.

Nei ass, datt den US-President sech och dem President vun der „Fed“ (dat ass déi amerikanesch Zentralbank) entleedege wëll. Woubäi dee sech et siche gaangen ass: e Mëttwoch war vun de Medien annoncéiert ginn, datt d‘Federal Reserve d‘Zënsen nees unhiewe wëll. Eng Meldung déi vum Finanzministère zwar dementéiert ginn ass, den Donald Trump trotzdeem opgereegt huet.

Laut CNN soll de Milliardär éischt Sondéierunge bei senge Beroder ageleet hunn, déi kläre solle wéi et mam „legale Kader“ Ausgesäit, fir den Jay Powell bei der Däiwel ze joen. Dës Informatioun gëtt vum Finanzminister Steve Mnuchin zréckgewisen. Hien huet op e Gespréich mam President higewisen, aus deem net ervirgeet, datt dem President vun der „Fed“ säi Mandat a Fro gestallt gëtt.

„Ech si mat der Politik vun der Fed absolut net averstanen. Ech sinn der Meenung datt d‘Zënsen ze héijen, zu dësem Zäitpunkt dat schrecklechst ass wat se maache kann. Dat besonnesch am Kontext vu lafende Verhandlunge bei de Wirtschaftsbezéiungen. Mee ech hunn ni virgeschloen de Jay Powell ze entloossen, an ech mengen och net d‘Recht dozou ze hunn“, soll den Trump gesot hunn.

D‘Onofhängegkeet vun der Federal Reserve a Fro ze stellen, wier „gewot“. Déi amerikanesch Zentralbank besteet zanter iwwert engem Joerhonnert, a gëtt als déi mächtegst Zentralbank op der Welt gesinn. Si huet d‘Missioun, d‘Inflatioun am Grëff ze behalen, an fir Vollbeschäftegung ze suergen. Wann de Milliardär de Jay Powell och net leide kann, dee kann hie net verjoen…

mam Elodie Mazein/AFP

Foto: Den amerikaneschen Emissär fir d‘Koalitioun géint den IS (hei e Bild vum 28 Juni 2016) Brett McGurk huet e Freideg sengem Chef, Mike Pompeo, seng Demissioun virgeluecht. Déi aktuell Politik vum Donald Trump mécht et him onméiglech seng Missioun ze erfëllen. © Mandel Ngan/AFP

Ähnlech Sujeten Brett McGurk, Donald Trump, Federal Reserve, Jay Powell, Jim Mattis, Syrien
Nächsten Artikel Virrechten Artikel