Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

USA: Nom Handelskrich… den Technologie-Krich
International Neiegkeeten

USA: Nom Handelskrich… den Technologie-Krich

Mat de Chinesen huet et den Donald Trump net. An

Bettel-Macron-Michel: dat ass net eise Gesellschaftsmodell
International Neiegkeeten

Bettel-Macron-Michel: dat ass net eise Gesellschaftsmodell

„Grouss Biergerconsultatioun“: esou gëtt d‘Houmass tëscht dem President vun der

Aweiung vum ëmgebauten Zucharrêt zu Uewerkuer
International Neiegkeeten

Aweiung vum ëmgebauten Zucharrêt zu Uewerkuer

Gëschter gouf no Ëmbauaarbechten den Zucharrêt zu Uewerkuer a Presence

Dissens mat Teheran bedreet Weltfridden

Dissens mat Teheran bedreet Weltfridden

Am Sträit ëm d‘Atomofkommes mam Iran gesäit alles dono aus, wéi wann et dem Donald Trump gelonge wier Teheran aus der Reserv ze lackelen. Den iranesche Regime stäipt sech elo mat aller Kraaft géint den Drock an eng éischt Moossnam ass d‘Annonce selwer aus dem Accord ze trieden.

Genee ee Joer nodeems den US-President d‘Atomofkommes mam Iran opgekënnegt huet, hunn se zu Teheran wësse gelooss, datt ee sech och net méi un den Text gebonne fillt, a gewësse Klauselen net méi anhalen ze wëllen. E Message dee manner fir Washington bestëmmt, dofir direkt un déi aner Vertragspartner geriicht ass, déi hir Verspriechen am Kontext vum Accord net agehalen hunn.

Besonnesch den europäesche Vertragspartner – méi besuergt sech mat den Amerikaner op guddem Fouss ze stoen – huet den iranesche President Hassan Rohani virgeworf, sech selwer net un den „Deal“ ze halen. „Mir sinn net aus dem Atomofkommes ausgetrueden, mee notzen eist legitimt Recht, engem Vertragsbroch ze begéinen“, esou de klore Statement vum iranesche President.

Et soll een näischt versprieche wat een net hale kann

Erënnere mir also kuerz drun, datt sengerzäit Däitschland, Frankräich a Groussbritannien, Teheran gréisser Investitiounen am Land zougesot haten. Vill war net geschitt, an eigentlech war een och éischter um iranesche Pëtrol interesséiert. Woubäi och déi franséisch Automobilindustrie sech hei e Maart wollt opbauen. D‘Bedreeung de Zougang zum US-Maart ze verléieren huet dat verhënnert.

Mat der neier Oplag vun den US-Sanktiounen – an et sollen der nach derbäi kommen – ass den Iran mat Réck widder d‘Mauer gestallt ginn. Verständlech datt sech Teheran un déi aner Signataire wennt a vun dëse fuerdert sech schützend virun déi iranesch Pëtrol- a Finanzindustrie ze stellen. Vu Russland a China dierft de Regime weiderhi gestäipt ginn, d‘Europäer wëlle Sanktionéieren…

Europäesch Signataire halen um Vertrag fest

Däitschland a Frankräich hunn hirersäits nach emol bekräftegt, sech un d‘Ofkommes halen ze wëllen an appelléieren un Teheran sech un den ursprénglechen Text ze halen. Esou seet den Heiko Maas, Ausseminister vun Däitschland, datt d‘Atomofkommes mam Iran e wichtege Beitrag fir déi national an europäesch Sécherheet ass. Hie verkeeft awer Waffen un den Äerzfeind Saudiarabien.

Vum Florence Parly, franséisch Verdeedegungsministerin, kënnt och d‘Zouso fir d‘Ofkommes, mee si bekräftegt och bereet ze sinn, europäesch Sanktiounen ze ënnerstëtzen, wann Teheran sech net méi un den Accord gebonne fillt. Et hätt bis ewell keng EU-Sanktioune ginn, well sech den Iran ëmmer un d‘Atomofkommes gehalen huet. Dat kann ee vu Frankräich esou net behaapten…

Teheran

D‘Briten – déi den Ament wuel gréisser Suergen hunn – hirersäits erënneren den iranesche Regime drun, datt sengerzäit d‘Sanktioune gelackert goufen, well et Zougeständnesser ginn huet déi den Accord iwwerhaapt méiglech gemaach haten. De Staatssekretär Mark Field, dreet sengersäits och mat „erhiefleche Folgen“ sollt Teheran sech „net méi un d‘Atomofkommes“ gebonne fillen.

Russland ass vu Sanktiounen net iwwerzeegt a stellt kloer, datt et fir déi iranesch Annonce Grënn gëtt. Esou dierft een net ënnerschloen, datt den oniwwerluechten a willkürlechen Drock vun den USA op de Regime, d‘Grondlag fir en neierlechen Dissens geschafen huet. De russesche President hält och weiderhin um Ofkommes fest, a fuerdert d‘Signatairen op net oniwwerluecht ze handelen.

Déi ganz Konsequenzen si guer net méi anzeschätzen

Mat deem ganze Gedeessems gëtt d‘Welt net méi sécher, well sollt den Iran sech nees sengem Atomwaffeprogramm zouwennen, entsteet e Konfliktpotential mat deem e globale Konflikt kann ausgeléist ginn. Déi vun der USA virgeluechten 12 Fuerderungen, sinn net anzehalen. An datt grad Washington op d‘Anhale vu Mënscherechter pocht, ass nach dee lëschtegen Deel dovunner…

Dobäi geet et den USA ëm den Afloss vum Iran an der Regioun. De schiitesche Regime ass den erkläerten Äerzfeind vu Saudiarabien, an Israel wëllen d‘Ajatollahen och vun der Landkaart tilgen. Teheran ënnerstëtzt d‘Rebellen am Jemen, d‘Hisbollah an d‘Hamas. Grond genuch fir Washington de Regime stierzen ze wëllen. Och dowéinst refuséiert Teheran Gespréicher mat den USA.

Erauskënnt dobäi näischt Gutts : Den Hassan Rohani huet d‘US-Zaldoten an der Regioun zu Terroriste verkläert, nodeem d‘USA d‘Revolutiounsgard als terroristesch Organisatioun deklaréiert huet. Indirekt wierkt sech och den Handelskrich tëscht den USA a China op den Dissens aus. Dem US-Ausseminister Mike Pompeo seng Stipvisitt am Irak (gëschter) ass eng weider Provokatioun.

mat indymedia/was/lon/mow

Ähnlech Sujeten Atomofkommes, Iran, Petrol, Sanktiounen, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel