Search

You may also like

De Streik am Fleegeheem zu Beetebuerg kritt eng nei Dimensioun
International Money Neiegkeeten

De Streik am Fleegeheem zu Beetebuerg kritt eng nei Dimensioun

No der Circulaire déi d‘COPAS (Federatioun vun de Prestataire fir

Syrien: D‘Amerikaner ginn, d‘Russe kommen
International Money Neiegkeeten

Syrien: D‘Amerikaner ginn, d‘Russe kommen

No enger Entrevue tëscht dem Recep Tayyip Erdogan an dem

Washington: Sträit ëm d‘Récknam vun den IS-Kämpfer
International Money Neiegkeeten

Washington: Sträit ëm d‘Récknam vun den IS-Kämpfer

Beim sougenannten „Anti-IS“ Koalitiounstreffen zu Washington ass et gëschter zum

money

USA erhéijen Douanestaxen um Gebeess

USA erhéijen Douanestaxen um Gebeess

Washington huet de Sträit wéinst den EU-Subventiounen zu Gonschte vun Airbus nach ëmmer net bäigeluecht an huet elo seng als Strof geduechten Douanestaxen nei zortéiert. Esou sollen ab dem éischte September d‘Taxen op däitscht a franséischt Gebeess gehéicht ginn. Dofir gi Kichelcher aus Groussbritannien a Kéis aus Griicheland ausgeholl…

D‘USA, déi am Verlaf vun der Covid19-Pandemie an den Onrouen, déi zanter dem dout vum George Floyd vill Groussstied am Grëff hunn, eppes méi wéi 30% vum Bruttoinlandprodukt (BIP) verluer hunn, haten domadder gedreet, d‘Douanestaxen op Importer aus der europäescher Unioun nach emol ze erhéijen, haten eng ganz Palette u Produiten opgelëscht, déi a Fro komme kéinten.

Esou ware Gin, Saumon an Oliven am Gespréich. Den US-Handelsbeoptragte Robert Lighthizer huet sech beklot, datt d‘EU an hir Memberlänner den Oplage vun der Welthandelsorganisatioun (WTO) nach ëmmer net géifen nokommen. Eng Interessant Ausso, wa gewosst ass, datt et grad Washington ass, dat dës Institutioun mat alle Mëttel blockéiert an ze zerstéiere versicht.

Dat erkläert anersäits natierlech nees, datt den Handelsbeoptragten awer nach ëmmer Interessi un enger laangfristeger Léisung ugemellt huet. Kredibel ass dat ganzt net, mee dat trëfft esou op déi gesamt Aussen- an Handelspolitik vun der Trump-Administratioun zou. Am Endeffekt bedeit dat ganzt, datt d‘Taxen op Wueren am Wäert vu 7,5 Milliarden US-Dollar bestoe bleiwen.

Séisses oder Saueres?

Insgesamt ginn d‘Douanestaxen also net an d‘Luucht, et gëtt hei souzesoe just eng Korrektur beim Wuerenassortiment virgeholl. Gebeess aus däitscher a franséischer Produktioun ginn ab dem éischte September mat zousätzleche 25% Taxe belaascht, wärend brittesch Kichelcher a griichesche Kéis nees vun den Taxe befreit ginn. Op et sënnvoll oder iwwerhaapt verständlech, ass hei onerhieflech.

Streng geholl geet et drëms den Drock héich an „America First“ duerchzehalen. Richteg ass och, datt d‘WTO Enn Dezember 2019 et als zoulässeg betruecht huet, op eng Rei Wuere bis zu 100% Douanestaxen ze erhiewen. Hannergrond ass de jorelaange Rechtssträit, wéinst aus amerikanescher Siicht rechtswiddregen EU-Subventioune fir Airbus-Industries. Klengt verständlech ass et awer net.

Net nëmmen datt Washington d‘WTO blockéiert, well sech an den USA geweigert gëtt nei Riichter ze nominéieren, de Robert Lighthizer a seng bockeleg Verwaltung huet hirersäits selwer, géint dës Subventiounsreegele verstouss, an deem si den Airbus-Konkurrent Boeing massiv gestäipt hunn. Och dozou gëtt et e WTO-Urteel, firwat d‘EU dann elo och wäert zügeg Douanestaxen aféieren.

mat indymedia/was/bru/gva

Illustratioun: © Jonathan Pielmayer / unsplash

Related topics Airbus, Boeing, Douanestaxen, EU, Robert Lighthizer, Subventiounen, USA, WTO
Next post Previous post