Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

US-Geheimdéngscht: Nordkorea baut nei Rakéiten
International Neiegkeeten

US-Geheimdéngscht: Nordkorea baut nei Rakéiten

D‘US-Geheimdéngschter sinn der Meenung, datt Nordkorea nei Rakéite baut. Fir

Ëmmer méi Jonker huelen sech d‘Liewen (eng Analys)
International Neiegkeeten

Ëmmer méi Jonker huelen sech d‘Liewen (eng Analys)

Wann een den „offiziellen Zuelen“ gleewe kann, da wier 1

What the Fakt – den Dag vum häerzhafte Laachen
International Neiegkeeten

What the Fakt – den Dag vum häerzhafte Laachen

De weltwäiten Dag vum häerzhafte Laachen (engl. Global Belly Laugh

USA: Een zum Dout veruerteelte ka sech net méi erënneren…

USA: Een zum Dout veruerteelte ka sech net méi erënneren…

Kann de Staat Alabama een zum Dout veruerteelte Mënsch hiriichten, och wann sech dësen no e puer Hireschléi net méi un d‘Dot erënnere kann déi him virgeworf gëtt? Dat huet den ieweschten US-Geriichtshaff um Dënschdeg misse klären. Eng Fro déi iwwregens ëmmer méi pertinent gëtt, ugesiichts dem Fakt, datt och d‘Insasse vum Doudestrakt ëmmer méi al ginn.

Aacht Riichter aus dem „Tempel vum amerikanesche Recht“ hunn sech dem Dossier „Vernon Madison“ ugeholl. E Mann vun 68 Joer, deen nach just de Schied vu senger selwer ass. Bei dëser Audienz sollt festgestallt wou een d‘Grenz tëscht dem Recht an der Ethik zéie muss. Eigentlech sinn et dann och 9 Riichter déi heiriwwer entscheeden, mee de Brett Kavanaugh „dierf nach net“.

Wat hat de Mann verbrach?

1985 huet de Vernon Madison e Polizist erschoss, wéi deen an engem Familljesträit wollt agräifen. Hien hat dem Beamten zwou Kugelen an d‘Genéck geschoss. No zwee Prozesser, déi sech duerch „Formfeeler“ ausgezeechent haten, war de Vernon Madison 1994 dunn zum Dout veruerteelt ginn.

An de Joren 2015 an 2016 erleit den zum Dout veruerteelten Häftling en Hireschlag. Dat ass net ouni Konsequenze bliwwen. Haut ass de Vernon Madison quasi Blann, kann net méi eegestänneg goen a leit ënner Inkontinenz. Seng Erënnerung ass därmoosse geschiedegt, datt hien net emol méi amstand ass, d‘Alphabet opzezielen.

Hie verlaangt iwwerdeems nom Besuch vu senger Mamm, déi zanter Jore verstuerwen ass. Mee virun allem: hien erënnert sech net méi un d‘Dot an net méi un de Prozess. Seng Affekote sinn der Usiicht, datt dëse Mann senger Strof zouzeféieren, géint dat 8. Amendement vun der Verfassung verstéisst. Dësen Amendement verbitt grausam Strofen.

D‘Uerteel „muss“ ëmgesat ginn

„Wann e Mënsch fragiliséiert, konfus oder verluer ass, kann et net human sinn dësen hinzeriichten“, esou de Bryan Stevenson, Affekot. Hie bezitt sech op Prezedenzfäll vum ieweschte Geriichtshaff, wou entscheet ginn ass, datt et verbueden ass Mënschen hinzeriichten, deenen et net méiglech ass ze verstoe wat hinne geschitt.

Dat gëllt notamment fir Mënsche mat Psychosen, betount de Bryan Stevenson, dee vun de Riichter fuerdert, dës Definitioun och op Mënschen, déi ënner Demenz leiden unzewennen.

„Sech net méi u säi Verbriechen ze erënneren ass keen ausräichend Argument fir der Doudesstrof ze entkommen“, verdeedegt de Procureur vum Staat Alabama, Thomas Govan, d‘Absicht een duerch Krankheet zum Krëppel verkomme Mënsch hinzeriichten. „Wa mir dëse Mäerder elo net méi hiriichten, da gesteet an Zukunft keen Häftling säi Verbriechen“, esou de Procureur.

A sengen Aen huet de Vernon Madison e „rationellt Versteesdemech“ fir déi juristesch Prozedur: hie versteet datt „him e Mord virgeworf gëtt, an datt hien dofir wäert higeriicht ginn“.

Muss méi zügeg „vollstreckt“ ginn?

Emol ofgesi vun dësem partikulare Fall, esou huet de progressive Riichter Stephen Breyer et fir néideg befonnt, ze preziséieren, ënnert wellechem Ëmstand engem zum Dout veruerteelten Täter, deen „an den Alter kënnt“, d‘Hiriichtung kann erspuert ginn.

„Vill Häftlingen si 50, 60, 70 an esouguer 80 Joer al, a sëtze fir déi meescht ënnert hinnen, zanter 20, 30 bis zu 40 Joer am Doudestrakt. Dat geet e Problem deen eis elo stänneg wäert beschäftegen“, ënnersträicht de Riichter. Hie freet sech, op een net sollt „Gnod viru Recht“ bei deenen uwennen, déi keng Erënnerung méi hunn, an sech net méi an „Zäit a Raum“ orientéiere kënnen.

An den USA befannen sech aktuell ronn 2.700 Mënschen am Doudestrakt. Am Schnëtt muss een zum Dout veruerteelten, tëscht dem Riichtersproch an der Ausféierung vum Uerteel, 15 Joer waarden. Woubäi sech datt ganzt, duerch Recoursen an aner Rechtsmëttel, vill méi laang kann hinzéien. 2011 ware 4% vun den zum Dout veruerteelten, iwwer 65 Joer al.

D‘Affer war e Polizist…

D‘Riichterin Sonia Sotomayor huet hirersäits ënnerstrach, datt Alzheimer-Patienten, ganz gutt eng Situatioun zu engem bestëmmte Moment verstoe kënnen, an schonn eng Minutt drop alles nees vergiess hunn. „Wann een elo awer net rationell versteet firwat een zum Dout veruerteelt geet, wou ass d‘Zilsetzung?“, an Argumentéiert esou ongewollt am Sënn vum 8. Amendement.

Fir de Staat Alabama, geet et mat der Hiriichtung dorëms, en „ofschreckend Beispill“ ze ginn. „Hei dierf net vergiess an net entschëllegt ginn, datt den Täter e Polizist ëmbruecht huet“, esou den Thomas Govan.

„Deen net hinzeriichte wier eng Beleidegung vun der Erënnerung un all déi vill Polizisten déi eenzeg hiren Déngscht geleescht, an dobäi hiert Liewe verluer hunn“, argumentéiert de Vertrieder vun enger Police-Organisatioun, déi sech der Prozedur ugeschloss hat. Laut „scotusblog.com“, sinn op mannst 3 Riichter (Konservativ) op der Säit vum Staat Alabama a fir d‘Hiriichtung.

mam Charlotte Plantive/AFP

Ähnlech Sujeten Alabama, Doudesstrof, Hiriichtung, Supreme Court, USA, Verfassung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel