Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Et gëtt weiderhin alles ënnerholl Rettungsmissiounen ze verhënneren
International Neiegkeeten

Et gëtt weiderhin alles ënnerholl Rettungsmissiounen ze verhënneren

Eleng dës Woch sinn (laut der IOM) op mannst 20

De Kierchbierg um Wee vun der Urbanisatioun
International Neiegkeeten

De Kierchbierg um Wee vun der Urbanisatioun

D‘Virstellung vum Bilan vum „Fonds Kirchberg“ dëse Méindeg, ass eng

Jemen: USA fuerdere Friddensverhandlunge bannent 30 Deeg
International Neiegkeeten

Jemen: USA fuerdere Friddensverhandlunge bannent 30 Deeg

En Dënschdeg huet den US-Verdeedegungsminister Jim Mattis d‘Krichsparteien am Jemen

USA entzéien der General-Procureure Fatou Bensouda de Visa

Washington ergräift weider Sanktioune géint den Internationale Geriichtshaff

USA entzéien der General-Procureure Fatou Bensouda de Visa

Dat huet et esou nach net ginn, mee aktuell kann ee sech kaum nach iwwert d‘Entscheedunge vun der Trump-Administratioun wonneren. Well d‘General-Procureure vum Internationale Geriichtshaff (ICC) géint US-Zaldoten ermëttelt, deene Krichsverbrieche virgeworf ginn, soll si net méi an d‘USA areese kënnen. Dem Trump säi Kampf géint d‘Institutioune kritt eng nei Dimensioun…

„Mir wäerten deene ‚Riichter a Procureuren‘ den Zoutrëtt zu de Vereenegte Staate vun Amerika verbidden, Sanktioune géint si ergräifen an hir Gidder am amerikanesche Finanzsystem afréieren. An da gi juristesch Mesuren ergraff, si wäerten sech virun der US-Justiz ze veräntwerten hunn“, hat dem Donald Trump säin treiste Beroder, John Bolton am September 2018 ganz offiziell deklaréiert.

Dëse Fall ass elo agetrueden, d‘Fatou Bensouda dierf nach just an d‘USA areesen, wa si virum UN-Sécherheetsrot hire Bericht virleeë sollt. De John Bolton bezichtegt déi international Juridiktioun – a vun där Washington kee Member ass – net Effikass ze sinn, an hat Mesuren ukënnegt, mat deenen hien de Riichter an de Procureure vum internationale Geriichtshaff „op d‘Spréng“ hëllefe géif.

Mataarbechter vum ICC als „Persona non grata“?

Schonn am Mäerz ass géint vereenzelt Mataarbechter vum Internationale Geriichtshaff, déi mat den Ermëttlungen zu de méigleche Krichsverbriechen a Verbindung bruecht ginn, vun den Autoritéiten en Areesverbuet verhaange ginn. Eng Spriecherin vum ICC huet an engem Statement annoncéiert, datt trotz den US-Sanktiounen d‘Enquête „onparteiesch an onofhängeg“ wäert weidergefouert ginn.

Dat huet och mam Statut vum ICC ze dinn, well et ass net esou, datt d‘USA e „Fräibréif“ hätte just well si den Text (dee vun 123 Länner ënnerschriwwe gouf) méi ratifizéiert hunn. De Statut vum ICC-Procureur erlaabt et dësem, onofhängeg an ouni dofir mussen den Accord vun de Riichter ze hunn, eegestänneg Ermëttlungen aleeden, ënnert der Konditioun datt e Memberland betraff ass.

Sollten elo d‘USA sech mat hire Menacen a Sanktiounen duerchgesat kréien, wier dat ee battere Réckschlag fir déi international Gemeinschaft. Dat sinn d‘Methode vun autoritäre Regimmer an esou e „Prezedenzfall“ wéi Washington derbäi ass en erbäizeféieren, stellt d‘Vëlkerrecht a Fro. Si hu scho mat bilateralen Accorden erreecht, datt net géint US-Zaldote kann enquêtéiert ginn…

mat indymedia/nyc/ams

Foto: Dat ass d‘Bild dat d‘Welt sech vun amerikaneschen Zaldote maache soll. Elo unzehuelen, datt d‘US-Zaldoten alleguerten nëmme mat de beschten Absichten an de Krich zéien… © skeeze/Pixabay

Ähnlech Sujeten Fatou Bensouda, ICC, Internationale Geriichtshaff, John Bolton, USA, Visa
Nächsten Artikel Virrechten Artikel