Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Iwwer 72.000 Bränn am Amazonas ënnerhalb vun engem Joer!
International Neiegkeeten

https://moien.lu/dating-actress/

De brasilianeschen Amazonas muss leider 2019 eng Rekordzuel u Bëschbränn

castle and beckett dating in real life
International Neiegkeeten

Bulgarien: Stroossespäre géint d‘Erhéijung vun de Spritpräisser

Um Sonndeg hunn dausende Bulgaren, déi grouss Stroossen-Achsen a Grenziwwergäng

What the Fakt – 544 Joer Michelangelo!
International Neiegkeeten

What the Fakt – 544 Joer Michelangelo!

Bekannt ass dëse grousse Kënschtler duerch seng fantastesch Meeschterwierker, wéi

USA: Familljen ausenanerrappen, dat geet guer net!

USA: Familljen ausenanerrappen, dat geet guer net!

An dat huet elo och den Trump verstanen, deen an enger spektakulärer 180 grad Dréiung entscheet huet, datt elo domatter Schluss wier, d‘Kanner vun hiren Elteren ze trennen, och wann déi illegal agewandert sinn. Et war allerdéngs kee ganz fräiwëllege Sënneswandel. Villméi war et d‘Kritik aus der Welt an déi eege Leit, wou sech dogéint ausgeschwat hunn, déi dozou gefouert hunn.

Onkloerheet besteet dann allerdéngs nach bei de ronn 2.300 Kanner, déi säit Ufank Mee vun hiren Eltere getrennt goufen, nodeems si op der Grenz verhaft gi waren. „Et läit mer um Häerzen (…) Mir gesinn et net gäre wa Familljen ausenanergerappt ginn“, esou den US-President am Oval Office, wéi hien den Dekret ënnerschriwwen huet, deen dësem Horror en Enn bereet.

Den Text hält awer fest, datt Leit déi illegal iwwert d‘Grenz kommen, och weiderhi mat null Toleranz ze rechnen hunn, a si fir esou e Vergoe viru Geriicht gestallt ginn. Elo ass et dann esou, datt d‘Eltere mat hire Kanner am Prisong op hir Verhandlung waarden. „Mir wäerten d‘Familljen zesummenhalen, mee d‘Konsequenz op de Grenze bleift déi selwecht“, esou den Trump.

Zeechen a Wonner

Et geschéien nach Zeechen a Wonner. Zumindest huet den Donald Trump zu Washington – an eigentlech am ganze Land – all Mënsch mat senger Entscheedung iwwerrascht. Säit Deeg huet et aus dem Wäissen Haus geheescht, datt ee just d‘Gesetz géif uwennen, an datt eenzeg eng Ännerung duerch de Kongress, der Trennung vu Kanner an Eltere kann en Enn bereeden.

Vill Deputéiert an soss politesch Acteuren, mee och eng Abberzuel Organisatiounen, hunn dem US-President säin Zynismus denoncéiert. „De President accordéiert sech de Merite ganz heroesch déi skandaléis Kris geléist ze hunn, déi hie mat senger Politik erbäigefouert huet“, esou den David Axelrod, fréiere Beroder vum Barack Obama.

Vun der ACLU, der Vereenegung fir d‘Verdeedegung vu de Biergerrechter, dann d‘Remark, datt dësen Dekret vun enger Kris direkt an déi nächst féiert: „De Kanner hir Plaz ass net am Prisong“.

Eng Kannerdoktesch déi sech zanter 10 Joer ëm Kanner këmmert, déi op der Grenz tëscht Texas an dem mexikanesche Bundesstaat Chihuahua zréckgehale ginn, huet der AFP d‘Leed vun de Kanner erzielt. „D‘Kanner hunn d‘Hänn duerch d‘Gitter gestreckt an ënner Tréine versicht hir Elteren ze erreechen. (…) Et ass schrecklech, och déi ganz Kleng an d‘Bëbeeë ginn hei agespaart“.

Wa sech d‘Fra an d‘Duechter amëschen

Am Texas sinn et 93 mannerjäreg aus dem Salvador, déi vun hire Famillje getrennt goufen, heescht et säitens der salvadorianescher Vize-Ausseministesch Liduvina Magarin. Si preziséiert, datt 71 dovunner am Alter vun e puer Méint bis 12 Joer sinn, déi aner 22 wieren tëscht 13 a 17 Joer al. „Et ass onmënschlech“, esou d‘Politikerin no eng Visite vun engem Zenter zu Aurora am Colorado.

Den Trump, deen nach emol de Kongress dozou opgeruff huet sech dësem Dossier unzehuelen, huet agestanen, datt seng Fra Melania, awer och seng Duechter Ivanka, sech zolidd agemëscht hunn. An d‘Ivanka huet dann och, knapps datt den Dekret ënnerschriwwe war getweet: „Merci President dës wichteg Entscheedung geholl ze hunn, déi verhënnert datt Familljen op der Grenz getrennt ginn“.

Mat der Ënnerschrëft ënnert dësen Dekret, huet de Milliardär aus dem Wäissen Haus awer och d‘Urgence opgehuewen, déi d‘Parlamentarier nach bis ewell verspuert hunn, a si ugedriwwen huet eppes ze ënnerhuelen. De Republikaner, Marco Rubio, géif et dann awer begréissen, wann et heizou e Gesetz géif ginn, an deem festgehale gëtt, datt d‘Familljen net méi getrennt dierfe ginn.

Einfach gëtt et net

Wat de politesche Volet betrëfft, esou dierft et trotz eng republikanescher Majoritéit am Kongress net einfach ginn, hei en gudden Text virzeleeën. Nach an der Konfusioun verfaangen, huet de Chef vun de Republikaner am Representantenhaus, Paul Ryan, e puer Stonne méi fréi annoncéiert, datt hien nach bis en Donneschdeg e Gesetzprojet virleet, mat deem dës Trennungen ënnersot ginn.

Et ass awer net sécher, op hien seng „Truppen“ ronderëm en Text versammele kann, an deem och aner Themen zur Immigratioun dierften enthale sinn. Do stinn sech dann nees de „Haarde“ an de „Moderate“ Kär vun der Partei géinteniwwer. Ëmmerhi geet et hei och ëm de Statut vun den „Dreamers“ an enger klorer Reduktioun vun der Awanderung.

Vun den Demokrate war dann och elo scho gewuer ze ginn, datt si géint dëst Gesetz stëmmen. An esouguer wann den Text duerch déi ënnescht Chamber kënnt, esou ass eng Zoustëmmung am Senat éischter „onwahrscheinlech“. Am Senat hunn d‘Republikaner eng denkbar knapp Majoritéit vun zwee Mandater, a wéi gesot, do hunn der e puer e Problem mat dësem Gesetzprojet.

De Poopst huet och eng Meenung

Et sinn d‘Biller vun den dausende Kanner déi tréineniwwerstréimt festgeholl an dann an Zentre verbruecht ginn déi ville Leit d‘Aen opgemaach hunn. Hei goufen se op e neits ausenanergerappt, a „Käfeger“ agespaart oder an d‘Zeltlager op sech gestallt. Biller esou peinlech wéi d‘Politik vun engem Land, déi de Skandal uechtert d‘Welt gedroen hunn.

Zu New York huet eng Televisiounschaîne d‘Biller vu fënnef klenge Meedercher gewisen, déi vun Erwuessene begleet goufen a Spuenesch geschwat hunn. Déi si matten an der Nuecht zu Harlem an en Opnamezenter marschéiert. Dëse kuerze Reportage huet suggeréiert, datt déi Kanner hei ënner Geheimhaltung sollten ënnerbruecht ginn.

Déi britesch Premierministesch Theresa May, huet dës Biller, wou ee Kanner gesäit déi an eppes agespaart sinn wat wéi Käfeger ausgesäit, als „besonnesch schockéierend“ bezeechent. „Wat do grad an den USA geschitt, ass net akzeptabel“, seet de kanadesche Premierminister. An de Poopst twittert: „D‘Würd vum Mënsch hänkt net vu sengem Statut als Bierger, Migrant oder Refugié of“.

Kuerz iert den Donald Trump säi Krop ënnert den Dekret gesat huet, huet de Barack Obama sech schrëftlech geäussert: „E Wee ze fannen d‘Refugiéeën an d‘Migranten opzehuelen – genuch Gréisst a Vernonft ze hunn fir eis Gesetzer ze respektéieren an eise Wäerter trei ze bleiwen – dat ass et wat aus eis Amerikaner mécht“.

mam Cyril Julien an dem Jérôme Cartillier/AFP

Foto: Aktivisten hunn zu Manhattan (New York) manifestéiert fir um Weltdag vun de Refugiéeën op déi amerikanesch „Situatioun“ opmierksam ze maachen. Den Donald Trump huet dann och mat engem Dekret dofir gesuergt, datt d‘Familljen net méi kënnen ausenanergerappt ginn. Dofir ginn elo d‘Kanner mat den Elteren an de Prisong, bis zur Geriichtsverhandlung. © Drew Angerer/Getty Images/AFP

Ähnlech Sujeten Donald Trump, Migranten, Null Toleranz Politik, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel