Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
Dem Donald Trump seng ex-Maîtressen packen aus
International dating sites czech republic https://moien.lu/dating-a-woman-with-anxiety-disorder/

oral herpes and dating

De Niveau vum Donald Trump senge juristeschen Ausenanersetzunge mat verschiddene

gay dating apps in saudi arabia
International dating sites czech republic https://moien.lu/dating-a-woman-with-anxiety-disorder/

What the Fakt – Éischt International Filmfestspiller vu Cannes haut virun 72 Joer

Dat weltwäit bekannten Event vun den Internationale Filmfestspiller vu Cannes

money
TAXI: héich Präisser, manner Lizenzen
International dating sites czech republic https://moien.lu/dating-a-woman-with-anxiety-disorder/

TAXI: héich Präisser, manner Lizenzen

Am September 2016 war dat neit Gesetz iwwer d‘Déngschtleeschtunge vun

USA: Fussballerinne verkloen de Verband wéinst Diskriminéierung

USA: Fussballerinne verkloen de Verband wéinst Diskriminéierung

Um Weltfraendag hunn 28 amerikanesch Fussball-Nationalspillerinne e staarke Message un déi soss verwinnte Männer vun der Fussballfederatioun (USSF) geriicht, an hoffentlech vill Frae gewisen, datt ee sech net alles ze gefale loossen huet. Et geet ëm d‘Gehalt, den Ëmgang an de Respekt, deen hinne verwiert bleift, obwuel si méi populär a besser sinn, wei hir männlech Sportkollegen…

D‘Kloschrëft hëlt sech dann och den Ënnerscheeder bei der Bezuelung, dem Zoustand vun den Terrainen, an aneren (leider) typeschen Diskriminatiounen, vun deene Männer mengen se wiere kulturell gewuess an dat misst esou sinn. Si kéinte mat hirer Klo erfollegräich sinn, an esou e groussaartege Prezedenzfall provozéieren, dee wéi e Stuerm iwwert d‘USA kéint hierfalen.

Aus der Klo war ze enthuelen: „Onbeuecht der Tatsaach, datt weiblech a männlech Fussballspiller opgefuerdert sinn, déi selwecht Verantwortung an hiren Equippen ze iwwerhuelen, an de Fait datt si fir de selwechte Patron schaffen, d‘US-Soccer Federation, un internationalen Tournoien deel huelen, hunn d‘Fraen ëmmer manner Geld erhale wéi hir männlech Kollegen“. Dës Regel soll gebrach ginn.

Et gëtt awer och héich Zäit

Fir dem Ierger – oder méiglecherweis der Roserei – och eng Grondlag ze bidden, an et de Männer an Zuelen ze demonstréieren: Wéi d‘US-Fussballnationalspillerinnen 2015 an d‘Endronn vun der Weltmeeschterschaft komm waren, hunn d‘Männer hinnen eng Prime vu erstaunleche 15.000 US-Dollar ginn. D‘Männer, déi 2014 „mat derbäi waren“, hu jee 55.000 US-Dollar zougestane kritt.

Maache mir elo hei keng grouss Ëmweeër. D‘Amerikanerinne sinn hire männleche Kollege wäit iwwerleeën, an dat an alle Beräicher, wat heescht si gesinn net nëmme besser aus, mee kënnen eppes virweisen, wat d‘Männer net hunn an esoubal net erhale wäerten: dräi Weltmeeschtertitel, véier olympesch Goldmedailen, an ee ganz Koup aner Erfolleger op internationalem Niveau.

An d‘Damme sinn e reelle Wirtschaftsmotor. Bei der Weltmeeschterschaft vun 2015, wou si dee bis ewell leschte Weltmeeschtertitel geholl hunn, haten si d‘Land un d‘Televisioune gelackelt kritt. Wie sech virstelle ka wat do u Geld ëmgesat ginn ass, sollt verstoen, datt si et duerchaus verdéngt hunn, mindestens esou schlecht wéi d‘Männer bezuelt ze ginn. Männer zudeem déi kaum Opweises hunn.

De Problem besteet Weltwäit an ass gewollt

Zu Genf, um Sëtz vun der FIFA – eng vun de mächtegste kriminellen Organisatiounen, déi vun den Natiounen, géint vill Geld a Gefällegkeete, legitiméiert ass – hu sech d‘Männer an d‘Fauscht gelaacht, well de Wäert vun engem Spiller, a vun enger Spillerin net vun dëse bestëmmt gëtt. Wat e Fussballspiller verdéngt, muss dësen iwwer Leeschtung a Sponsorpotential och abréngen.

Bei der FIFA, wou e gewëssene Gianni Infantino um Troun sëtzt, war d‘lescht Joer am Oktober decidéiert ginn, datt d‘Präisgeld vun der Dammeweltmeeschterschaft am Frankräich, op 30 Milliounen US-Dollar verduebelt gëtt. Bei de Männer waren et 2018 ganzer 400 Milliounen. Freet sech nach just, mat wiem déi Genfer Mafiosi soss nach alles de Geck maachen? An dat ass net alles.

Déi National Federatiounen, den europäeschen Daachverband (UEFA) an de Weltverband (FIFA) hu sech joerzéngtelaang géint Fraen am Fussball gewiert, an hätten si Gehéier fonnt wier deem och haut nach esou. Mee d‘Fraen hu sech duerchgesat, a well ee gefaart huet, datt d‘Dammen sech hir eege Verbänn an Daachorganisatioune kéinten opbauen, huet een et virgezunn se „opzehuelen.

An dat net well den deemolege President Sepp Blatter a säin dubiéist Ëmfeld elo fir Fraefussball gewiescht wieren, oder zoufälleg de „Respekt“ vun aneren entdeckt gehat hätten. Nee et waren och finanziell Hannergedanken, déi den Dammen eng Plaz am Männerclub erméiglecht hunn. Respekt war ni Deel vum Ofkommes, och wann dat esou an der Ëffentlechkeet ni demonstréiert gouf.

mam Heather Lasalle, indymedia/sfo

Ähnlech Sujeten Dammefussball, Diskriminatioun, FIFA, Fussball, Skandal, US Soccer Federation, USSF
Nächsten Artikel Virrechten Artikel