Search

You may also like

De Feind am eegenen Haus
International Neiegkeeten

De Feind am eegenen Haus

Zu Paräis war et Mëttwoch an der Mëttegstonn zu enger

Afrikanesch Schwéngspescht: D’Strategie zur Reduktioun u Wëllschwäin
International Neiegkeeten

Afrikanesch Schwéngspescht: D’Strategie zur Reduktioun u Wëllschwäin

Bei der Visitt vun den europäeschen Autoritéiten hat de Grand-Duché

Lëtzebuerger Finanzen: Een Defizit vun 1,6 Milliarden Euro
International Neiegkeeten

Lëtzebuerger Finanzen: Een Defizit vun 1,6 Milliarden Euro

Gëschter huet de Finanzminister Pierre Gramegna déi finanziell Situatioun vu

USA geneemegen sech e Waffendeal mat Taiwan

No amerikanesche fändelen an de Stroosse vun Hong Kong, elo och F16-Kampfjets fir Taiwan

USA geneemegen sech e Waffendeal mat Taiwan

Wann den Donald Trump via Twitter bekannt gëtt, datt de chinesesche President Xi Jinping him wuel bekannt ass an och soss ee gudde Mënsch wier, mat deem iwwert alles ka verhandelt ginn, esou dierf een net vergiessen, datt den US-President als éischt e Geschäftsmann ass.

An als Geschäftsmann suergt ee fir d‘Wuel vun der Wirtschaft och wann dat zuweilen zum Dissens féiert. Et dierf een also unhuelen – nodeems de Milliardär senge Landsleit versprach huet datt hien den Handelskrich mat China géif gewannen – datt de Waffendeal mat Taiwan eng reng geschäftlech Transaktioun ouni Hannergedanken ass. Esou ähnlech wéi den Deal mam saudesche Kinnekräich.

Beim Deal mat Taiwan – engem Territoire dee vu Peking beusprocht gëtt – gëtt et ëm net manner wéi de Verkaf vu 66 F16-Kampfjets. Wäert vun der Transaktioun: 7,2 Milliarden Euro. Den Deal gëtt domatter begrënnt, datt et en Zeeche vum Vertrauen an d‘Bezéiungen tëscht den USA an der Regierung zu Taiwan ass. Esou d‘Erklärung vum taiwaneschen Ausseminister Joseph Wu gëschter.

„Dësen Handel dréit derzou bäi de Fridden an der Taiwan-Strooss oprecht ze erhalen an eis Demokratie ze verdeedegen, esou de Joseph Wu. E Pressespriecher vum taiwanesche Präsidium huet den USA de Merci vun der Regierung zougedroen: „Déi vun der Trump-Regierung getraffen Entscheedung ass vu grousse Bedeitung fir déi regional Stabilitéit“, esou de Statement.

Peking „liicht“ veriergert

Dat de Waffendeal scho virum Ofschloss zu Peking net op Géigeléift gestouss ass, an d‘Regierung den Amerikaner onverhuele geroden huet d‘Fanger vun dësem Geschäft ze loossen, bezitt sech och op Vereenbarungen déi béid Regierunge matenaner hunn. Aus dem chineseschen Ausseministère heescht et, datt d‘USA sech a bannenzeg Ugeleeënheete mëschen an d‘Konsequenzen droe mussen.

Et dierf een net vergiessen, datt Peking d‘Insel als Deel vu sengem souveränen Territoire gesäit an eng Wiedervereinegung ustrieft. E bestriewen allerdéngs, datt China zur Nout och militäresch géif ëmsetzen. An dësem Kontext kann et Peking net geleeë sinn, datt de „Feind am eegene Land“ elo seng Verdeedegungskapassitéit verstäerkt. Fir Taiwan stellen d‘Fliger awer och Sécherheet duer.

Den US-Ausseminister Mike Pompeo huet d‘Kritik vu Peking zréckgewisen a bekräftegt, datt den Deal am Aklang mat de Vereenbarungen an den historesche Bezéiungen tëscht den USA a China steet. Zudeem géif dat grondleeënd militärescht Gläichgewiicht doduerch net gestéiert, an Taiwan hätt schon zanter 1992 F16-Kampfjets, déi regelméisseg moderniséiert goufen. Nach Froen?…

mat indymedia/tpe/was

Foto: Pixabay

Related topics China, F16-Kampfjet, Mike Pompeo, Taipei, Taiwan, USA, Waffendeal
Next post Previous post