Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Déi grouss politesch Erausfuerderunge fir 2018
International Neiegkeeten

speaking activity speed dating

Ofgesinn datt 2018 Chamberwahlen ustinn, gëtt et fir d‘Regierung nach

download dating app for pc
International Neiegkeeten

EU-Parlamentarier verwerfen d’Reform vun den Autorerechter

Bréissel wollt sech eng „Copyright-Direktiv“ ginn, mee um Donneschdeg huet

Eng Woch fir Sträichinstrumenter
International Neiegkeeten

Eng Woch fir Sträichinstrumenter

Eng ganz Woch laang stinn d‘Sträichinstrumenter am Conservatoire vun der

USA halen Aarteschutz fir iwwerbewäert

Washington lackert Schutzvirschrëfte fir bedreeten Déierenaarten, Naturschützer si veriergert

USA halen Aarteschutz fir iwwerbewäert

Wat sech d‘US-Regierung dobäi geduecht huet, wéi si déi ëmstridden Ännerung beim Aarteschutz virgeholl hunn? Wahrscheinlech datselwecht wat se sech beim Réckzuch aus dem Paräisser Accord zum Klimaschutz geduecht hunn: näischt Gutts.

Zu Washington ass gëschter eng zolidd Ännerung beim Aarteschutz virgeholl ginn. Bei den Déier- a Planzenaarte soll zukünfteg en Ënnerscheet gemaach ginn tëscht „gefäerdet“ a „bedreet“, heescht et solle béid Risiken net méi dee selwechte Stellewäert hunn. Et si konsequent déi Formuléierungen aus dem Gesetz gestrach ginn, no deene wirtschaftlech Aspekter „misste berécksiichtegt“ ginn.

Aarteschutz

Domatter gëllt fir Naturschutzorganisatiounen, datt wirtschaftlech Interessen iwwert d‘Interesse vum Aarteschutz gestallt ginn. Si hunn dann och annoncéiert juristesch géint d‘Gesetzesännerung virzegoen. Et muss een nach erwähnen, datt sech kaum e Mënsch hätt virstelle kënnen, datt d‘USA den „Endangered Species Act“, dee vum Richard Nixon 1973 ënnerzeechent gouf, géife kippen.

Mam Gesetz datt sech d‘Amerikaner viru 46 Joer ginn haten, sollten nieft dem Wäisskappséiadler an dem kalifornesche Kondor, bedreete Planzen- an Déierenaarte gerett ginn. Firwat dem Donald Trump seng Ekipp sech elo géint den Erhalt an de Schutz vu gefäerdeten oder bedreeten Aarten ausgeschwat huet? Dat dierft an éischter Linn wirtschaftlechen Iwwerleeunge geschëlt sinn.

Aarte kommen a ginn…

Récksiicht op de Klima an d‘Aarten ze huelen, dat ka kee profitabelt Geschäftsmodell sinn. Den US-Inneminister David Bernhardt ass vun der Gesetzesännerung awer voll iwwerzeegt. Et wier jo déi beschte Méiglechkeet sécherzestellen, datt d‘Gesetz wierksam d‘Erhuelung vun de seelensten Aarten erreecht . Et sollte méi Ressourcen dohinner fléissen, wou se am meeschte bewierken.

AarteschutzAllerdéngs, d‘Berechnung vu wirtschaftleche Käschten als Facteur zur Entscheedung op eng Aart schützenswäert ass, war eigentlech vum Kongress ënnerbonne ginn. Grond: de Verbuet sollt eng Garantie dofir sinn, datt beispillsweis d‘Holzindustrie net aus wirtschaftleche Grënn, de Schutz vun engem Déier ophiewe kann, just well et am Bësch lieft deen déi ofholze wëll. Dat ass elo hifälleg.

AarteschutzDe Gary Frazer vun US-Fëscherei- a Wëldschutzadministratioun mengt awer, datt sech d‘Regierung drun hale wäert, déi wirtschaftlech Käschten un d‘Ëffentlechkeet weiderzeleeden. Et soll allerdéngs kee Facteur fir d‘Beamte sinn, déi iwwer Schutzmoossnamen ze entscheeden hunn. Hien ass dann och iwwerzeegt, datt et keen Afloss op d‘Entscheedunge vu senge Mataarbechter kann hunn.

Koordinéierte Widderstand

Naturschützer haten sech scho virun der Gesetzesännerung mobiliséiert an de Virgank schaarfer Kritik ausgesat. Si sinn iwwerzeegt, datt d‘Regierung mat dëser Entscheedung eng ganz Rëtsch un Déieren- a Planzenaarte bewosst ausstierwe loosse wëllen. Et géif zudeem ënnersträichen, datt d‘Regierung iwwert dës Gesetzesännerung d‘Auswierkunge vum Klimawandel miniméiere wëll.

Der Kritik hunn sech eng Handvoll Procureuren ugeschloss an d‘Bundesstaaten Kalifornien a Massachusetts hunn hirersäits annoncéiert, géint dës Gesetzesännerung rechtlech virzegoen. D‘Organisatioun „Sierra Club“ wërft der Regierung vir, wirtschaftlech Interessen héijer ze bewäerte wéi wëssenschaftlech Erkenntnisser. D‘Gesetzesännerunge sollen am September ass Kraaft trieden.

Aarteschutz

Nach ass de Grizzly geschützt. D‘Lobby vun der US-Holzindustrie huet domatter esou hir Problemer. Mat der Gesetzesännerung ginn hir Interessen elo awer eendeiteg besser respektéiert. (Pixabay)

Wann een elo nach kann unerkennen, datt d‘Gesetz vill Virschrëften enthält un deenen sech dem Donald Trump seng Republikaner stéieren, esou muss kloer drop higewise ginn, datt et ouni dëst Gesetz, weder e Wäisskappséiadler nach e Grizzly an den USA géif ginn, an och de Growal wier längst ausgestuerwen. Mee wien de Klima net schützt, brauch och keng Flora an/oder Fauna…

mat indymedia/sfo/was/atl

Foto: Dem Donald Trump a senger Regierungsekipp ass nach net emol dat amerikanescht Wopendéier helleg. Zumindest net dann, wann dësen de maximale Profit vun de Konzerner verhënnert. (Bernd Hildebrand/Pixabay)

Ähnlech Sujeten Aarteschutz, Endangered Species Act, Klimawandel, Naturschutzm, Negationisten, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel