Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

The Punisher mécht et engem net liicht, mee ass awer eng eescht an déif Serie, déi et der Wäert ass
International Neiegkeeten

The Punisher mécht et engem net liicht, mee ass awer eng eescht an déif Serie, déi et der Wäert ass

Et ass net déi éischte Kéier, datt een sech um

Plastikpartikel kontaminéieren d‘Waasserfläschen
International Neiegkeeten

Plastikpartikel kontaminéieren d‘Waasserfläschen

An enger um Mëttwoch verëffentlechter Etüde, ass ze liesen, datt

AVL: Verstäerkung vun der Linn 26 ab dem 13. Januar 2020
International Neiegkeeten

AVL: Verstäerkung vun der Linn 26 ab dem 13. Januar 2020

D’Stad Lëtzebuerg deelt mat, datt d’Linn 26 (Steesel, Kennedy –

USA: Wann d‘Liwwerketten ënnerbrach sinn

USA: Wann d‘Liwwerketten ënnerbrach sinn

D‘Regaler an den amerikanesche Supermarchéë fänken un eidel ze ginn, déi Äermst hunn Honger an déi sougenannte „Food Banks“ stinn och mat eidelen Hänn do. An dëser Situatioun mussen d‘Baueren trotzdeem hir Feldfriichten ënnerplouen, well d‘Liwwerketten ënnerbrach ass an et kee gëtt deen hinnen hir Wuere géif ofhuelen. De Landwirtschaftssecteur ass flächendeckend betraff.

Vun Zalot iwwer Paprika bis hinn zu Eeër a Mëllech, wat d‘Landwirt an den USA net ënnerploue kënne muss zerstéiert ginn. Ville Bauere weisen sech elo iwwerrascht, wéi eng Mengen u Wuere vun der Gastronomie verschafft ginn. Eleng am Mëllechsecteur gëtt mat Verloschter vu bis zu 6 Milliarden US-Dollar gerechent, woubäi et fir keen net besser ausgesäit. Dobäi géif alles gebraucht.

HongerGutt, an den USA gëtt et eng gewollten Iwwerproduktioun, déi awer läit fir gewéinlech bei 2 bis 3% an elo sinn et mindestens 10%. D‘Menagen, déi d‘Liewensmëttel gutt gebrauche kéinten, si keng grouss Hëllef, well d‘Wueren se net erreechen. An esou ass et batter festzestellen, datt et eigentlech vun allem am Iwwerfloss gëtt, mee de System u sech net Kriseresistent ass a keng Léisungen huet.

Dann ass do och nach d‘Fleeschindustrie. Hei hunn d‘Giganten hir Produktioun misse staark bis ganz reduzéieren, By Tysons Foods huet d‘Produktioun misse ganz agestallt ginn, nodeems sech hir Salariéeë reieweis mam Covid19 infizéiert hunn. Dat wierkt sech op d‘Ziichter aus, déi wann se hirem Véi net méi lass ginn, Deeler vun hire Bestänn noutschluechte mussen. D‘Suerg ass grouss…

HongerEng Suerg déi d‘Landwirt net um Fait festmaachen, datt Millioune vun hire Landsleit wéinst dem Lockdown an/oder anere Mesuren hir Aarbechtsplaz an esou hiert Akommes verluer hunn. Nee hire gréisste Profit mécht déi amerikanesch Fleeschindustrie beim Export. Deen ass den Ament massiv agebrach, a si erwaarde vun der Regierung, dat déi 19 Milliarden Direkthëllef elo och verdeelt ginn.

Bis dohinner sollt een unhuelen, datt et wuel éischter Sënnvoll wier, amplaz Liewensmëttel op den Tipp ze geheien, dës sollten un déi bedierfteg oder zumindest un d‘Liewensmëttelbanke verdeelt kënne ginn. Deem ass leider net esou, fir vill Landwirt ass et weesentlech méi bequem sech op déi versprachen Hëllef ze verloossen, wéi solidaresch ze sinn, zudeem huet och d‘Logistik säi Präis.

mat indymedia/nfk/hou/chi

Foto: Bierger vu Gromperen am Bundesstaat Idaho. Vill hongereg Amerikaner wiere frou sech hei ee Kuerf oder en Eemer voll dierfe matzehuelen. Fir de Bauer ass de Verloscht awer weesentlech méi geréng, wann hien se nees um Feld ënnerplout. Kapitalismus huet eben seng ganz eegen an net ëmmer verständlech Reegelen. © Molly

Ähnlech Sujeten Aarmut, Chômage, Covid19, Fleesch, Geméis, Honger, Liewensmettel, Uebst, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel