Search

You may also like

25. Editioun vun Streeta(rt)nimation – mat 100 Spektakelen
International Neiegkeeten

25. Editioun vun Streeta(rt)nimation – mat 100 Spektakelen

e Luxembourg City Tourist Office (LCTO) an d’Stad Lëtzebuerg (VDL)

D’EU ergräift Sanktioune géint de Venezuela
International Neiegkeeten

D’EU ergräift Sanktioune géint de Venezuela

Bréissel huet um Méindeg d’Entscheedung getraff nei Sanktioune géint de

D‘Ajatollahe relancéieren d‘Wirtschaft
International Neiegkeeten

D‘Ajatollahe relancéieren d‘Wirtschaft

Bannent de leschte 24 Stonnen hunn déi am Iran zoustänneg

USA: Ieweschte Geriichtshaff stäerkt d‘LGBTQ Rechter

USA: Ieweschte Geriichtshaff stäerkt d‘LGBTQ Rechter

D‘Supreme Court zu Washington huet d‘Rechter vun Homosexuellen a Transgender Gestäerkt. Eng Diskriminéierung vu Mataarbechter wéinst hirer sexueller Orientéierung ass Rechtswiddreg. Den 9 Riichter vum ieweschte Geriichtshaff hu Fäll virgeleeën, an deene Salariéeë gekënnegt ginn ass, well hir sexuell Ausriichtung der Direktioun net gefall huet.

GeriichtshaffUn dëser Klo hat sech déi mächteg Mënscherechtsorganisatioun ACLU bedeelegt, an déi huet den Urteelssproch via Twitter begréisst. „Et gëtt net méi a Fro gestallt, LGBTQ-Mënsche sinn elo virun Diskriminéierung op der Aarbechtsplaz geschützt“. D‘Urteel ass mat 6 géint 3 Stëmme geschwat ginn an ass – Ironie muss sinn – vum ultrakonservative Riichter Neil Gorsuch virgedroe ginn. Dee war vum President Donald Trump mat ganz aneren Ziler op dëse Posten ernannt ginn.

GeriichtshaffNatierlech hunn och d‘Demokraten, a besonnesch hire Kandidat fir d‘Amt als President, den Joe Biden, dëst Urteel genotzt. Et stécht vill politescht Potential an dësem Urteel, an nach ëmmer ass een am Wahlkampf. Esou heescht dann och an engem Tweet vum Presidentschaftskandidat: „Déi haiteg Entscheedung ass ee weidere Schratt op onsem Wee zur Gläichberechtegung fir jiddereen“.

mat indymedia/was

Related topics ACLU, Diskriminatioun, LGBTQ, Supreme Court, USA
Next post Previous post