Search

You may also like

Konkret Hiweiser op de Wollef? D’Analys ass negativ!
International Neiegkeeten

Konkret Hiweiser op de Wollef? D’Analys ass negativ!

Um 16. Dezember 2018 gouf et am Raum Käerch-Siweburen ee

Thorax-Scanner am Nordspidol säit gëschter operationell
International Neiegkeeten

Thorax-Scanner am Nordspidol säit gëschter operationell

Nodeems scho leschte Sonndeg d‘Monteuren am Nordspidol (CHdN) ganz engagéiert

money
En Investmentfong fir de Bësch an Zentralamerika
International Neiegkeeten

En Investmentfong fir de Bësch an Zentralamerika

Um Freideg gouf zu Lëtzebuerg e neien Investmentfong zum Liewen

USA-Iran: Trauermarsch, Begriefnes a géigesäiteg Bedreeung

USA-Iran: Trauermarsch, Begriefnes a géigesäiteg Bedreeung

Zu Bagdad hunn dausende Mënschen um Trauerzuch fir déi vun den USA geziilt „neutraliséierten“ Terroristen, de Generol vun den al-Quds Brigade Quassem Soleimani an de Leader vun der Hezbollahmiliz Abu Mehdi al-Muhandis, deel geholl. D‘NATO huet d‘Ausbildung vun irakeschen Zaldoten agestallt. Déi meeschten Ausseministèren op der Welt rode vu Reesen an den Irak of.

Et war en ugespaanten Dag an der irakescher Haaptstad. Zu dausenden hu se sech zu Bagdad dem Trauerzuch fir hir „Märtyrer“ ugeschloss. Op direkten Uerder vum US-President, war den 2. Januar mat Dronen, den iranesche Generol a nationale Volleksheld Quassem Soleimani, an de schiitesche Milizeleader Abu Mehdi al-Muhandis, ausgeschalt ginn. E puer Stonne virdrun, hat d‘US-Arméi e Loftschlag géint en Convoi vun den Hasched al-Schaabi Milize geflunn. Et gouf nees gestuerwen…

Den Trauerzuch huet am Bezierk Kasimija stattfonnt an uschléissend gouf et an der „grénger Zon“ (also do wou och d‘US-Ambassade steet) en Staatsbegriefnes. D‘Särg ware mat de respektiven Nationalfändele bedeckt a sinn op Gefierer duerch déi schwaarz bekleede Mënschemass gefouert ginn. Beim eigentleche Begriefnes, haten sech irakesch „Würdenträger“ der Trauergemeinschaft ugeschloss. Ëmmer nees war de Slogan „Dout den Amerikaner, dout Israel“ ze héieren.

IranD‘Läiche vun den Iraner si gëschter Owend an hir Heemecht iwwerstallt ginn. D‘Regierung am Iran huet zu éiere vum Generol eng Staatstrauer vun dräi Deeg ugeuerdent. De Quassem Soleimani, éiwege Leader vun den al-Quds Brigaden (eng Eliteneenheet vun den iranesche Revolutiounsgarden IRGC) gëtt en Dënschdeg zu Kerman bäigesat ginn. Den iranesche President Hassan Rohani huet der Famill vum Generol perséinlech säi Bäileed ausgeschwat.

Washington a London gi Reeswarnungen aus

De briteschen Ausseminister an den US-Ausseministère hu vu Reesen an den Irak an/oder den Iran ofgeroden. Laut dem briteschen Ausseminister Dominic Raab, sollt een ofgesi vun der autonomer Regioun Kurdistan, vu Reesen an den Irak Ofstand huelen. Zu Washington huet de Mike Pompeo sech iwwert d‘Reaktioun vun de Europäer geiergert. Si wieren net hëllefräich, sot de Krichsdreiwer dem trumpschen Haussender Fox News. Hie mengt datt d‘Aktioun Liewen an der EU gerett hätt.

A well een sech elo bei der NATO net méi esou ganz sécher ze si schéngt, wien an dësem neien Akt vun der Konfrontatioun nach Frënd a wie Feind ass, sinn d‘Formatioune vun den irakeschen Zaldoten elo emol agestallt ginn. Den NATO-Spriecher Dylan White huet d‘Moossname bestätegt an argumentéiert, datt d‘Sécherheet virgeet. D‘Decisioun hat sech den NATO-Generalsekretär Jens Stoltenberg vum US-Verdeedegungsminister Mark Esper, an engem Telefonat geneemege gelooss.

Warnung vun der Hezbollahmiliz

Déi vun Teheran ënnerstëtzten Hezbollahmiliz huet de Sécherheetsdéngschter an den irakeschen Zaldote geroden, sech ab dem haidege Sonndeg 17 Auer (Lokalzäit) vun US-Stëtzpunkten ewechzehalen. Gerabbelt huet et awer schonn ee Samschdegowend: op der Air Base al-Balad (Irak) sinn zwou Rakéiten ageschloen, kuerz virdru waren zwee Geschosser an der grénger Zon zu Bagdad néiergaangen. Zu méiglechen Affer ass zur Stonn näischt gewosst.

IranD‘Air Base vun al-Balad läit eng 80 Kilometer nërdlech vu Bagdad. Hei sinn US-Formateure fir déi irakesch Arméi ënnerbruecht. D‘Zaldoten hei sinn d‘Attacke gewinnt, déi eigentlech regelméisseg stattfannen. Meeschtens gi Mörsergranaten op de Stëtzpunkt ofgeschoss. Am August ware bei der Explosioun vun engem Arsenal zwee Zaldoten ëmkomm. Fir haut schéngen ugesiichts de Warnunge weider Vergeltungsschléi geplangt ze sinn. De Krich deen d‘USA net wollten ufänken ass elo do.

US-President dreet sengersäits mat weidere Moossnamen

An engem Tweet vum US-President, dee sech direkt un d‘Ajatollahen zu Teheran adresséiert, heescht et: „(…) mir hunn 52 iranesch Ziler am Iran ausgemaach (…) et wäert alles ganz séier goen an et wäert Haart ginn“. Déi „52 Ziler“ esou den Donald Trump géife fir déi 52 US-Geisele stoen, déi den Iran viru véier Joerzéngte festgehalen hat. Gemengt ass hei d‘Personal vun der Ambassade, dat vun iranesche Studente bei der Besetzung vun der Ambassade 444 Deeg laang festgehale gouf.

IranD‘Spriecherin vum Representantenhaus, Nancy Pelosi, huet op déi offiziell Informatioun un de Kongress reagéiert a stellt fest, datt d‘Ermordung vum iranesche Generol eng Rei Froen opwerft. Et wier zudeem héichgradeg ongewéinlech, datt déi vum Gesetz virgeschriwwen Informatioun un d‘Parlament integral als „Geheim“ klasséiert ginn ass. Soll d‘Ëffentlechkeet vläicht besser näischt iwwert d‘Hannergrënn, déi zur Operatioun gefouert hunn, gewuer ginn?

An engem schrëftleche Statement, huet d‘Nancy Pelosi gemengt, datt d‘Begrënnung vum „Asaz“ méi Froen opwerft wéi Äntwerte liwwert. Esou heescht et: „Dëst Dokument wërft eeschthaft an drängend Froen iwwert den Timing, d‘Ausféierung an d‘Begrënnung vun der Regierung op“. Den onverhältnesméissege Militärasaz géif US-Zaldoten, US-Diplomaten an US-Bierger a Gefor bréngen. E Beweis deen den Akt vun der Selbstverteidegung géif ënnermauere läit net vir.

Europa huet wéi ëmmer eng kloer Linn

Während vu Bréissel séier wéineg ze héieren ass, huet Berlin sech vum „Uschlag“ distanzéiert: „Déi Handlungsweis vun den USA ass an der nationaler Verantwortung vu Washington erfollegt a war net Deel vun der internationaler Koalitioun géint de sougenannten Islamesche Staat (IS). Deen ass nach net geschloen“, esou d‘Positioun vum Verdeedegungsausschoss am däitsche Parlament.

D‘Bundeskanzlerin Angela Merkel huet allerdéngs wäert drop geluecht ze betounen, datt et sech beim Quassem Soleimani, ëm den Haaptverantwortleche fir den „Export vun Terror a Gewalt am Noen Osten“ gehandelt huet. Aus der Siicht vun der Bundesregierung, wier et elo un Teheran sech fir eng „Berouegung“ vun der Lag anzesetzen. „Den Iran destabiliséiert mat der aktiver Ënnerstëtzung vun Terrorismus a Gewalt säit laangem eng gesamt Regioun a bedreet domatter och Israel. (…) Net ëmsoss huet hien (de Soleimani) op der Terrorlëscht vun der EU gestanen“.

IranAus Éisträich huet sech den zukünftege Bundeskanzler Sebastian Kuerz zu Wuert gemellt. „Wien steet selbstverständlech zur Verfügung, wann den Iran an d‘USA Gespréicher féiere wëll“, esou de Sebastian Kurz. Och den däitschen Ausseminister Heiko Maas huet direkt Gespréicher mam Iran ugekënnegt. Hie géif säit e Freideg mat de Briten, de Fransousen an dem EU-Kommissär fir baussenzeg Ugeleeënheeten, Josep Borell an dem US-Ausseminister Mike Pompeo a Kontakt stoen.

Net all d‘Amerikaner si vun der Aktioun begeeschtert

Während Europa sech nees op d‘Eenzelaktioune vun Däitschland, Frankräich a Groussbritannien stäipt, reegt sech an den USA de Widderstand géint en handfeste Krich mam Iran. An ville Stied hunn amerikanesch Friddensaktivisten d‘Leit mobiliséiert kritt, fir géint déi geziilten Ermordung vum iranesche Generol ze protestéieren. „Mir wäerten net zouloossen, datt onst Land an ee weider gewote krich gesteiert gëtt, esou en Demonstrant virum Wäissen Haus.

De Protest zu Washington ass du vum Wäissen Haus bei den „Trump International Hotel“ verluecht ginn. Op engem Plakat war hei ze liesen: „Oflenkung gefälleg? Da fänk ee Krich un!“. Eng däitlech Uspillung op d‘Amtsenthiewungsverfaren, deem sech den Donald Trump ze stellen huet. Protest huet et an iwwer 70 Stied ginn. Dorënner New York, Chicago a Los Angeles. En Demonstrant zu New York hat e Plakat derbäi op deem ze liese war: „Krich ass keng Strategie fir e Wahlkampf“

mat indymedia/nyc/was/lax/ber

Related topics Hezbollah, Irak, Iran, Krich, Quassem Soleimani, Schiiten, Terror, USA
Next post Previous post