Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

USA-Mexiko: Douanestaxe suerge fir Gejéimers
dating sites in dc Neiegkeeten dating in the salsa scene

https://moien.lu/dating-in-lincolnshire-uk/

Den US-President hat et déi Woch ugekënnegt: entweder Mexiko fënnt

best christian devotions for dating couples
dating sites in dc Neiegkeeten dating in the salsa scene

Mat de Rettungsdéngschter an dat neit Joer

Vergaangenen Dënschdeg huet d’Inneministesch Taina Bofferding d’Representante vum Service vun

Onofhängeg oder à la Carte?
dating sites in dc Neiegkeeten dating in the salsa scene

Onofhängeg oder à la Carte?

Et ass nawell onroueg ginn an der Mediewelt. Doriwwer sollt

USA-Iran: Vergeltung huet näischt mam Vëlkerrecht gemeng (eng Erklärung)

USA-Iran: Vergeltung huet näischt mam Vëlkerrecht gemeng (eng Erklärung)

Déi geziilten „Neutraliséierung“ vum iranesche Generol Quassem Soleimani duerch d‘Amerikaner, suergt weltwäit fir Gespréich. Et gëtt déi wou sech wéi Dabo freeën an déi aner, déi op Revanche aus sinn. Fir Grondsätzleches huet d‘Welt vun haut net méi wierklech vill iwwreg, woubäi ee sech scho sollt Froen dierfen: „War d‘Ermordung ee verstouss géint d‘Vëlkerrecht?“.

Eng Fro déi eis, déi fir Mënscherechter antrieden an déi sougenannt gesellschaftlech „Wäerter“ verdeedege wëllen, wichteg sollt sinn. An dësem Vëlkerrecht, op dat sech d‘Welt jo an de groussen Zich gëeenegt huet, ass däitlech definéiert, datt Vergeltungsschléi net zoulässeg sinn. Dogéint ass Selbstverteidegung erlaabt, an dat war erwisenermoosse bei der Dronen-Attack net de Fall.

Woubäi et natierlech vun den Amerikaner – ouni datt si dat beweise missten – duerchaus eng zolidd a vëlkerrechtlech konform Begrënnung fir dës militäresch Operatioun ginn huet. Dozou kënnt, datt och am Vëlkerrecht eng „preventiv Selbstverteidegung“ virgesinn ass. (6 Deeg-Krich 1967). Vun den USA gëtt elo verlaangt datt dës Form vu Selbstverteidegung soll „ausgebaut“ ginn.

D‘Vëlkerrecht um Préifstand

Si argumentéieren d‘Noutwennegkeet vun der „Vëlkerrechtsreform“ mam Besoin, d‘Entstoe vun enger Gefor ze verhënneren, also net nëmmen eng Attack ofzewieren. Hei ass da rieds vun der Doktrinn „preemptive Strikes“, eng Form vun der Gewaltuwennung déi net nei ass. 2003 hunn dat d‘USA an hir Alliéiert um Irak „getest“, wou et och keng onmëttelbar Gefor ginn huet.

Dofir hunn d‘Amerikaner mat vill Ligen a falsche Fakten e Konflikt ausgeléist, deen de ganzen Noen Oste bis haut destabiliséiert huet. An egal ënner wéi enge Gesiichtspunkten een dat betruecht, et kënnt een net derlaanscht eng Absicht doranner ze erkennen. Et ass Washington a sengen Alliéierten ni drëms gaangen de Fridden ze installéieren. Hei ass et eenzeg ëm „Interesse“ gaangen.

D‘Amerikaner hunn hir geziilten Ermordung vum iranesche Generol och ganz Offiziell a mat zimlech vill Nodrock als „Vergeltung“ bezeechent, firwat sech elo d‘Fro stelle sollt: „Wéini ass Vergeltung vëlkerrechtlech zoulässeg?“. D‘Äntwert ass eendeiteg: Ni! Erklärung: Am Kader vun der Sécherheetsarchitektur vun der UN-Charta, goufe Grenze gezu fir Mëssbrauch ze verhënneren.

US-President entscheet wat „Rechtens“ ass

Engersäits ass Selbstverteidegung an engem ganz enke Kontext erlaabt, anerersäits ass Gewalt dann erlaabt, wann den US-Sécherheetsrot dat erlaabt. Dat war beispillsweis bei de Loftschléi géint Libyen 2011 de Fall. Eng wéi mir haut wësse falsch Entscheedung, déi nëmmen zur Erweiderung vun der Konfliktsituatioun aus dem Noen Osten op den afrikanesche Kontinent gefouert huet.

An der „Kausa Irak“ ass et nach eppes méi komplex. D‘USA hunn Truppen am Irak, déi offiziell do si fir den Islamesche Staat (IS) ze bekämpfen, an net Krich mat den Ajatollahe vun Teheran ze féieren. D‘Zoustëmmung vun der US-Gewaltuwennung géif deemno net fir de Mord um iranesche Generol zoutreffen. Den Amerikaner gouf kee Blanko-Scheck zur Gewaltuwennung ausgestallt.

Den US-President dreet den Iraker elo och nach mat Sanktiounen, Bagdad verlaangt sengersäits den Ofzuch vun allen auslänneschen Truppen. Och mat dëser Bedreeung vum Donald Trump gëtt géint d‘Vëlkerrecht verstouss. Den Irak ass Souverän a kann de „Gäscht“ déi sech schlecht behuelen d‘Dier weisen, also d‘Erlaabnis Militärbasen ze ënnerhalen zréckzéien. Mee einfach ass et net.

EU stäipt US-Krichsverbriechen

Ëmmerhi sollt ee bedenken, datt och wann elo „direkt Sanktiounen“ géint den Irak un a fir sech net zoulässeg sinn, d‘Amerikaner am Kontext vu Sanktiounen Experte sinn. Den Donald Trump muss keng direkt Sanktioun géint d‘Land verhänken, et geet duer den Handelspartner vum Irak ze soen, datt si hir Bezéiunge mussen astellen. Wéi einfach dat geet gesäit ee beim Fall „Nordstream2“.

Wat elo dem Milliardär seng Bedreeung, dat kulturellt Iewen am Irak ze zerstéiere betrëfft, datt als Vergeltung fir d‘Geiselnam vun 52 US-Bierger (US-Ambassade Bagdad 1979) begrënnt gouf, esou ass dat net nëmmen eng Verletzung vum Vëlkerrecht, mee eendeiteg e Krichsverbriechen (Protokoll vun Den Haag 1954). Mee schonn eleng Gewalt unzedreeën ass net mat UN-Charta vereenbar.

Europa, dat sech den Amerikaner verflicht fillt an net an der Lag ass sech ze emanzipéieren, well jidderee vir d‘Éischt seng national Interesse iwwer déi vun der Communautéit setzt, legitiméiert d‘Militäroperatioune vun den USA a ass esou faktesch de Kompliz. D‘Europäer soen ëffentlech, datt sech d‘Acteure „berouege“ sollten, begréissen zugläich d‘Ermordung vun engem Terrorist…

mam Jane O‘Sullivan, indymedia/nyc

Illustratioun: Pixabay

Ähnlech Sujeten Hezbollah, Irak, Iran, Krich, Quassem Soleimani, Schiiten, Terror, USA, Vëlkerrecht
Nächsten Artikel Virrechten Artikel