Search

You may also like

Lëtzebuerg huet en neien Drogenaktiounsplang
International Neiegkeeten Stories

Lëtzebuerg huet en neien Drogenaktiounsplang

Gëschter hunn d‘Gesondheetsministesch Paulette Lenert an den nationalen Drogebeoptraagten Alain

Cassini Sond: Zäit fir Äddi ze soen
International Neiegkeeten Stories

Cassini Sond: Zäit fir Äddi ze soen

D’Stonne vun der amerikanescher Cassini Sond si gezielt. Um Freideg

En oppene Bréif un de Minister Meisch
International Neiegkeeten Stories

En oppene Bréif un de Minister Meisch

Mat engem oppene Bréif riicht sech de Grupp „Covid in

USA: En dommt Gesiicht ouni de gudden Androck

US-Verdeedegungsminister huet keng Beweiser fir konkret Uschléi op US-Ambassade säitens dem Quassem Soleimani

USA: En dommt Gesiicht ouni de gudden Androck

Den Donald Trump hat eegemächteg Entscheet den iranesche Generol Quassem Soleimani zu Bagdad ëmbréngen ze loossen, wat eng ganz Serie vu Follegen hat an net zu Lescht och derzou gefouert huet, datt an der ganzer „Opreegung“ 176 Mënschen, beim Ofschoss vun enger ziviller Passagéiermaschinn, gestuerwe sinn. An un allem sollen nëmmen d‘Ajatollahe Schold hunn?

Fir den US-President, war et zwéngend noutwenneg d‘Eliminéierung vum héchsten iraneschen Terrorist erbäizeféieren. Hien huet dës geziilten Ermordung domatter begrënnt, datt de Generol Soleimani sech am Irak opgehalen hätt, fir Uschléi géint US-Ariichtungen an US-Bierger mat den Hezbollahmilizen ze plangen, organiséieren a letztendlech och duerchféieren ze loossen.

USANach e Freideg huet de Milliardär sech drop behaapt: „Mir hunn et gemaach, well si eis Ambassade an d‘Luucht joe wollten“. Eng Neutraliséierung war laut dem Donald Trump, deen sech op déi vum Geheimdéngscht virgeluechten Informatioune stëtzt, zwéngend. Seng gescheitste „Spiounen“ haten d‘Gewëssheet, datt den Iran (méiglecherweis) véier US-Ambassaden ugegraff hätten.

Washington belitt d‘Welt a seng Alliéiert

Elo huet e Sonndeg den US-Verdeedegungsminister Mark Esper – deen net manner Schold wéi den Donald Trump un der ganzer Entwécklung huet – géintiwwer dem Sender CBS ganz onbeschwéiert erkläert, datt zu kengem Ament konkret Beweiser virgeluecht goufen oder virgeleeën hätten, déi den Aussoe vum Donald Trump géifen entspriechen. Hien huet dann d‘Mëssverständnes beschriwwen.

USAFir de Mark Esper sinn et d‘Medien, déi den US-President falsch interpretéiert hunn. „De President huet net op ee spezifescht Beweismëttel verwisen. (…) Wat de President gesot huet ass, datt et méiglecherweis weider Attacken op Ambassade kéint ginn“. Dat léisst de Schluss zou, datt den US-President „op Verdacht“ géint internationaalt Recht verstéisst an esou ee Weltkrich riskéiert huet.

Erauskomm bei dëser – ganz sengem Intellekt entspriechender – Decisioun ass näischt guddes an et dierfte besonnesch déi militäresch Partner sinn déi sech hei iwwert de Leescht gezu fillen. Et war jo kloer an et ass och ganz däitlech an déi presidentiell Entscheedung agefloss, datt den Iran op esou een Uschlag „muss“ reagéieren. E Regime wéi dee vun Teheran ka sech net „virféiere“ loossen.

Gelunn, gefuddelt an awer dee gréissten

Strategien déi sech op „Vergeltung“ beruffe sinn, egal wien se ausféiert, net drop ausgeluecht esou eppes wéi en Dialog oder Deseskalatioun ervirzebréngen. Et Rechtfäerdegt allerdéngs och net den Ofschoss vun enger ziviller Passagéiermaschinn, déi jo och – zumindest ass et déi allgemeng Erkenntnis – net absichtlech passéiert ass, an der genereller „Opreegung“ zouzeschreiwen ass.

USANodeems d‘Iraner, ganz wéi vu Washington beabsichtegt, Mëttelstreckerakéiten als Vergeltung fir hiren Nationalheld op d‘US-Basen al-Assad an Erbil ofgeschoss haten, hunn déi sech op eng Reaktioun vun den Amerikaner agestallt, firwat d‘Fluchofwier an héchster Alarmbereetschaft war. An am Zweiwel gëtt fir d‘éischt geschoss an dann nogefrot, firwat elo 176 Mënschen dout sinn.

Dat war wuel net d‘Absicht vun den Amerikaner esou en Ereegnes erbäizeféieren, ass awer leider d‘Resultat vun enger op Ligen a Bedruch fundéierter Aktioun, déi ee schonn als Staatsterrorismus bezeechne sollt. Interessant, elo wou de Verdeedegungsminister Mark Esper „seng Wourecht“ zum Ausdrock bruecht huet, dat weider provozéiert, gelunn a falsch Versprieche gemaach ginn.

Verhandlungen erzwéngen, noutfalls mat Mënscheliewen

No der gelongener Provokatioun an deem dorausser resultéierende – sécherlech onverzeileche – Feeler vun der iranescher Arméi, déi an éischter Linn dat „eegent Blutt“ getraff huet, hält déi ganz westlech Welt dem Milliardär de Réck fräi, deen de verständleche Protest vun den Iraner géint den Ofschoss vum Fliger ganz oppen ënnerstëtzt. Dat alles soll awer nëmmen engem Zweck déngen.

USADe Mark Esper behaapt: „Den Donald Trump ass weiderhi bereet sech ouni Virbedéngunge mat der iranescher Féierung ze treffen. (…) Mir si bereet eis zesummesëtzen an ouni Virbedéngungen een neie Wee no Vir ze diskutéieren (…) esou datt den Iran zu engem normale Land ka ginn“. Dat hei Mat „normal“ ee Regimewiessel an d‘Installatioun vun enger Demokratie no US-Muster gemengt ass, dat sollt och deem amerikafrëndlechste Mënsch ersiichtlech sinn. Et geet jo net ëm den Ueleg.

Et ass allerdéngs net wierklech méiglech sech mat Leit un e Verhandlungsdësch ze setzen, déi mat Verträg am Gepäck ureesen, vun deenen si wëssen, datt si se selwer net wäerten anhalen. Zudeem ass den Irak ee gutt Beispill wéi d‘USA hiert globaalt Hausrecht ausüben. Si erkläre grad Bagdad, datt de Begrëff „Souveränitéit“ zu Washington an net vun der irakescher Regierung bestëmmt gëtt.

D‘USA ignoréieren déi irakesch Regierung

Offiziell vun der irakescher Regierung opgefuerdert d‘Land ze verloossen, stellt sech Washington queesch a léisst erkennen, datt si net wéi gären duergestallt eng Schutzmuecht sinn, mee den Irak de Facto besetzen. Si dreeën der eigentlech souveräner Regierung zu Bagdad mat de schlëmmste Sanktiounen zanter Mënschegedenken, a wëllen Entschiedegungen a Milliardenhéicht erwierken.

USADomatter setzen si dem irakesch-schiitesche President Adel Abdel Mahdi d‘Pistoul un d‘Schléif, an déi ganz Welt schéngt dat och nach als berechtegt ze akzeptéieren. Woubäi d‘NATO schonn emol opgehalen huet déi irakesch Zaldote weider auszebilden, an esou muench Partner vun der Mord- an Doudschlagkoalitioun hir Effektiver eppes reduzéiert hunn. Wann een opgefuerdert ass ze goen…

Mee den Donald Trump huet d‘Chance sech elo op de Protest am Iran stäipen ze kënnen. Hien huet dësen op Farsi seng vollsten Ënnerstëtzung zougesot an et fält kengem op, datt hien dat nëmmen zu Wahlkampf-Zwecker mécht. Datt hien ee fatzege Ligener ass, deem beschtefalls seng Frënn aus der Héichfinanz an Industrie wëllkomm sinn, dat mussen déi iranesch Trump-Fans elo séier léieren…

mat indymedia/was

Foto: Wat den US-Verdeedegungsminister Mark Esper eigentlech soe wollt: „D‘USA brauche keng Beweiser virzeleeë wann et ëm de Schutz vun de militäreschen a wirtschaftlechen Interesse geet“. An hien huet vollkomme Recht, et geet duer mat Sanktiounen ze dreeë wann hire Standpunkt emol net esou matgedroe gëtt. © US-Pentagon

Related topics Donald Trump, Geheimdéngscht, Iran, Ligen, Mark Esper, USA, Vëlkerrecht
Next post Previous post