Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt: De Guggenheim Musée huet virun 59 Joer seng Dieren opgemaach
International Neiegkeeten

What the Fakt: De Guggenheim Musée huet virun 59 Joer seng Dieren opgemaach

Et ass ee weltwäit bekannten Gebai vum Frank Lloyd Wright

Wéi gesäit d‘Zukunft vun den Diddelenger Siderurgisten aus?
International Neiegkeeten

Wéi gesäit d‘Zukunft vun den Diddelenger Siderurgisten aus?

A gutt 14 Deeg soll feststoen, wien de Site vun

Een opschlossräichen Echange tëscht Schneider, Kersch a Carneiro
International Neiegkeeten

Een opschlossräichen Echange tëscht Schneider, Kersch a Carneiro

Bei enger Aarbechtsvisitt zu Lëtzebuerg um 11. Februar 2019 haten

USA-Iran: Eng gezéckte Waff erschwéiert den Dialog

USA-Iran: Eng gezéckte Waff erschwéiert den Dialog

Wéinst dem Dissens tëscht den USA an dem Iran ass och zu Bréissel d‘Stëmmung eppes gedréckt. Op et allerdéngs duer geet béid Säiten ze bidden sech zréckzehalen? Zumindest huet déi europäesch Kommissärin fir Aussenugeleeënheeten, Frederica Mogherini, drun erënnert datt d‘Regioun keng weider Konflikter gebrauche kann, a weist drop hin, datt Provokatiounen net hëllefräich sinn.

USA-Iran

Via Twitter hat den US-President e Sonndeg mam „offiziellen Enn vum reliéise Staat“ gedreet, sollt Teheran sech nach emol trauen den USA ze dreeën. De Grond fir dem Donald Trump säin Tweet? E Rakéitenugrëff op déi gréng Zon vu Bagdad. Wéi en Zil viséiert war a wien hannert dem Ofschoss vun der Katyusha-Rakéit stécht, dat léisst sech zur Stonn net soen. D‘USA weisen a Richtung Iran.

Teheran rhetoresch op der Héicht

An der tëscht gi weiderhin diplomatesch Frëndlechkeeten ausgetosch. Esou huet den iraneschen Ausseminister, Mohammad Javad Zarif, dem Milliardär säin Tweet als „genozidal Stéchelei“ bezeechent an bemierkt, datt et laang virun den Amerikaner scho ganz mächteg Herrscher ginn huet, déi sech sengerzäit Persien averleiwe wollten. Kengem ass et jee gelongen, dat zumindest ass Fakt.

USA-Iran

Tatsächlech kann ee sech Froen, firwat sech den Donald Trump virstellt, datt dat wat engem Alex de Groussen oder Dschinghis Khan, jo net emol dem vun den USA maximal opgerëschte Saddam Hussein war et gelongen eng Handbreet vum persesche Buedem ze erueweren. Den Ausseminister via Twitter: „Iraner hu sech a Joerdausenden Ugräifer entgéintgestallt, déi all verschwonne sinn“.

Eng „Touche“ Humor hat de Mohammad Javad Zarif dann och nach iwwreg, an huet op dem Donald Trump seng Uspillunge reagéiert andeems hie mam Hashtag „#neverthreatenaniranian“, dem US-President seng Äusserung gekontert huet. Méi verséinlech a sécherlech och den eenzege Wee nees zum Dialog ze fannen, de Rot: „Probéiert et emol mat Respekt, dat funktionéiert“

D‘Muecht vun der „politiséierter“ Relioun

Am Irak selwer schéngt de Gedanken, datt et zu engem Konflikt mat der islamescher Republik komme soll net wierklech Freed auszeléisen. Politiker a reliéis Leader fuerderen en aneren Toun am géigesäitegen Ëmgang. Esou huet den aflossräiche schiitesche geeschtlechen a Politiker Muqtada al-Sadr – deen eenzegen irakesche Leader, deen esouwuel géint den Iran wéi d‘USA gekämpft huet – wësse gelooss, datt hie géint e Krich tëscht den USA an dem Iran an deen den Irak eragezu gëtt.

USA-Iran

Hien appelléiert u seng Regierung a seng Landsleit, sech aus dësem „Sträit“ erauszehalen. Deem schléisst sech de féierende schiitesche Politiker Hadi al-Amiri un. Deen huet erkläert, datt et déi national a reliéis Verantwortung verlaangt, den Irak an déi ganz Regioun vum Krich ze befreien. Dozou sollt e wëssen, datt d‘Majoritéit vun den Iraker, grad wéi d‘Iraner, Schiite sinn, an egal aus wéi engem Bléckwénkel et Washington gesäit, déi sinn net gewëllt dem sunnitesche Saudiarabien zur Säit ze stoen…

mat indymedia/bru/was

Foto: Den iraneschen Ausseminister Mohammad Javad Zarif. © Iran Foreign Ministry

Ähnlech Sujeten Irak, Iran, Krichsgeflüster, Provokatioun, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel